Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Léieren an der Hëtzt: De Claude Meisch zur Schoulsituatioun
International Neiegkeeten

Léieren an der Hëtzt: De Claude Meisch zur Schoulsituatioun

Duerch d’Hëtztwell, déi dës Woch erwaart gëtt, huet den Eudcatiounsminister

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn
International Neiegkeeten

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn

Den 13. Abrëll hat de Stolgigant ArcelorMittal bekannt ginn, datt

Den Neil Young mécht der Welt seng Archiven op
International Neiegkeeten

Den Neil Young mécht der Welt seng Archiven op

De legendäre „Folk-Rocker“ aus Kanada, den Neil Young huet seng

Verfassungsreform a Russland ass duerch

110 Millioune ware Wahlberechtegt an theoretesch kéint de Vladimir Putin elo bis 2036 am Amt bleiwen

Verfassungsreform a Russland ass duerch

Ganzer siwen Deeg huet d‘Ofstëmmung vun der Verfassungsreform gedauert a laut der Cheffin vun der zentraler Wahlkommissioun, Ella Pamfilowa, hätt dës Wahl gewisen, datt d‘leit sech fir hiert Land interesséieren. D‘Wahlbedeelegung hätt bei 65% geleeën, woubäi déi endgülteg Zuelen nach net virleien.

Déi russesch Reform vum Grondgesetz, déi international ëmstridden ass, ass gëschter Owend um 20 Auer an der russescher Enklav Kaliningrad op en Enn gaangen. D‘Resultat entsprécht méi oder wéineger de Prognose vum stattleche Wziom-Institut. Onofhängeg Meenungsfuerscher hate keng esou eng däitlech „Victoire“ virausgesot. Plazeweis hat et och friddlech Protester ginn.

RusslandAus dem Inneministère ginn eng 800 Tëschefäll bei der Ofstëmmung gemellt. Et wiere awer keng Verstéiss, déi d‘Resultat beaflosse kéinten. Och d‘Observateure vun der onofhängeger ONG Golos, huet vun honnerte Verstéiss geschwat. Si mellen, datt Leit zur Wahl gedrängt an d‘Wahlgeheimnis plazeweis net respektéiert gi wier. Zudeem behaapt Golos, datt vill Leit ëfters „gewielt“ hätten.

Fir de Kremlkritiker Alexej Nawalny ass et en Affront, datt d‘Wahlkommissioun nach wärend der lafender Wahl éischt Resultater verëffentlecht huet. Op Twitter huet den Nawalny geschriwwen: „Si weisen domadder datt si op d‘Gesetz späizen. Hir Plaz ass op der Uklobänk“. Et ass richteg datt d‘Resultater aus dem Osten, no der Auszielung public gemaach goufen.

Brout a Spiller

De Vitalij Awerin vu Golos, huet kritiséiert datt d‘Verfare fir den Oftstëmmungsprozess „speziell fir dës Verfassungsreform erfonnt gouf“, dësen awer esou net am Grondgesetz virgesinn ass. D‘Ella Pamfilowa hält dergéint a weist drop hin, datt déi „Flexibilitéit“ éischter en Zeeche vu maximaler Transparenz ass, bestreit awer net, datt esou eppes bei Wahlen oder Referenden ondenkbar wier.

Russland

De russesche President Vladimir Putin um Wee zu sengem Wahlbüro an der russescher Akademie vun de Wëssenschaften. © Presidential Executive Office

Ugefaangen huet d‘Ofstëmmung zur Verfassungsreform scho leschten Donneschdeg. Wéinst der Covid19-Pandemie, war déi ganz Prozedur op méi Deeg geluecht ginn, fir datt och jiddereen Zäit fanne konnt seng Stëmm ofzeginn. Zu Moskau an Nischni Nowgorod konnten d‘Russen esouguer online hir Stëmm ofginn. Mee et ass och soss vill Ënnerholl ginn, d‘Leit ze bedeelegen.

Esou hu Mataarbechter vun der Wahlkommissioun och d‘Leit doheem opgesicht. Et huet esouguer Gewënnspiller ginn, mat deenen d‘Bierger animéiert goufen, un der Ofstëmmung deelzehuelen. Dat alles fir ze garantéieren, datt déi ronn 170 Amendementer och tatsächlech nëmme mat der Zoustëmmung vum Vollek, géifen ëmgesat ginn. Woubäi formal war längst alles ofgekläert…

mat indymedia/mow

Opmaacherfoto: © Duma

Annex: Déi russesch Verfassung (op däitsch)

Ähnlech Sujeten Russland, Verfassung, Verfassungsreform, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel