Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei
https://moien.lu/who-was-halsey-dating-before-g-eazy/ Neiegkeeten

https://moien.lu/trimester-dating/

Et ass en „Hellen“ deen de Braumeeschter Mathias Mertes, mat

fundamental baptist online dating
https://moien.lu/who-was-halsey-dating-before-g-eazy/ Neiegkeeten

Mansplaining – Egal wéi qualifizéiert s du bass, de Mann huet ëmmer Recht

Als weiblechen Gamer diskutéieren ech oft Taktiken, Updates etc. Ech

Am Juli goufen zu Lëtzebuerg 38 nei Refugiéeën unerkannt
https://moien.lu/who-was-halsey-dating-before-g-eazy/ Neiegkeeten

Am Juli goufen zu Lëtzebuerg 38 nei Refugiéeën unerkannt

Vum 1. Januar op den 31. Juli vun dësem Joer

Vereenten Natiounen: „Et bleiwen nach zwee Joer fir géint de Klimawandel virzegoen!“

Vereenten Natiounen: „Et bleiwen nach zwee Joer fir géint de Klimawandel virzegoen!“

De Chef vun der UNO huet e Méindeg drop higewisen datt – ausser et wier ee bereet desastréis Konsequenzen a Kaf ze huelen – d‘Welt nach zwee Joer huet fir eppes géint de Klimawandel ze ënnerhuelen. Elo soll d‘Zivilgesellschaft vun hiren Dirigente Rechenschaft verlaangen.

„Wa mir net bis 2020 d‘Richtung änneren, da riskéiere mir (…) desastréis Konsequenze fir de Mënsch an all natierlech Systemer déi eis ënnerstëtzen“, esou den UN-Generalsekretär Antonio Guterres. Seng Ried op de Vereenten Natiounen – dräi Deeg vun engem eemolege Welt-Sommet fir d‘Klima-Aktioun, déi zu San Francisco dausende Volleksvertrieder, Buergermeeschter, Vertrieder vun ONGen an Entreprisen zesummeféiert – léisst et engem kal de Réck eroflafen.

„Et ass en Imperativ, datt d‘Zivilgesellschaft – jonker, Fraegruppen, de Privatsecteur, reliéis Communautéiten, Wëssenschaftler an ekologesch Bewegungen uechtert d‘Welt – vun de politesche Leader Rechenschaft verlaangen“, betount den Antonio Guterres. Hien huet dann och ee ganz däischtert Bild vun der Zukunft presentéiert. D‘Menacen déi d‘Liewensmëttelketten an den Zougang zu Drénkwaasser bedreeë, wiere reell, d‘Existenz selwer géif um Spill stoen.

Déi gréisst Erausfuerderung iwwerhaapt

Mir hunn d‘Welt mëssbraucht a stinn och aus dësem Grond virun der gréisster Erausfuerderung vun der Mënschheet. „De Klimawandel beweegt sech méi séier wéi mir“, esou den UN-Generalsekretär deen nach mengt: „Mir hunn d‘Instrumenter fir eis Aktiounen Effikass ze maachen, mee et feelt eis – esouguer nom Accord vu Paräis – de Leadership an d‘Ambitioun fir dat ze maachen, wat gemaach muss ginn“. An den Antonio Guterres weess dann och wat ze maache wier…

„Mir mussen ophalen eis Bëscher ofzeholzen, déi Bëscher déi futti sinn, nees hierstellen an eis Aart a Weis ze kultivéiere veränneren. Et muss nei Léisunge fonnt gi fir eis ze hëtzen, ofzekillen, an eis Gebaier ze beliichten. Mir musse manner Energie verbrauchen!“. Den Antonio Guterres erënnert och drun, datt hien am September 2019 e Klimasommet organiséiert. 12 Méint virun der Echeance déi sech d‘Signataire vum Paräisser Accord 2015 ginn hunn, fir hir Verspriechen anzeléisen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Antonio Guterres, Klimawandel, Paräisser Accord, Vereenten Natiounen, Zivilgesellschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel