Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Persounen aus Montenegro a Serbien dierfen net méi areesen
Neiegkeeten

Persounen aus Montenegro a Serbien dierfen net méi areesen

D’Lëscht un Drëttstaaten, deenen hire Residenten et erlaabt ass a

Schonn déi 25. Editioun vum „Luxembourg Beach Open“
Neiegkeeten

Schonn déi 25. Editioun vum „Luxembourg Beach Open“

Ob sech d‘Jongen an d‘Meedercher, déi viru gutt engem Véierelsjoerhonnert

money
Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden
Neiegkeeten

Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden

Déi kooperativ Bank Raiffeisen ass wuel kee Ris op der

Eng noutwenneg Reaktioun op de Verkéierschaos zu Walfer

Eng noutwenneg Reaktioun op de Verkéierschaos zu Walfer

Zanter dësem Méindeg ass zu Walfer Verkéierschaos well d’Stroossen (CR125 an CR126) tëschent Helsem an dem Stafelter gespaart sinn. Dës Streck gëtt an der Woch an der Moyenne vun iwwer 6.000 Gefierer benotzt, déi elo am Uelzechtdall festsëtzen oder net méi aus dem Osten erof op Walfer kommen.

D’DP an d’LSAP vu Walfer erënneren drun, datt op der Informatiounsversammlung vum 31. Mee 2017 vum deemolege Schäfferot – zesumme mat de Ponts et Chaussées – annoncéiert an decidéiert gi war, datt während der ganzer Zäit vum Chantier wäerten Deviatiounen ageriicht ginn, justement fir datt et net zu engem Verkéierschaos kënnt, wéi dat momentan de Fall ass.

De fréiere Schäfferot ass enttäuscht, datt déi nei Majoritéit vu CSV/Déi Gréng sech net un dëst Verspriechen hält, dat hir Virgänger de Bierger gemaach hunn. D’DP an d’LSAP vu Walfer sinn erstaunt, datt den neie Schäfferot et net fir wichteg gehalen huet, weder de Gemengerot nach hir Bierger mat Zäiten iwwert dës Ofspärung z’informéieren.

Esouguer am Informatiounsflyer iwwert de Chantier vum PN17 (Suppressioun vun der Barrière) vun der leschter Woch stoung näischt iwwert d’Ofspäre vun der Streck op de Stafelter. Och den Informatiounssystem „ALARM TILT“ wier en ideaalt Mëttel gewiescht, fir d’Bierger iwwert dës spontan Spärung z’informéieren.

D’DP an d’LSAP vu Walfer ruffen den neie Schäfferot duerzou op, dës Strooss erëm sou séier wéi méiglech opzemaachen. E Verkéierschaos bis Mäerz 2019 ass net am Interessi vun de Walfer Bierger, deenen hir Liewensqualitéit scho genuch ënner aner Chantiere leide muss. Eng weider gespaarte Strooss kënne mir eis momentan zu Walfer net leeschten!

Matgedeelt vum Joëlle Elvinger, Presidentin DP Walfer an Alain Weins, President LSAP Walfer.

Alle béid sinn se Member vum Walfer Gemengerot

Ähnlech Sujeten Alain Weins, Joëlle Elvinger, Strooss gespaart, Verkéirschaos, Walfer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel