Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!
Kultur Neiegkeeten

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!

Et war dat éischt Treffen tëscht dem russesche President, Vladimir

Reschtoffallanalys 2018/2019: Eng Reduktioun vum Reschtoffall vun 13,2 % pro Awunner
Kultur Neiegkeeten

Reschtoffallanalys 2018/2019: Eng Reduktioun vum Reschtoffall vun 13,2 % pro Awunner

Zënter 1992 féiert d’Ëmweltverwaltung vu Lëtzebuerg a reegelméissegen Ofstänn eng

Den 1. Mee start d‘Saison am Industrie- an Eisebunnspark zu Fond-de-Gras
Kultur Neiegkeeten

Den 1. Mee start d‘Saison am Industrie- an Eisebunnspark zu Fond-de-Gras

Keng Loscht op gewerkschaftlech Rieden oder d‘bastele vun engem Meekranz?

Nei am Verlag Binsfeld: Au Fil Des Années

Reaktiounen a Reflektiounen (2015-2019) vum Jean Hamilius

Nei am Verlag Binsfeld: Au Fil Des Années

No senge Memoiren Luxemburg im Wandel der Zeiten aus dem Joer 2014 verëffentlecht de fréiere Minister a Politiker Jean Hamilius elo säin neisten Wierk. Mat engem Ensembel vun Artikelen kommentéiert hien d’Erausfuerderungen vun haut a muer, mat deene Lëtzebuerg konfrontéiert ass oder wäert ginn.

Den Auteur huet divers Texter zesummegedroen, vun deene Verschiddener schonn um Blog Le Luxembourg au fil des temps, wéi och an der Lëtzebuerger Press presentéiert gi sinn. Elo ass d’Geleeënheet do, an engem eenzege Wierk déi verschidden Perspektiven vum Politiker zu de Problemer vun eiser Zäit verdäitlecht ze kréien. Als Persoun, déi mat Wieder an Doten d’Evolutioun vum Groussherzogtum nom Zweete Weltkrich opgezeechent huet, gräift hien och Pisten op, fir dësen donkelen Deel vun der Vergaangenheet net nach emol ze widderhuelen.

Am oppenen a perséinleche Stil schreift de Jean Hamilius iwwert verschidden national an international Themen, d’Politik, de sozialen Engagement, jo, souguer fundamental Froen an d’Metaphysik zur Roll vum Mënsch am Universum. Mat perséinlechen Äntwerte geet hien dobäi all Beräich un.

Au Fil Des Années

© Editions Guy Binsfeld

Zum Jean Hamilius

Schonn als Jugendlechen huet de Jean Hamilius d’Konsequenze vun der däitscher Invasioun an der eegener Heemescht erlieft. Nom Krich huet hien zur Transformatioun vu Lëtzebuerg bäigedroen duerch säi Wierken am ekonomeschen Zenter an den internationale Finanzen. Als Zeie vun der éischter Stonn war hien Matbegrënner vun der aktueller ING Lëtzebuerg, wéi och vun zwou Consulting-Firmen.

Als Politiker huet de Jean Hamilius virun allem d’Zukunft vum Land präge wëllen, dat duerch d’Stadplanung an den Amenagement vum Territoire. Hie war Deputéierten, Landwirtschaftsminister a stellvertriedenden Ausseminister, ier hien schliisslech Deputéierten am Europäesche Parlament ginn ass.

Méi zum Buch

D’Wierk Au Fil Des Années vum Jean Hamilius kënnt den 3. Abrëll 2020 bei Editions Guy Binsfeld eraus. D’Buch huet 240 Säiten a kascht 24 €. ISBN 978-99959-42-61-8

Opmaacherbild: © Editions Guy Binsfeld

Ähnlech Sujeten Au Fil Des Années, Buch, Editions Guy Binsfeld, Geschicht, Jean Hamilius, Literatur, Politik, Zweete Weltkrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel