Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikesurprise
Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun
https://moien.lu/dating-apps-for-introverts-2017/

fusion dating christian

Am spéiden Nomëtteg huet d‘adr, déi Alternativ Demokratesch Reformpartei, gëschter

dating memoir
https://moien.lu/dating-apps-for-introverts-2017/

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)

Et gëtt villes wat d‘Welt net brauch, an dozou gehéiert

Floumaart an der Stad Lëtzebuerg: Avis aux Amateurs“!
https://moien.lu/dating-apps-for-introverts-2017/

Floumaart an der Stad Lëtzebuerg: Avis aux Amateurs“!

Vun Abrëll bis Oktober, organiséiert d‘Stad Lëtzebuerg all éischte Sonndeg

Verkéierssécherheetscampagne am Januar

Verkéierssécherheetscampagne am Januar

D‘Police informéiert datt vun haut un eng nei Verkéierssécherheetscampagne – déi nach bis de 26. Januar leeft – ugelaf ass. Och an der Wantersaison gëtt sech nach all ze oft net un d‘Reegele vum Code de la Route gehalen…

Vum 13. bis de 26. Januar gëtt ëm Kader vun der nationaler Verkéierssécherheetscampagne vun der Police op dräi besonnesch Virschrëften uecht gedoen. Zum engen déi erfuerderlech gutt Siicht: de schlechten Zoustand vun de Fënsteren, also wann ee weder no Vir nach zu de Säiten erausgesäit, ass eng reell Gefor déi net dierf ënnerschätzt ginn.

Mee och a Saachen Ëmwelt gëtt et Reegelen, déi zuweile gären ignoréiert ginn. Gemengt ass hei den Artikel 160-10 vum Code de la Route, dee festleet, datt et verbueden ass säi Moteur am Stand lafen ze loossen, ouni datt et dofir e berechtegte Besoin gëtt.

Gemengt ass och de Fait, datt et nach ëmmer leit gëtt déi de Moteur lafe loosse fir d‘Fënstere fräi ze maachen a schonn emol virhëtze wëllen. Fir d‘Ëmwelt ass et Gëft an op de Kaméidi géif een och gäre verzichten. Zudeem sollt een drop uecht doen, datt d‘Nummereschëld gutt liesbar ass.

Et kann eppes kaschten:

Bei „schlechter Siicht“ – Artikel 046-01 – dierf een 74 Euro bezuelen, den Auto aus Topegkeet a ganz onnéideg lafen ze loossen – Artikel 160-10 – ass dogéint mat 49 Euro schonn nees bal richteg präiswäert. Beim net liesbaren Nummereschëld – K027-01 – sinn et dann och nees 49 Euro, déi fälleg ginn. Ausgaben déi ee sech mat eppes normale Mënscheverstand spuere kann.

D‘Police erënnert dann an dësem Kontext och nach emol drun, datt een als Automobilist ëmmer säi Führerschäin derbäi huet, an am Gefier d‘Assurance, d‘Sandweilerkaart an Steiervignette sinn, déi bei enger Kontroll ëmmer virzeweise sinn.

Bild: Pixabay

Ähnlech Sujeten Fënster fräimaachen, Motor lafe loossen, Nummereschëld, Police, Verkéierssécherheetscampagne
Nächsten Artikel Virrechten Artikel