Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nom Referendum: Neikaledonien bleift franséisch
wordpress dating template free https://moien.lu/pause-dating/

https://moien.lu/danganronpa-v3-dating/

De franséische Premierminister Édouard Philippe huet sech e Méindeg a

effect of online dating on assortative mating evidence from south korea
wordpress dating template free https://moien.lu/pause-dating/

De Schmunzel – Eng ko(s)mesch Geschicht

Am Kader vun der Ausstellung “Otherworlds” liest de Jhemp Hoscheit

Editorial: Houere Miel, gëtt houere Paangech
wordpress dating template free https://moien.lu/pause-dating/

Editorial: Houere Miel, gëtt houere Paangech

Eigentlech interesséiert et keen an awer kritt jiddereen et mat.

Britescht Parlament wëll d‘Verlängerung fir de Brexit

Et soll awer net zu engem zweete Referendum kommen

Britescht Parlament wëll d‘Verlängerung fir de Brexit

Si maachen et sech an der Welt net einfach. En Austrëtt aus der Unioun mat engem Ofkommes? Nee. En „haarde“ Brexit? Och net. Awer fir eng Verlängerung hunn se am britesche Parlament eng breet Majoritéit fonnt. Elo dierf ee gespaant sinn, ob Bréissel an déi „27“ deem och zoustëmmen.

Mat 413 Stëmme fir an 202 dergéint, huet gëschter Owend d‘House of Commons dem Theresa May de kloren Optrag erdeelt, zu Bréissel ëm eng Verlängerung vun der Frist fir de Brexit unzefroen. Si soll mindestens dräi Méint erausschloen. Esouwäit de Wonsch oder d‘Fuerderung vun de Briten u Bréissel. Dat heescht elo mussen d‘Staats- a Regierungscheffe vun der EU deem och zoustëmmen.

Op d‘Äntwert aus Bréissel war een da gëschter Owend entspriechend gespaant. Eng Spriecherin huet leedeglech bestätegt, datt eng „Verlängerung“ iwwerpréift muss ginn. Den EU-Rotspresident Donald Tusk hat sengersäits, am Virfeld zur britescher Decisioun via Twitter gemellt, datt sollt et zur Demande fir eng Verlängerung kommen, hien déi 27 géif alueden deem zouzestëmmen.

Brexit

Fir vill Observateure gëtt de Vott vu gëschter, als Erfolleg fir d‘Premierministesch bewäert. Mee d‘Argument: et wier den Deputéierten net gelongen dem Theresa May d‘Kontroll ze entzéien, dat steet op sandegem Buedem. Fir déi pro-europäesch Parlamentarier a Groussbritannien, ass de Report vum Brexit keng Léisung u sech. An der Saach selwer sinn d‘Brite kee Stéck virukomm.

„No More“ Referendum…

Iert se gëschter am Parlament fir d‘Verlängerung gestëmmt hunn, hat et nach eng helle Wull un Ännerungsanträg ginn, déi de Brexit betreffen. Déi wichtegst Informatioun hei: zu engem zweete Referendum kënnt et net. Grad emol 85 Deputéiert hunn sech nach getraut, de Briten en zweete Brexit-Referendum zouzemudden. Zudeem misst d‘Verlängerung dann an d‘Verlängerung goen…

Wou een en Ament den Otem ugehalen hat, war wéi et drëms gaangen ass, ob net d‘Parlament selwer d‘Kontroll iwwert d‘Dagesuerdnung soll iwwerhuelen. Déi gëtt bis ewell nach ëmmer vun der Regierung festgeluecht. Hätt d‘Parlament d‘Kontroll kritt, wier et méiglech gewiescht en Debat iwwert d‘Optioune bei der Scheedung ze erzwéngen. D‘Regierung wier diskreditéiert ginn…

Brexit

Et war dann e ganze Moment laang immens spannend, an zum Schluss verdammt knapp: 312 vun de Deputéierten hu sech fir d‘Iwwernam vun der Kontroll, 314 dergéint ausgeschwat. Zwou ganzer Stëmmen, déi de Kapp vun der Regierung hätte kënne kaschten. Als Fazit bleift: En Austrëtt ouni Ofkommes ass fir d‘Brite keng Optioun, woubäi nach net gewosst ass wat si elo eigentlech wëllen.

Europawahlen 2019

Wa Groussbritannien elo eng Verlängerung sollt zougestane kréien, stellt sech déi grouss Fro vum „Zäitraum“. D‘Brite géifen den Delai gäre bis den 30 Juni hinzéien, ouni mat engem eenzege Wuert drop anzegoen, wat nach am Accord soll, kann oder muss geännert ginn, fir datt en hinnen endlech an de Krom passt. Domatter invitéiert sech de Brexit an de EU-Wahlkampf, an dat ass geféierlech.

Engersäits zwéngt et pro-europäesch politesch Kräften, sech am Wahlkampf op d‘Sënnhaftegkeet vun der Verlängerung an engem méiglechen „Exit vum Brexit“ ze konzentréieren, wou d‘Bierger ganz aner Erwaardungen hunn. Dat mécht d‘Spill vun de Populisten an Euroskeptiker, an béis Zongen trauen dem britesche Parlament a sengen Deputéierten esou eng Absicht zou.

Brexit

Anersäits werft e vill Froen op. Huele mir emol un se loossen de Brexit falen, da sinn se weiderhi Member vun der Unioun, an hu Recht op eng politesch Bedeelegung am Parlament, dem Rot an der Kommissioun. D‘Wahlen awer fannen Enn Mee statt, wou d‘Briten an der Verlängerung wieren. Et stellt sech also d‘Fro, sinn se zu Bréissel bereet d‘Europawahlen der Kausa Brexit ze afferen?

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Brexit, Donald Tusk, Europawahlen 2019, Theresa May, Verlängerung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel