Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vu Gott an der Welt vergiess?
Neiegkeeten

Vu Gott an der Welt vergiess?

Tschetschenien, dat héiert sech un wéi wann et wäit genuch

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“
Neiegkeeten

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“

Sonndeg de Mueren 10:00 Auer: Den Auditoire am Tramsschapp um

Keen „Eewee-Plastik“ zu Lëtzebuerg bis 2020
Neiegkeeten

Keen „Eewee-Plastik“ zu Lëtzebuerg bis 2020

Si gesinn sech als Partner: den Ëmweltministère an „Inspiring More

Fir eng Verfassungsreform ouni de Bierger

Fir eng Verfassungsreform ouni de Bierger

Gëschter huet nees déi parlamentaresch Kommissioun vun den Institutiounen an der Verfassung siegéiert, fir weider un der Revisioun vum Verfassungstext ze schrauwen. De Co-Rapporter Léon Gloden vun der CSV huet dann och en éischten Text virgeluecht, an deem d‘Iddien aus der Lëscht mat 31 Punkten zum Kapitel „Justiz“ integréiert goufen.

Dësen Text soll, esou zumindest d‘Informatioun, d‘Zoustëmmung vun deenen aneren an der Kommissioun vertruedene Parteien erhalen hunn. Elo muss den CSV-Deputéierten eng Propose zur Revisioun vun der Verfassung ausschaffen. Et bleift ausgeschloss, datt dozou d‘Bierger am Kader vun engem Referendum, esou eppes wéi ee Matsproocherecht zougestane kréien.

Ufank Dezember haten sech d‘Memberen op déi Lëscht mat den 31 Punkte verstännegt, op déi sech déi véier grouss Parteien (CSV, déi gréng, DP, LSAP) gëeenegt haten. Et war hei och der Usiicht, datt ee mat der Justiz sollt ufänken, well et hei anscheinend esou eppes wéi eng Urgence gëtt. Gëtt et zwar net, well et deene meeschten hanne laanscht geet, mee Aktivismus ass ëmmer gutt.

Woubäi et schonn eng gutt Saach ass, datt sech iwwert d‘Schafung vun engem nationale Justiz-Rot Gedanke gemaach gëtt an och iwwert de Statut vun de Magistrate wëll nogeduecht ginn. Déi an de Kommissioun vertruede Volleksvertrieder hunn sech och nach emol iwwert d‘Konture vum Audit zur Gewaltentrennung ënnerhalen, mat enger besonnescher Opmierksamkeet fir de Volet „Justiz“.

Elo sollen dann och auslännesch an national Experten sech zum Thema äusseren, an et ass esouguer rieds gaangen eppes wéi ee Froekatalog ze erstellen, en Austausch mat de Leit vum Fach ze hunn a firwat net, déi dorausser resultéierend Conclusiounen an enger ëffentlecher Sëtzung virzestellen. Et ass awer u sech onerhieflech, vu datt entscheet ginn ass de Bierger vun der Reform auszeschléissen.

Interessant dogéint dem Alex Bodry – deen Nach esoulaang dës Kommissioun presidéiert bis hie seng verdéngten Altersdeelzäit am Staatsrot untrëtt – seng Informatioun, datt d‘Chamber aner national Parlamenter kontaktéiert huet fir där hir Prozedure kennen ze léieren. Zil dovunner ass et besser ze verstoe wéi déi politesch Engagementer op internationalem Niveau gehandhaabt ginn.

Illustratioun: Werner Redlich / Pixabay

Ähnlech Sujeten Alex Bodry, Chamber, Kommissiun, Léon Gloden, Verfassungsreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel