Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…
Meenung WTF

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…

Zum internationale Solidaritéitsdag mam Vollek vu Palestina, den 29. November,

cool
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Meenung WTF

Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns

Haut ass de Welttourismusdag. Dëst Joer gëtt dobäi den Accent

Zero Waste Workshop: et lieft sech dach besser ouni Dreck!
Meenung WTF

Zero Waste Workshop: et lieft sech dach besser ouni Dreck!

Wéineger ass méi – eng Philosophie, déi gëschter beim Zero

surprise

Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?

E Kommentar

Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?

Wann een iwwert Politikverdrossenheet schwätz, gi gäre gewësse Léisungen ëmmer nees presentéiert. Eng vun deene Léisungen ass de Referendum. D’Iddi ass keng domm, well esou kann een d’Wieler direkt uschwätzen a se mat engem Thema konfrontéieren. Hier Participatioun ass deen Ament erwënscht, an et fënnt en Debat statt. Alles wënschenswäert Eegenschaften! Mee et muss een sech froen, wéini e Referendum da Sënn mécht, a wéini net.

Grad do läit d’Kromm an der Heck, wann et ëm d’Verfassungsreform geet, déi iergendwann eng Kéier komme soll. Déi soll duerch e Referendum ofgeseent ginn. Mee do ginn et awer Politiker, déi dat kritesch gesinn. Well et ass kloer: Eng grouss Verfassungsrevisioun, dat betrëfft net e puer Kärpunkten. Nee, do ginn et ganz vill Upassungen. An et gëtt gefaart, datt esou eng Reform an engem Referendum géing duerchfale, well jiddereen un engem Punkt eppes auszesetzen hätt. D’Zuel vun de Leit, déi mat al Ännerung zu 100% d’Accord sinn dierft, si mer eis éierlech, iwwerschaubar sinn.

Engem Referendum kënnt een ënnert Ëmstänn awer net aus dem Wee

D’Alternativ ass och keng Flott. Déi nächst Regierung kann eng Verfassungsrevisioun virleeën a sech da beméien, eng 2/3 Majoritéit an der Chamber zesummen ze kréien. Do ass virauszegesinn, datt d’Oppositiounsparteie musse matspillen. Souguer wann dat de Fall ass, kënne 25.000 agedroe Wieler dofir suergen, datt et awer zu engem Referendum kënnt, déi den zweeten obligatoresche Vote dräi Méint nom éischten ersetzt. Kuerz, der Fro vum Referendum kann een net esou einfach entgoen.

All dëst virausgeschéckt sollt kloer sinn, datt esou e Referendum besser preparéiert muss sinn, wéi dat, wat mer 2015 erlieft hunn. D’Informatiounscampagne huet a mengen An ze wënschen iwwreg gelooss – egal op offline oder online! Et misst een sech awer och froen, op een net, am Geescht vun 2015, sollt higoen, an eenzel kriddeleg Punkte schonn am viraus per Referendum klären. Eng aner Fro déi sech stellt ass, op d’Debatten- an Diskussiounskultur zu Lëtzebuerg en neit Referendum zou léisst.

Well d’gesellschaftlech Spléckung, déi op mannst deelweis aus dem leschte Referendum ervir gaangen ass, ka fir eis Gesellschaft net gutt sinn. Si huet Extremismen accentuéiert an ënnert anerem de Rietsextremen op d’Spréng gehollef. A genau dat muss ee bei den nächste Referenden onbedéngt an de Grëff kréien. Well Populiste sinn a bleiwen eng Gefor fir eis Demokratie, virun allem well se mat de sozialen Netzwierker esou e liicht Spill hunn. Op sech dat mat enger ëmfaassender an uerdentlech gefouerter Informatiounscampagne ëmgoe léisst, bleift do am Moment nach op.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel