Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: Frühlingsrullen vu “Spring Home” enthale Mëllech!
Meenung

OPGEPASST: Frühlingsrullen vu “Spring Home” enthale Mëllech!

Wéi d’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet elo matgedeelt hunn, enthalen

D’ULC weist sech entsat iwwert d’Decisioun vun der Spuerkeess
Meenung

D’ULC weist sech entsat iwwert d’Decisioun vun der Spuerkeess

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ass entsat iwwert d’Ukënnegung, datt schonn

Mercosur-Ofkommes: EU-Agrar-Sektor schounen
Meenung

Mercosur-Ofkommes: EU-Agrar-Sektor schounen

D’EU an d‘Mercosur-Länner (Brasilien, Paraguay, Uruguay an Argentinien) si sech

Déi verflixt 102

E Kommentar

Déi verflixt 102

Lëtzebuerg huet aktuell 102 Gemengen. A vue datt Wahlkampf ass, kënnt och den Thema Gemengefusiounen net ze kuerz. Do ass mol vun enger Reform mat nëmmen nach 60 Gemenge d’Ried, mol gëtt vu Zwangsfusioune geschwat. Nach anerer sinn der Usiicht, datt een de Leit einfach d’Ängschte misst huelen. Mee ganz esou einfach ass dat net.

D‘Bestandsopnam gesäit awer ëmmer d‘selwecht aus: Kleng Gemengen hunn et dëser Deeg ëmmer mi schwéier, fir mat de wuessenden Erausfuerderungen esou richteg kënnen opzehuelen. Ëmmer méi Awunner, dat heescht och ëmmer méi Uspréch an néideg Infrastrukturen. Fir Majorzgemengen, dat sinn déi mat manner wéi 3.000 Awunner, ass dëst immens schwéier. Dowéinst gouf scho viru Joren dovunner geschwat, fir Gemengen ënnert 3.000 Awunner lues awer sécher verschwannen ze loossen.

D’Zuel vun de Gemengen ass déi lescht Joren zum Gléck konstant erof gaangen. An dach ginn et Méiglechkeete, d’Situatioun ze verbesseren!

An do huet sech an de leschte Joren och villes Gedoen: Ëmmer méi Gemenge sinn zesumme gaangen. Dat gutt dorunner ass, datt hei ëmmer e Referendum organiséiert ginn ass, fir datt dës Fusioun och vun de Bierger matgedroe ginn ass. Dat ass och gutt esou, well eng Fusioun soll net nëmmen op der Landkaart en Zesummewuesse signaliséieren, mee och an de Käpp. An et gesäit een och, datt nach laang net all Fusioun duerchgewonk gëtt.

Wien d’Zuel vun de Gemengen op 60 erofdrécke wëll, muss sech d’Fro gefale loosse, wéi dat soll geschéien. Do gouf da schonn emol vun engem nationale Referendum iwwert eng nei Landkaart geschwat. Dat kann een nëmmen ofleenen, well dat dann dach e Friembestëmmen duerch aner Gemenge wier.

Op der anerer Säit ginn et Fusiounen, déi duerchaus vun nationalem Interesse wieren. Net fir e Referendum, mee fir d’Landesplannung. Als Beispill muss do d’Nordstad hierhuelen, wou gewësse Gemengen zwar elo flirten, an et och am Wahlkampf ugeschwat ginn ass, datt een op verschiddene Plaze wéilt e Referendum maachen, mee wou awer jiddereen nach e bëssche schei ass. Dobäi wier et virun allem beim drëtten Entwécklungspol néideg, datt d’Zesummenaarbecht nach méi staark bedriwwe gëtt, wéi bis elo. Domat wëll ech awer net déi Fortschrëtt zerrieden, déi scho gemaach gi sinn.

Et musse méi Ureizer entstoen an Ängschte geholl ginn

Wat de Staat maache kann – an e mécht et deels schonn – ass, fir Motivatioun ze suergen. Finanzen sinn do nëmmen een Deel dovunner, ma et sollt ee mi oft vu Fusioune schwätzen, fir domat en Thema ze setzen. Dëst kann net all ze offensiv geschéien – Gemengenautonomie léisst gréissen – mee nach laang net all gutt Iddi kann ee selwer hunn.

Wou mer grad bei Iddie sinn: Den Iwwergang vum Marjorz- op de Proporzsystem vun 3.000 Awunner op 5.000 Awunner erop ze setzen, fir gewëssen Ängscht entgéint ze kommen, dovunner kann ech net vill halen. Scho bei de Gemengewahle vum leschte Joer huet sech gewisen, datt parteilos Politiker sech duerchaus behaapte kënnen, wann d’Parteie bis optrieden. Wien sech lokal gutt etabléiert huet, braucht do also net ze fäerten, datt en den Zousproch verléiert. A Gemengepolitik ass a bleift genau dat: d’Politik an der Gemeng.

Ähnlech Sujeten Gemengefusiounen, Gemengen, Wahlkampf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel