Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Gutt digital equipéiert Klassesäll hëllefen eise Schüler, mee et gëtt nach vill ze maachen
Neiegkeeten WTF

Gutt digital equipéiert Klassesäll hëllefen eise Schüler, mee et gëtt nach vill ze maachen

Laut der OECD sinn zu Lëtzebuerg d’Schüler iwwerduerchschnëttlech resilient. Domat

Den IDAHOT, erkläert
Neiegkeeten WTF

Den IDAHOT, erkläert

Haut ass den internationalen Dag géint Homophobie, Transphobie an Biphobie,

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen
Neiegkeeten WTF

Wahlen an der D.R. Kongo: Keng Resultater awer Tendenzen

An der Demokratescher Republik Kongo (DRK) ass ee Sonndeg gewielt

surprise

De Staatsrot stellt sech beim Vermummungsverbuet vill Froen

De Staatsrot stellt sech beim Vermummungsverbuet vill Froen

De Staatsrot weist beim proposéierte Vermummungsverbuet mam Daumen no ënnen. Zwar erkennt den Organ d’Motivatioun an d’Argumentatioun vum Gesetz un, mee et géife vill Detailfroen ze kläre ginn. Villes dovunner läit dorunner, datt d’Gesetzespropositioun einfach ze vill Spillraum oppe léisst. Zum Beispill gëtt gefrot, wat dann alles zum ëffentlechen Transport dobäi gehéiere géif: sinn Servicer wéi Adapto, Felxibus, Call a Bus asw. och vun dësem Vermummungsverbuet betraff?

Wéi gesäit et mat Privatschoulen aus? Bei de Schoulen insgesamt kënnt eng Grondsazfro dobäi: Muss et eng ëffentlech Schoul sinn? Muss d’schoulesch Offer, wat do offréiert gëttden enseignement secondaire couvréieren? Bei dësem Aspekt géif sech dann och d’Fro stellen, op International Schoulen hei mat betraff sinn. Ausserdem gëtt festgehalen, datt Crèchen a Maison-Relaisen net dovunner betraff sinn.

Mee och bei den ëffentleche Gebaier stelle sech vill Froen: Sinn deen Ament och d’National Bibliothéik, d’Philharmonie, de Mudam oder d’Centres culturelles dovunner betraff?

Schwammeg Formuléierunge maachen vill Passage problematesch

Eng Opposition Formelle äussert de Staatsrot, soubal et ëm de Verbuet an de Klinike geet. Am Projet de Loi gëtt dem Direkter iwwerlooss, do d’Limitte fest ze leeën. De Staatsrot ass der Usiicht, datt dëst Verfassungswiddreg wier, well een domadder d’Applikatioun vun engem Gesetz enger Privatpersoun géing iwwerloossen. Ausserdeem wiere keng Prozedure festgehalen, wéi Ausnamen oder Kritäre festgeluecht kéinte ginn. Schonn eleng Begrëffer wéi “iwwert länger Zäit” (Durée prolognée am Original) géife vill Froen oploossen.

D’Gesetz goung ugangs August presentéiert. Sou richteg glécklech domat waren déi mannst.

 

 

Ähnlech Sujeten Burka, Lëtzebuerg, Vermummungsverbued
Nächsten Artikel Virrechten Artikel