Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass
International Neiegkeeten

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass

All Joer organiséieren d‘ASBL Natur an Ëmwelt, d‘Waasserwirtschaftsverwaltung, d‘Naturverwaltung an

USA: Intern Opsiicht vum Heemechtschutzministère schléit Alarm
International Neiegkeeten

USA: Intern Opsiicht vum Heemechtschutzministère schléit Alarm

Gëschter huet déi intern Opsiicht vum US-Hémechtschutzministère (Homeland Security) no

NATO-Sommet: d‘Zäit nom INF-Vertrag
International Neiegkeeten

NATO-Sommet: d‘Zäit nom INF-Vertrag

Den Donald Trump wollt nei Atomwaffen, dat awer méiglechst ouni

Verletzt China Mënscherechter?

D‘Uigure gi vun der Regierung ënnerdréckt, elo fuerdert den US-Kongress Sanktiounen

Verletzt China Mënscherechter?

Am US-Representantenhaus ass mat nëmmen enger Géigestëmm e Gesetz zum Virgoe géint déi chinesesch Ënnerdréckung vun der moslemescher Minoritéit, dem Vollek vun den Uiguren, ugeholl ginn. Den Text fuerdert Regierung op, Verwaltung an Entreprisen déi fir d‘Internéierung an/oder d‘Verflichtung zur Zwangsaarbecht verantwortlech sinn ze sanktionéieren.

Fir de Republikaner Chris Smith, sinn déi „modern chinesesch Konzentratiounslager“ eendeiteg e Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet. Et misst een hei däitlech op eng Masseninternéierung vu Millioune Mënsche schwätzen. En Ausmooss dat een zanter dem Holocaust net méi gesinn huet. Hier fuerdert däitlech déi dofir verantwortlech chinesesch Beamten zur Rechenschaft ze zéien.

ChinaDëst vum Kongress gestëmmte Gesetz, verlaangt ouni Ëmwee d‘Schléissung vun de Lager an der Regioun Xinjiang (Nordwesten) an enthält d‘Opfuerderung un den US-President, Sanktioune géint ee Member vum Politbüro ze verhänken. Laut dem Kongress soll de Chen Quanguo, Sekretär vun der KP zu Xinjiang, fir d‘Zoustänn an de Konzentratiounslager „zoustänneg“ sinn.

Peking Protestéiert

Aus China kënnt dann och prompt d‘Äntwert op dëst neit Gesetz – dat nëmmen ee puer Deeg no den Hong Kong Gesetzer gestëmmt ginn ass – wou d‘Spriecherin vum Ausseministère, Hua Chunying, ähnlech wéi scho bei der Kausa Hong Kong, vun enger Amëschung a bannenzeg Ugeleeënheete geschwat huet. D‘USA géifen sech hei an de Kampf géint den Terror amëschen.

ChinaD‘Amerikaner, esou d‘Hua Chunying, géife verkennen, datt et an der Regioun Xinjiang net ëm Mënscherechter oder Relioun geet, mee ëm Terrorismus a Separatismus. Si huet de Kongress an d‘Regierung opgefuerdert Ofstand vum Gesetz ze huelen. Eng Mësshandlung vun den Uigure gëtt bestridden an nach emol drop higewisen, datt an dëse Lager eng Beruffsausbildung ugebuede gëtt.

Den US-Senat hat schonn am September en ähnlechen Text ugeholl a wäert wuel och dem Gesetz aus dem Kongress zoustëmmen, dat da vum Donald Trump muss ënnerschriwwe ginn. Dat ganzt ass ugesiichts de Beméiungen den Handelskrich bäizeleeën an dem Zoff mat Huawei, en zimlech gliddegt Eisen. Zudeem huet den US-President d‘NATO vun der chinesescher Gefor iwwerzeegt.

mat indymedia/was

Foto: © Turkistantimes

Ähnlech Sujeten China, Konzentratiounslager, Mënscherechter, Sanktiounen, Uiguren, US-Kongress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel