Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis
Neiegkeeten

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis

Bei der Demonstratioun fir de Klima, där sech gewaltbereet Anarchisten

E Kaméil an der Wüst
Neiegkeeten

E Kaméil an der Wüst

Am US-Representantenhaus hu mëttlerweil net méi eleng d‘Demokraten es mat

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!
Neiegkeeten

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!

Wéi all Joer gëtt nees den ëffentlechen Transport fir Silvester

Wéinst dem Verkéiersreglement gouf et kuerzzäiteg Zoff am Escher Gemengerot

Wéinst dem Verkéiersreglement gouf et kuerzzäiteg Zoff am Escher Gemengerot

Et vergeet a grousse Gemenge kaum eng Rotssëtzung ouni datt divers temporär Verkéiersreglementer musse gestëmmt ginn. Dat huet oft mat Chantieren oder punktuellen Evenementer ze dinn. An de Medien taucht dee Punkt seelen op, zu Esch-Uelzecht war et um Freideg awer en Thema deen zu enger hëtzeger Diskussioun gefouert huet.

Déi ordinär Sëtzung vum Escher Gemengerot hat um Freideg wéi gewinnt ugefaangen, a e Bléck op d‘Dagesuerdnung, huet eng roueg Sëtzung versprach. Et sollt anescht kommen, an dat huet dann och scho bei der Entscheedung zur (Ëm)Benennung vu verschiddene Stroossen ugefaangen. Hei dann elo d‘Héich- an Déifpunkte vun enger Sëtzung déi een esou net erwaart huet.

Vu Stroossen a Plazen

De Verkéiersschäffe Martin Kox (déi gréng) huet matgedeelt, datt d‘Plaz an de Boulevard Winston Churchill „fusionéieren“ an elo an Winston Churchill Strooss ëmbenannt ginn. Hei hätt et esouwuel um administrativen, wéi och um operationellem Niveau Konfusioune ginn. Wéi eng Ambulanz bei engem Asaz „Schwieregkeeten“ krut fir de Patient ze fannen, huet eng Léisung misse fonnt ginn.

Wëll d‘Bezeechnung: „Rue Nelson Mandela anc. Rue des Boers“ einfach net wollt op d‘Stroosseschëld passen, an et u sech och Sënn mécht, heescht d‘Strooss elo nëmmen nach „Nelson Mandela Strooss“. D‘Strooss déi vum Rondpoint hannert der Uni, laanscht d‘Killweiere vun der ArcelorMittal zum Rondpoint Raemerech, féiert, gëtt zur Rue de l‘Arbed.

Op Belval huet déi grouss Plaz hannert der Avenue vun den Héichiewen elo och e Numm „Ënnert den Héichiewen“. D‘Avenue „de la Fonte“ gëtt gekierzt a gedeelt: aus der Avenue gëtt eng „Rue“ an „d‘Porte des Sciences“ dofir ëm den Eck verlängert. Dës Bezeechnunge sinn eestëmmeg ugeholl ginn, a wann d‘Kaarten zäitno ugepasst ginn, spillt och den „Navi“ net méi verréckt.

Dissens bei der „Rue Le Bataclan“

Dës Strooss déi vun den Escher 2016 aus bekanntem Grond hire Numm kritt huet, läit op der Grenz zur Gemeng Suessem. Déi hat hei 2009 dës Strooss an dräi Ofschnëtter opgedeelt an och (vu Kräizung zu Kräizung) entspriechend vill Nimm ginn. Dat hat zu Onstëmmegkeeten tëscht béide Gemenge gefouert. Den Escher Schäfferot huet elo fir sech entscheet d‘Strooss ze splécken.

Tëscht der Avenue du Swing an dem Boulevard du Jazz, bleift Le Bataclan bestoen; tëscht dem Boulevard du Jazz an dem Boulevard des Lumières, entsteet d‘Rue Jane Addams; dee leschten Ofschnëtt soll zukünfteg Rue Gustave Eiffel heeschen. An heizou huet et Wuertmeldunge ginn.

D‘Conseillère Taina Bofferding (LSAP) bemierkt, datt d‘Polemik ronderëm d‘Stroossennimm „Massen net beweegt“, dat well d‘Leit aner Suergen hätten. Si versteet den Aktionismus hei net a gesäit an der Kontroverse beschtefalls eng „Kierchtuermspolitik“, déi duerch ënnerschiddlech Opfaassunge vun zwou Gemengen, net zur Satisfaktioun gefouert huet.

