Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

An der EU kruten 2017 méi wéi eng hallef Millioun Demandeuren de Statut vum Asylant
Neiegkeeten

An der EU kruten 2017 méi wéi eng hallef Millioun Demandeuren de Statut vum Asylant

Nodeems viru kuerzem d’Zuele bei den Demande fir Asyl fir

Indien kritt nach ëmmer keng Loft
Neiegkeeten

Indien kritt nach ëmmer keng Loft

Säit enger Woch kann een zu New Dehli kaum ootmen.

Escher Jugendherberg begréisst seng éischt Gäscht
Neiegkeeten

Escher Jugendherberg begréisst seng éischt Gäscht

Säit enger Woch huet op der Escher Gare déi nei

Verhidde gëtt fir d‘Dammen eppes méi bëlleg

Verhidde gëtt fir d‘Dammen eppes méi bëlleg

Mat hirer Ënnerschrëft ënnert eng Konventioun, hunn d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP), de Sozialversécherungsminister Romain Schneider (LSAP) an de President vun der Gesondheetskeess Paul Schmit, e neit Kapitel an der Prise en Charge an der Accessibilitéit zur weiblecher Verhiddung opgeschloen.

Vum 1. August un, gëtt den Alter fir de Remboursement (80%) fir Verhiddungsmëttel vun elo 25 Joer op 29 Joer gehuewen. D‘Altersbegrenzung op 25 Joer war 2012 agefouert ginn, bis dohinner war e Remboursement net virgesinn. Elo also kënnen sech all d‘Fraen déi affiliéiert sinn, bis zum 30. Gebuertsdag hir Contraceptioun rembourséiere loossen. Dobäi ass et egal op et sech ëm déi sougenannte „Pëll“, e Patch oder de vaginale Rank handelt.

Nei ass dann och, datt d‘Mesure op d‘Spiral ugewannt gëtt, déi bis ewell net vum nationale Verhiddungsprogramm couvréiert gouf. Hei gëtt et e Forfait pro Dispositif, dee bis zu 80% vun de Käschten, plafonnéiert op 75 Euro, dréit. Fir d‘Ministesch ass dës Konventioun en grousse Fortschrëtt fir déi affektiv a sexuell Gesondheet vun de Fraen. D‘Mesure dréit dann och de gesellschaftleche Realitéite Rechnung, a begleet d‘Moderniséierung vun eisem Gesondheetssystem.

Ähnlech Sujeten Contraceptioun, Gesondheetskeess, Gesondheetsministère, Lydia Mutsch, Romain Schneider, Verhidden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel