Search

You may also like

GayMat: Zesumme si mer méi staark
Neiegkeeten

GayMat: Zesumme si mer méi staark

Fir déi 18. Editioun vun GayMat an déi fënneft „Marche

Message vum Groussherzog Henri: „Et sinn am Fong kleng Gesten, déi Grousses kënne bewierken“
Neiegkeeten

Message vum Groussherzog Henri: „Et sinn am Fong kleng Gesten, déi Grousses kënne bewierken“

Léif Matbierger, An dëse schwieregen Zäiten ass et mir wichteg,

money
Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen
Neiegkeeten

Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen

Um Freideg huet de Finanzminister Pierre Gramegna bedauert, datt d‘EU-Kommissioun

Verfassungsreform: Alt nees eng Phas zum Ofschloss bruecht

Verfassungsreform: Alt nees eng Phas zum Ofschloss bruecht

Um Dënschdeg hunn d‘Membere vum Ausschuss zur Revisioun vun der Verfassung, den zweeten Deel (vun am Ganze véier) vun hiren Aarbechten ofgeschloss. D‘Proposen zur Modifikatioun vun der Verfassung, déi vum Co-Rapporter Mars di Bartolomeo (LSAP) redigéiert gouf, kann elo un de Staatsrot weidergeleet ginn, deen da säin Avis zum Ganze soll zäitno ofginn. Esou emol de Plang.

Wat elo dem Sozialist seng Propose ugeet, esou bezitt déi sech virrangeg op d‘Kapitelen, déi sech op d‘Organisatioun vum Staat, den Territoire, d‘Bierger, d‘Gemengen, de Regierungschef, déi konstitutionell Monarchie, d‘Regierung an d‘Bezéiung tëscht dem Staat an de Relioune beruffen. D‘Gesetzespropositioun sollt Mëtt November an der Chamber dem Debat zougefouert ginn.

Laut dem Mars di Bartolomeo, géif dëse reviséierten Text kee brutale Broch mat der aktueller, nach ëmmer gülteger Verfassung bedeiten. Villméi géif et zu méi Kohärenz kommen, well Dispositioune regroupéiert ginn, den Text selwer méi „modern“ wier a Formuléierungen, déi net méi an Aklang mat engem modernen demokratesche Staat sinn, schlicht an ergräifend gestrach konnte ginn.

Beim Vott am Ausschuss, hunn sech déi lénk enthalen (den Deputéierte Marc Baum war net do) an d‘ADR, vertruede vum Fernand Kartheiser huet dergéint gestëmmt. E gudde Grond sech de grousse Verännerungen eppes méi geziilt unzehuelen. Wat sech géintiwwer der Verfassung vun 1868 ännert:

  • Déi Lëtzebuerger Sprooch an d‘Méisproochegkeet gi verankert;
  • de Lëtzebuerger Fändel, d‘Wope vum Staat esou wéi d‘Nationalhymn och;
  • d‘Adhesioun zum europäeschen Integratiounsprozess;
  • d‘Stad Lëtzebuerg als Sëtzt vun de konstitutionellen Institutiounen;
  • et gëtt keng Mindestunzuel u Minister festgeluecht, dofir soll d‘Funktioun vum Premier, mat der Bezeechnung „Primus inter pares“ (den éischten ënner Gläichgesënnten) verankert ginn. Wat un enger laténgescher Riedewendung modern ass, bleift dem Rapporter säi Geheimnis;
  • d‘Organisatioun vum Gouvernement soll d‘Saach vun der Regierung sinn, aktuell wier dat nach dem Groussherzog seng Missioun.

Och dem Groussherzog – an domadder eigentlech der gesamter Monarchie – seng Roll gouf op de Leescht geholl. De soll och weiderhin zu Marketingszwecker agesat ginn, mee fir de Recht ginn eng ganz Rei „Privilegien“ ad acta geluecht:

  • Esou dierf de Groussherzog keen eegent Geld méi hierstellen;
  • seng Funktioun ass streng symbolesch a protokollaresch, an déi politesch Verantwortung fir d‘Aktioune vum Groussherzog, gëtt vun de Regierungsmemberen assuréiert;
  • entspriechend dem Rapport Waringo soll der Administratioun vum Haff de Statut vun der juristescher Persoun zougestane ginn. Et bleift dem Groussherzog iwwerlooss, seng Verwaltung ze organiséieren, mee dat ënnert der Berécksiichtegung vum ëffentlechen Interessi;
  • et kënnt en zousätzleche Passage derbäi, deen am Detail den Ensembel vun de Froen am Bezuch op den Accès zur Funktioun als Groussherzog a villen aneren Detailler kläert…

Well dann och elo net dovunner auszegoen ass, datt dëse Volet vun der Chamber sollt verworf ginn, kann am November déi drëtt Phas vun der Verfassungsreform ageleet ginn. Heit geet et dann ëm déi Kapitele wou sech mat der Chamber an dem Staatsrot befaassen. D‘Koordinatioun vun dëser drëtter Phas läit an den Hänn vum Deputéierte Charles Margue (déi gréng). Ob d‘Volleksvertrieder et dann elo hikréien, alles bis Enn vun dëser Legislaturperiod ofzeschléissen? Si hoffen dat emol…

Illustratioun: © Lloyd Blunk / unsplash

Related topics Groussherzog Henri, Mars di Bartolomeo, Regierung, Verfassung, Verfassungsreform
Next post Previous post