Eigentlech war d‘Iddi, wéi „Belval“ op dem Territoire vun zwou Gemengen entstanen ass, datt ee sech géif am Virfeld ënnertenaner sollt ofschwätzen. Dat huet net geklappt, an de Conseiller Marc Baum (déi lénk) weist ganz dréchen drop hin, datt et sengerzäit zwee „LSAP-déi gréng“ Schäfferéit waren, déi sech géinteniwwer gestanen hunn.

De neien Escher Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) an de Buergermeeschter vu Suessem, Georges Engel (LSAP) hunn sech elo gëeenegt, firwat et elo op enger Achs dräi Ofschnëtter gëtt. D‘Oppositioun am Escher Gemengerot hat dofir e „Vote Separé“ gefrot, an d‘Conseillere vun der LSAP hunn dergéint gestëmmt, d‘Fraktioun vun déi lénk an den Dan Codello hunn sech enthalen.

„Tax de Séjour“ an Tarifikatioun „Bamhaiser“

De Schäffe Pim Knaff (DP) huet drop higewisen, datt mat der Erneierung vum Camping um Gaalgebierg, der Kreatioun vun de Bamhaiser, an der Entstoung vun der Jugendherberg op der Gare, d‘Tax de Sejour, esou wéi se 2012 bestëmmt ginn ass, aktualiséiert muss ginn.

Wann sech fir d‘Hoteller (2 Euro/pro Dag) näischt verännert, esou fält elo och eng Taxe (3% op de Montant vun der Locatioun hors TVA) un fir Iwwernuechtungen um Camping oder an der Jugendherberg un.

Zur Präispolitik fir d‘Iwwernuechtung an de Bamhaiser, déi an der Sëtzung vum 16. Mäerz festgeluecht ginn ass: den Inneministère war mat der Formuléierung, esou wéi se agereecht ginn ass net averstanen, an huet begrënnt déi wier net Transparent fir de Konsument. Elo gëllt e fixen Tarif pro Saison. D‘Héichsaison geet vum 1. Abrëll bis 31. Oktober.

Et géif dann och héich Zäit, datt een hei Neel mat Käpp mécht. „Et ass vill gedoktert ginn“, monéiert d‘Conseillère Vera Spautz, déi wësse wëll, wéini dann elo och d‘Personalfroe gekläert sinn, fir de Projet endlech ze starten. Ëmmerhi wier een elo schonn esou gutt wéi an der „Saison“, an d‘Poste wieren nach net ausgeschriwwen.

De Buergermeeschter wier allerdéngs och frou, wann et kéint lasgoen, weist awer drop hin, datt zwee Ministèren ënnerschiddlech Vuen hunn, wat zu Schwieregkeete gefouert huet. De Schäffen André Zwally (CSV) kann dann och nëmmen drop hiweisen, datt den Accord, déi benéidegt Posten ze schafen, vum Ministère nach net accordéiert goufen. Et ass een awer beméit den Delai anzehalen.

Esch kritt e neie Ballon an nei Präisser fir de Parking

Bei de Konventioune war gewuer ze ginn, datt den ale Ballon – deen a gewësser Form den Ambassadeur vun der Stad Esch am In- an Ausland ass – an d‘Jore komm ass, a muss erneiert ginn. Mat der Asbl „Cercle Luxembourgeois de l‘Aérostation“ (CLA) muss dann och d‘Konventioun nei definéiert ginn.

Esch lount beim CLA d‘Werbefläch zum Präis vu 54.915 Euro TTC, an iwwerhëlt d‘Käschte fir d‘Exploitatioun an d‘Versécherung fir d‘Lafzäit vun der Konventioun, dat zum Präis vun 9.640 Euro/Joer. Hei ass nach drop hinzeweisen, datt de Ballon och – géint en Entgeld – vu Privatleit bei Meetingen oder soss Evenementer ka genotzt ginn.

Mam Service des Jeunes, deen sech ëm d‘Jugendhaus këmmert ass d‘Konventioun och erneiert ginn. Fir 2018 ginn dem Service 270.396 Euro zougestanen. Dovunner entfalen op d‘Salairen 209.342 Euro. Hei hat et an de Medie Meldunge ginn, datt et e finanzielle „Noutstand“ ginn hätt. D‘Schäffin Mandy Ragni (déi gréng) huet dat zeréckgewisen.

An enger ganzer Rei Stroossen kann een den Auto zukünfteg nëmmen nach 20 Minutten (0,20 Euro) respektiv 30 Minutten (0,30 Euro) parken. Déi Tax gëllt fir d‘Schaffdeeg vu 07:00 bis 19:00 Auer. Och d‘Präisser vun der zoulässege Parkzäit: 2, 3 an 10 Stonne sinn nei definéiert ginn, woubäi se jee no Secteur ënnerschiddlech ausfalen.

All déi genannte Punkte sinn eestëmmeg ugeholl ginn

Verkéiersreglementer ouni Rechtsgrondlag

Beim Dagespunkt 7.2 ass et ëm d‘Verkéiersreglement gaangen, an dat wier u sech e Punkt bei deem e sech weder eng gréisser Diskussioun nach eng Ausenanersetzung erwaart hätt. E gëtt och éischte seelen an der Berichterstattung vun de Medien opgegraff. E Freideg awer huet dëse Punkt sech ongewollt an de Mëttelpunkt gestallt.

De Conseiller Tom Bleyer (CSV), deen och de Virsëtz vun der Verkéierskommissioun huet, hat sech mam Verkéiersreglement am Detail beschäftegt – dee muss schliisslech konform mam Artikel 5 vum Code de la Route sinn – a sech duerch net Manner wéi 777 Säite Reglementatioun duerchgelies. Eigentlech wollt hie sech just mat der Genehmegungsprozedur vertraut maachen.

Grond dofir, war e Bréif deen den fréiere Verkéiersschäffen Henri Hinterscheid (LSAP) am Juli 2017 un den Infrastrukturministère geriicht hat, an aus dem de Conseiller e puer Punkten zitéiert huet. Mir behalen zréck, datt der Stad Esch matgedeelt gi war, datt hir Verkéiersreglementer net méi kéinte geneemegt ginn. Grond: Esch hätt kee konform a koordinéiert Gesamtverkéierskonzept.

An hei gëtt elo bosseg. Schonn 2011 huet déi zoustänneg Autoritéit de Changement vun der Escher Verkéiersregelung ofgewisen, an hätt dem deemolege Schäfferot opgedroen sech a Konformitéit ze setzen. Laut dem Tom Bleyer, deen sech déi ganz Dokumenter duerchgelies huet, ass dat nie geschitt, firwat een elo en zolitte Problem huet.

Dovunner betraff, sinn déi „Permanent“ Reglementer, wéi beispillsweis d‘Aféierung vum Parking residentiell, déi vun der zoustänneger Autoritéit (fréier Transport- haut Infrastrukturministère) musse genehmegt ginn. De Tom Bleyer stellt an de Raum, datt fir dat ze ëmgoen, d‘Stad Esch temporär Urgent Reglementer gesat hätt. Dat huet bei der Oppositioun fir Oprou gesuergt.

Aussergewéinlech Gemengerotssëtzung schonn nächste Freideg

Bei der regulärer Wuertmeldung, huet den Dan Codello (onofhängeg) gefrot, op dann all Reglement bis ewell illegal war? De Mike Hansen (LSAP) huet d‘Informatioun „interessant“ fonnt a wollt ënnert anerem wëssen op elo kee méi säi Protokoll bezuele muss? De Buergermeeschter stellt fest, datt hei kee soll zu falschem Verhalen ermontert ginn, mee en neie koordinéierten Text hir muss.

De Conseiller Mike Hansen huet awer keng Rou ginn, an wéist drop hin, datt ee grad eppes ofgestëmmt hätt dat net am Aklang mam Gesetz wier. Hien ass kuerzerhand vum Georges Mischo op d‘Plaz gestallt ginn, an deen huet dunn entscheet – dat dierf deen – zur Ofstëmmung ze kommen. Dat huet noutgedrongen zu Tëscheriff gefouert.

„Et muss een sech elo enthale fir dierfen eng Fro ze stellen“ esou de Mike Hansen deen trotz gehuewener Stëmm nach Contenance bewisen huet. Hie werft awer nach an: „Bis den Text gestëmmt a vum Ministère ugeholl ginn ass, brauch jo da kee méi e Protokoll ze bezuelen?“.

De Marc Baum war bass erstaunt iwwert déi „Brandried“ déi d‘Reglementer a Fro stellt, a freet sech och, firwat een op dëser Plaz iwwert eppes ofgestëmmt huet, dat an dëser Form juristesch net ofgeséchert ass. De Jean Tonnar (LSAP) bedauert sengersäits, datt wann de Schäfferot gewosst huet, datt e Problem virläit, dëse keen Text an dëser Sëtzung presentéiert huet.

De Pim Knaff (am zivil Affekot) erkläert, datt wie säi Protokoll bezuelt huet, dësen akzeptéiert hätt an net méi reklaméiere kann. Déi Leit, déi hire Protokoll awer nach net bezuelt hätten, kéinten awer Asproch erhiewen, a Recht kréien. Mee Reglement hin oder hir, d‘Regele vum Code de la Route si gülteg, an et géif ee gutt doen sech drun ze halen.

Esch stockt d‘Personal op

De Schäffen André Zwally huet dunn 12 nei „créations de Poste“ virgestallt an och hei huet et Diskussiounsbedarf ginn. Bei zwee Poste war ee sech bei der Oppositioun „zimlech“ oneens, an et huet sech zudeem gewonnert, datt grad „deen“ wou sech ëmmer mat Hänn a Féiss géint „nach méi Personal“ gewiert huet, elo nei Poste schaaft.

Esou den Dan Codello, deen dréche feststellt, datt bannent zwou Sëtzunge ganzer 26 Posten nei geschafe ginn, wougéint der zwee och ewechfalen. Hie stellt kloer, datt hie sech an der Kommissioun huet missen enthalen, well et dozou einfach net genuch Informatioune ginn huet. Den André Zwally huet dem Conseiller Besserung verséchert.

D‘Taina Bofferding huet am grousse ganze mat de Poste kee Problem, ausser datt een gedenkt e Beruffsfotograf vollzäit anzestellen. „Esch brauch keen Hof-Fotograf“ esou d‘Conseillère, déi iwwerzeegt ass, datt e gutt mam ale System gefuer ass. Gemengt ass de Recours op de Foto-Club a Studenten. Och de vollzäit Posten als Chargé fir d‘Kommunikatioun am Theater, gesäit si net.

„Wou féiert dat hin? Kritt elo all Service säi Kommunikatiounsresponsabelen? A wéi sinn déi vernetzt?“, wëll si wëssen. A bei der LSAP freet ee sech, op et iwwerhaapt eng Richtlinn gëtt wéi kommunizéiert gëtt? Dat mat Bezuch op d‘sozial Netzwierker, wéi Instagram a Facebook, wou si der Meenung sinn, datt et do zimlech „eesäiteg“ hiergeet, zum Virdeel vun der Majoritéit.

De Marc Baum begréisst d‘Schafe vun de Posten, wonnert sech just, datt et vun deem kënnt, dee sech ëmmer drop behaapt huet, et misst een op de „Waasserkapp“ uecht doen. Wat d‘Kommunikatioun zu de Vertrieder am Gemengerot betrëfft, esou geséich och hien et gären, wann, wéi vum Taina Bofferding ugeschwat, een sech un der Chamber géif e Beispill huelen.

Hien ass zudeem verwonnert, datt een um Site vun der Gemeng Esch nach ëmmer nëmme liese kann, datt et eng Deputéiert am Gemengerot gëtt. Hie wier allerdéngs och an der Chamber, mee dat ass wahrscheinlech nach kengem opgefall. Zum Fotograf: hei wéist de Marc Baum drop hin, datt ee sollt berécksiichtegen, datt och Video-Kommunikatioun (kleng Filmer) haut „in“ sinn.

Wat de Poste vum Chargé fir d‘Kommunikatioun am Theater ubelaangt, esou gëtt dësen ausdrécklech begréisst. Et wier e „must“ a et misst ee sech just an anere Gemengen ëmkucke fir de Wäert vun esou enger Persoun ze erkennen. Dat entbiert net der Fro vun der Zesummenaarbecht, an hei kéint de Kulturservice d‘Koordinatioun iwwerhuelen.

D‘Daliah Scholl (DP) stellt fest, datt „Fotograf“ e Beruff ass, deen als Solches och soll respektéiert ginn. Deem schléisst sech de Luc Majerus (déi gréng) un. Et hätt dann och mat Deontologie ze dinn, a wat de Punkt „vollzäit“ ugeet, esou dierft et – ganz ofgesi vun Esch 2022 – net un Aarbecht feelen. Den André Zwally gesäit dat och esou, well de Fotograf sech och ëm d‘Archiv ze këmmeren hätt.

Hei huet et och e separate Vote ginn: Alles ausser dem Fotograf ass eestëmmeg ugeholl ginn. Beim Poste vum Fotograf hunn sech d‘Fraktioun vun der LSAP an den Dan Codello enthalen.

Foto: Wann et richteg ass, datt dat Escher permanent Verkéiersreglement net op séchere Been – am juristesche Sënn – steet, esou ass een nawell gutt beroden et net drop ukommen ze loossen. Nächste Freideg soll dann en Text virgeluecht ginn, deen esou och vun der zoustänneger Autoritéit kann ugeholl ginn.

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, Gemengerot, Verkéiersreglement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel