Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du bass en Näischt, wanns de brong Aen hues!
Erkläert

Du bass en Näischt, wanns de brong Aen hues!

„Schumms du dech net brong Aen ze hunn? Du bass

De Marc Angel zur Revisioun vu Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung
Erkläert

De Marc Angel zur Revisioun vu Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung

Ënnert der aktueller kroatescher EU-Rotspresidentschaft läit eng Revisioun vun der

Geriicht verurteelt Pyroman zu 4 Joer feste Prisong
Erkläert

Geriicht verurteelt Pyroman zu 4 Joer feste Prisong

Viru knapp zwee Joer, am Fréijoer 2018, hat et bannent

De Vermummungsverbuet, erkläert

De Vermummungsverbuet, erkläert

Dëse Méinden huet de Justizminister Felix Braz (déi gréng) eng Gesetzespropositioun virgestallt, déi d‘Vermummung op nationalem Niveau regléiert. Mee wat genee gëtt mat deem Gesetz gereegelt?

Ass d‘Gesetz wierklech e Burkaverbuet?

Net am explizite Sënn, mee am impliziten. D‘Burka gëtt nëmmen als eng vu ville Vermummungsméiglechkeete genannt. D‘Burka gëtt och net am Titel vum Gesetz genannt.

Wat reegelt d‘Gesetz?

D‘Gesetz verbitt d‘Vermummung am ëffentlechen Transport, an a ronderëm Schoulgebaier, Spideeler an ëffentlechen Administratiounen. Ausserdeem gëtt och eng Lëscht vun Ausnamen etabléiert, déi fir dës spezifesch Plaze gëllt. Sou kann eng Vermummung aus gesondheetlechen, professionellen, sportlechen, feierlechen a kënschtleresch/traditionelle Grënn erlaabt ginn.

Moment, gouf dat net schonn op kommunalem Plang gereegelt?

Jo an Nee. Zum Thema Vermummung ginn et ganz ënnerschiddlech kommunal Police Reglementer. Op 105 Gemengen hunn 47 dësen Aspekt gereegelt. Dës Gemengen ëmfaassen 72,75% vun der Populatioun vum Land.

Heescht an der Ëffentlechkeet däerf een awer eng Burka droen?

Wa mat „Ëffentlechkeet“ do baussen op der Strooss gemengt ass, sou hänkt d‘Äntwert op des Fro vum jeeweilegen Gemenge-Reglement of. Falls do keent existéiert ännert des Gesetz an där Hisiicht näischt.

Firwat gëtt d‘Burka national nëmmen op gewësse Plaze verbueden?

D‘Begrënnunge ginn am Commentaire vum Text opgezielt. Esou wier et am ëffentlechen Transport wichteg, datt d‘Personal d‘Fuergäscht identifizéiere kann. Bei de Schoule géife Vermummungen dozou bäidroen, d‘Kommunikatioun ze stéieren. Dëst wier och e wichtege Faktor am Gesondheetsberäich. Viru Geriicht wier et des weideren onvirstellbar, datt een sech do vermummt presentéiere kéint, misst d‘Identitéit vun de Persounen dach zu all Ament festgestallt kënne ginn.

Wee gesäit dës Léisung kritesch?

Während déi gréng dës Solutioun an hirem Pressecommuniqué als pragmatesch an net diskriminéierend bezeechent, ass net jidderee glécklech. Déi jonk gréng beispillsweis weisen se sech net glécklech iwwert d‘Gesetzespropositioun: Sou géif mat deem Gesetz d‘Stigmatiséierung viru gedriwwe ginn.

Manner iwwerraschend sinn d‘Reaktioune vun CSV an ADR. Fir béid Parteien geet de Verbuet net wäit genuch. Déi lénk dogéint fannen d‘Léisung iwwerzunn.

Ähnlech Sujeten adr, CSV, déi gréng, déi lénk, Erkläert, Felix Braz, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel