Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Wielen heescht sech selwer fannen
Neiegkeeten

Editorial: Wielen heescht sech selwer fannen

Okay, den Titel ass elo e bëssche Philosophesch. E bréngt

ENAD: Hei muss eppes richteg gestallt ginn!
Neiegkeeten

ENAD: Hei muss eppes richteg gestallt ginn!

Den Artikel „Ein Rücktritt und viele Fragen“ (21. Dezember) vun

Dës Serie bréngt 90er Joren erëm – awer mat Stil!
Neiegkeeten

Dës Serie bréngt 90er Joren erëm – awer mat Stil!

Netflix mécht säi Porftolio u Serien ëmmer méi breet an

Verkéiersaccidenter a scheinbar inexistentem Mënscheverstand

Verkéiersaccidenter a scheinbar inexistentem Mënscheverstand

D’Kombinatioun aus guddem Wieder a méi lockere Moossnamen zur Andämmung vun der Pandemie suergt dofir, datt nees richteg Gewibbels op der Strooss herrscht. Vun engem Topert, deen trotz Fuerverbuet mam Auto ënnerwee war, iwwert Alkohol um Steier bis hin zu schwéieren Accidenter ass de Rapport vun der Police – leider – gutt gefëllt.

Ugefaange mam déidleche Motorradsaccident um Samschdeg Nomëtteg: Géint 15:30 Auer ass et zu Uewerkäerjeng zu engem uergen Accident komm. Éischten Erkenntnisser no soll de Motorradsfuerer d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer hunn, ier hien mat engem Stroosseschëld kollidéiert ass. Uschléissend gouf hie géint ee stationéierten Auto geschleidert.

Den 41 järege Mann vu Käerjeng gouf schwéier blesséiert an d’Spidol bruecht. Kuerz Zäit méi spéit ass hien u senge Blessure verscheet. Wien de Virfall gesinn huet, soll sech bei der Police vun Déifferdeng mellen (Tel.: 244 53 1000, police.differdange@police.etat.lu).

Wéi wann een ellenen Accident nach net genuch wier koum et um selwechten Dag am Nomëtteg och zu Réiden zu engem Zesummestouss tëscht Auto a Bus. Eng Fra soll hei ee Stopp-Schëld iwwersinn hunn, ass ugefuer a kollidéiert. Schwéier blesséiert ass si an d’Spidol bruecht ginn.

Op Uerder vum Parquet ass d’Police Technique beoptraagt ginn, sech mat den Ënnersichungen ze befaassen. Béid Gefierer goufe beschlagnaamt.

Gesonde Mënscheverstand ass scheinbar net present

Gëschter Moien géint 6:00 Auer huet d’Police um Boulevard J.-F. Kennedy zu Esch-Uelzecht ee Chauffeur erausgezunn, deen d’Spuer net riicht hale konnt. Et kann ee sech et schonn denken: Et war Alkohol am Spill. De Begladderte krut de Führerschäin op der Plaz ewech geholl. Dobäi kënnt, datt hien ouni Versécherung ënnerwee war, wouduerch op de Chauffeur nach eng Plainte waart.

Géint 3:00 Auer goung et engem Chauffeur an der Rue de Hollerich an der Stad ähnlech. Och dës Persoun hat groussen Duuscht an duerft de Beamten den Führerschäin iwwerloossen.

Ähnlech domm war ee Mann zu Péiteng, deen net nëmmen net-ugestreckt ronderëm gefuer ass, mee eigentlech iwwerhaapt net selwer fueren dierft. Bei der Kontroll hunn d’Polizisten bemierkt, datt hien engem Fuerverbuet ënnerläit. Op Uerder vum Parquet gouf eng Plainte géint de Mann gemaach.

Opmaacherbild: © Alejo Reinoso / Unsplash

Nächsten Artikel Virrechten Artikel