Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Oldtimer: 1. Grand-Prix vu Beetebuerg
another word for dating a girl alt right dating uk

what is radiometric dating methods

De 15. Juni 2019 ass groussen Treff beim Beetebuerger Schlass

dating rules streaming
another word for dating a girl alt right dating uk

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un

Si hu geziddert, geléiert a geschweesst. A vir déi meescht

Déi lénk verwieren sech dem Fräihandelsaccord mat Japan
another word for dating a girl alt right dating uk

Déi lénk verwieren sech dem Fräihandelsaccord mat Japan

De 17. Juli ass tëscht Japan an der EU de

Verfassungsreform: CSV nees ëmgekippt!

Verfassungsreform: CSV nees ëmgekippt!

Uganks Juli hat sech d‘CSV iwwerraschenderweis queesch gestallt an déi grondleeënd Reform vun der Verfassung domatter blockéiert. Déi chrëschtlech-sozial haten eng méi staark Abannung vun de Wieler gefuerdert, wat mir als ADR begréisst hunn. Och well et schonn ëmmer eis Fuerderung war, datt d‘Politik d‘Resultat vun engem Referendum respektéiere muss, an d‘Leit net iwwert ee parteipolitesche Kouhandel mussen ofstëmmen.

Genee an déi aner Richtung geet elo den Accord, deen d‘CSV elo mat de Gambia-Parteie getraff huet. Wichteg Punkte wéi de Wahlsystem a méi prezis d‘Wahlbezierker an och de Cumul vu politesche Mandater, ginn elo vun der Diskussioun iwwert d‘Verfassungsreform ausgeschloss. Dat natierlech, well et sech heibäi ëm Punkten handelt, déi fir d‘CSV kënnen negativ sinn. D‘CSV ass also kloer ëmgefall a mécht genee de Contraire vun deem, wat si am Juli mat vill Tam Tam verlaangt huet.

D‘CSV ass elo nämlech awer erëm domadder averstanen, datt d‘Leit nëmmen iwwert ee Gesamt-Text deen aus engem politesche Kouhandel besteet, ofstëmme kënnen. Deemno kënnen d‘Leit am Land iwwert déi virdru genannte Punkten iwwerhaapt net ofstëmmen.

D‘ADR bleift hirer initialer Fuerderung, datt d‘Wieler via Referendum iwwer wichteg punktuell Fro vun der Verfassung ofstëmme mussen, sou datt d‘Referendumsresultat dem Wëlle vum Lëtzebuerger Vollek entsprécht an dann an déi national Verfassung kann integréiert ginn.

Matgedeelt vun der ADR. D‘Meenung vun de Parteie sinn hir eegen.

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten adr, CSV, Politik, Referendum, Verfassungsreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel