Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Mouvement Ecologique zum Bettel senger Ried!
International Neiegkeeten

De Mouvement Ecologique zum Bettel senger Ried!

De Mouvement Ecologique begréisst ausdrécklech, datt de Premier Xavier Bettel

Fërdert de Staat implizit d’Schwaarzaarbecht bei den Studentenjobs?
International Neiegkeeten

Fërdert de Staat implizit d’Schwaarzaarbecht bei den Studentenjobs?

Dat behaapt mol op mannst d’Piratepartei an hirer Pressematdeelung vu

Bréissel: De François Bausch an d’NATO
International Neiegkeeten

Bréissel: De François Bausch an d’NATO

Eise Verdeedegungsminister François Bausch huet déi vergaange Woch un der

Eng Verfassungsreform fir Russland

Mat der éischter Liesung vun den am Parlament abruechte Virschléi, huet de Vladimir Putin den Antrëtt an eng nei Ära ugestouss

Eng Verfassungsreform fir Russland

Dee vum russesche President virgeluechten Entworf ass mat enger däitlecher Majoritéit vun de Stëmmen ugeholl ginn. An der neier Verfassung gëtt ënnert anerem festgehalen, datt de Staatsrot gesetzlech verankert an d‘Amtszäit vum President op zwee Mandater vu sechs Joer begrenzt gëtt.

Alles an allem sinn iwwer 40 Amendementer an 22 Artikele virgesinn. Eng ganz Rëtsch u Gesetzer mussen an der Folleg geännert oder ganz nei verfaasst ginn. Dës Verfassung, déi ënnert dem Boris Jelzin 1993 ëmgesat gouf, gëtt deraart drastesch Reforméiert, datt déi ausserparlamentaresch Oppositioun dem Vladimir Putin ënnerstellt, sech dauerhaft d‘Mandat vum President séchere wëll.

Esou war an der Kreml kritescher Zeitung „Nowaja Gaseta“ ze liesen, datt d‘Verfassung, an domat d‘Fundament vun der Federatioun zerstéckelt an d‘Muecht vum President weider ausgebaut géif. An och déi omnipresent Experte sinn der Usiicht, datt sech de Vladimir Putin, mat dëser Reform säi Mandat iwwert d‘Joer 2024 eraus weider ausübe wëll. Déi aktuell Verfassung léisst dat net zou.

Woubäi jo awer no der Reform nëmmen nach zwou Mandatsperioden zoulässeg sinn. Bis ewell war et méiglech, nom aussetze vun enger Mandatsperiod, nees fir d‘Amt vum President ze kandidéieren. Elo gëtt hei spekuléiert, datt de Vladimir Putin no der Verfassungsreform, sech nach emol fir d‘Amt vum President zur Verfügung stelle kéint. Dat ass sécherlech net emol onwahrscheinlech…

Iwwerwältegend Majoritéit

An der Duma, no der Liesung duerch de President héchstperséinlech, hunn déi uwiesend 432 Deputéiert (bei voller Besetzung sinn se zu 450) de Verfassungsännerungen zougestëmmt. Déi zweet Liesung soll den 11. Februar stattfannen. Bei dëser Sëtzung soll dann och iwwer déi vun den Deputéierten abruechten Amendementer berode ginn. Déi 2. Liesung gëllt als „entscheedend“.

Russland

Keng Géigestëmm a keng Enthalung. Domadder ass d‘Verfassungsännerung déi de Vladimir Putin ustrieft, um allerbeschte Wee. Vun engem Referendum, respektiv enger Biergerconsultatioun ass allerdéngs näischt méi ze héieren. © Nataliya Vasilyeva (via Twitter)

Eigentlech gëtt et och nach eng Drëtt, dat ass allerdéngs éischter eng Formalitéit. E weidere Punkt an der Reform deen d‘Kritiker ervirgehuewen hunn: d‘Zuel vun de Verfassungsriichter soll vun 19 op 11 erofgesat ginn. Dat géif d‘Roll vun de Geriichter a Russland weider schwächen, während den Afloss vum President op d‘Verfassungsriichter weider gestäerkt gëtt.

Interessant och de Passus an der Reform, mat deem festgeluecht gëtt, datt Uerteeler vun den internationalen Instanzen (Den Haag, Stroossbuerg, asw.) net méi ëmgesat ginn, wann déi der russescher Verfassung widderspriechen. Dëse Volet gouf erstaunlecherweis net – zumindest offensichtlech – vun der ausserparlamentarescher Oppositioun a Fro gestallt.

Ganz am Sënn vum Vollek

Nieft dem Parlament beschäftegt sech och en Aarbechtsgrupp, bestoend aus 75 Vertrieder vun der Zivilgesellschaft, mat Ännerungsvirschléi. Observateure bemängelen, datt ënnert de Kënschtler, Sportler, a Kosmonaute kaum juristesch verséiert Experte sinn, déi sech mat Verfassungsrecht géifen auskennen. Woubäi net bestätegt ka ginn, datt déi Deputéiert iwwer méi Wësse verfügen.

RusslandGewosst ass allerdéngs och, datt sech vill Russen de Vladimir Putin weider als President wënschen. Si verbanne mat him politesch a wirtschaftlech Stabilitéit an den Ament kéint een och net direkt soe wien dem amtéierende President sollt de Bass halen. Hien huet de Leit eng Verbesserung vun de Liewensstandarde versprach an ass duerchaus an der Lag wirtschaftlech Akzenter ze setzen.

Dat alles kléngt dann och wéi wann d‘Verfassungsännerung en „demokratesche Prozess“ wier, mee et muss een zuweilen tëscht den Zeile liesen an sech och d‘Ofstëmmungsverhalen an der Duma eppes méi genee ukucken. Vill Froe stinn op an de Vladimir hat annoncéiert, datt d‘Russen och hir Pefferkär sollte bäidroe kënnen. Wéi et dann zur Unanimitéit bei der 1. Liesung komme konnt?

Hannert dem Rideau

Hei ass dann de Punkt erreecht, wou e gewëllt ass, der ausserparlamentarescher Oppositioun an hirer Kritik follegen ze kënnen. Et mécht zimlech däitlech, datt ausser dem Putin sengem enksten Ëmfeld, kaum ee Russ versteet, wéi en Zweck mat der Ëmstrukturéierung vun de Muechtverhältnisser erfëllt soll ginn. Dofir ass ersiichtlech, datt et hei net zum Referendum kënnt.

Russland

E seelent Bild vum russesche President Vladimir Putin. Hie verkierpert wéi kaum en aneren dat russescht Weltbild an d‘Russe sinn duerchaus zefridde mat senger Politik. © President of Russia

Zumindest léisst näischt erkennen, datt elo wou d‘Duma an der éischter Liesung dem Entworf zougestëmmt huet, d‘Vollek nach emol – ganz onverbindlech – sollt consultéiert ginn. Dat ass och dem Fait geschëlt, datt sech d‘Parlamentarier net de Bierger géinteniwwer an der Verantwortung gesinn. Bezeechnend dofir, d‘Resultat vun der Ofstëmmung (96%) inklusiv „Standing Ovation“.

Och déi zäitlech enk gestréckten Agenda vum Vladimir Putin, kann et de Bierger net erméiglecht hunn sech mat dëser Verfassungsreform ze beschäftegen. Wuel hu sech vill Politologen a Juristen zu de Verfassungsännerunge geäussert, dat allerdéngs an enger vill Russen onverständlecher Sprooch, firwat een déi net als eng grouss Hëllef bezeechne kann. Bleift oppen, ob dat demokratesch ass…

mat indymedia/mow/lon

Foto: Am Kreml huet ee Mann d‘Soen, an dat fannen déi meescht Russe gutt. (Pixabay)

Ähnlech Sujeten Duma, Reformen, Russland, Verfassungsreform, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel