Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Wielen heescht sech selwer fannen
Neiegkeeten

Editorial: Wielen heescht sech selwer fannen

Okay, den Titel ass elo e bëssche Philosophesch. E bréngt

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi
Neiegkeeten

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi

Lëtzebuerg deet sech mat der Digitaliséierung schwéier. Sou vill ass

Fleegeversécherung: Wann et zur Reform vun der Reform kënnt
Neiegkeeten

Fleegeversécherung: Wann et zur Reform vun der Reform kënnt

Nodeems de Regierungsrot de leschte Freideg de Verbesserungen un der

En entscheedende Schratt fir d‘Hëllef vu vernoléissegten a mësshandelte Kanner

En entscheedende Schratt fir d‘Hëllef vu vernoléissegten a mësshandelte Kanner

D‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP) felicitéiert d‘ALUPSE fir déi exemplaresch Kollaboratioun mat de Spidoler an dem LNS, am Kampf géint d‘Vernoléissegen a d‘Mësshandlung vu Kanner.

Fir verstäerkt d‘Hëllef fir mësshandelt Kanner, d‘Preventioun vun der Gewalt an d‘Vernoléissege vum Kand, ze fërderen, huet d‘ALUPSE am Juli e Kollaboratiounsvertrag mat de véier Maternitéen zu Lëtzebuerg an dem nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) ënnerschriwwen.

Dëse Vertrag, dee vun der Divisioun „Médecine Sociale“ vum Gesondheetsministère opgesat ginn ass, huet et méiglech gemaach, den Engagement tëscht der ALUPSE a fënnef wichtege Partner, an dësem delikate Beräich ze formaliséieren. Esou konnte Situatioune vun engem soziale Risiko scho virun der Gebuert festgestallt ginn.

D‘Gesondheetsministesch ënnersträicht: „D‘Kandsmësshandlung ass e schwéiere Problem vun eiser Gesellschaft an eng traureg Realitéit. Eleng 2017, waren (zu Lëtzebuerg) iwwer 300 Kanner concernéiert“.

En exemplarescht Engagement

Am Kader vum Kollaboratiounsvertrag, kënnen d‘Spidoler an den LNS de „Service de Pediatrie multidisciplinaire“ vun der ALUPSE, deen sech ëm Kanner oder déi zukünfteg neigebuere Kanner këmmert, déi engem Risk vu Mësshandlung oder Vernoléissegung ausgesat sinn, uruffen.

„D‘Maternitéë vun de Spidoler déi de Vertrag ënnerschriwwen hunn, sinn déi haaptsächlech Plaze wou, déi sozial Pediatrie sech als Intermediaire tëscht dem Reseau „Intrahospitalier“ an dem Reseau „Extrahospitalier“, duerch Reuniounen déi all Woch stattfannen, forméiert. Bei dëse Reuniounen, sëtzen d‘Equippe vun der ALUPSE mat de Responsabel vun de Maternitéen an de Sozialaarbechter zesummen, fir déi verschidde Situatiounen ze analyséieren, an déi beschte Léisung fir entdeckte Risiko-Familljen ze fannen“, erkläert den Dr. Roland Seligmann, Pediater a President vun der ALUPSE.

De multidisziplinäre Service vun der sozialer Pediatrie bitt ënnert anerem un:

  • eng Evaluatioun vun den therapeutesche Besoine vun de Clienten, op kompetent an neutral Aart a Weis;
  • d‘Ausschaffe vun engem prezisen therapeutesche Projet, deen op enger medezinescher Diagnose berout, deen an enker Zesummenaarbecht mat de behandelenden Dokteren a Fleeger, esou wéi mat den Spidoler, elaboréiert ginn ass;
  • d‘Ënnerstëtzung vum Spidol an den Dossiere vu mannerjärege Kanner, déi duerch de Parquet oder d‘Jugendgeriicht „placéiert“ goufen;
  • déi medezinesch Ënnersichung vun de Mannerjäregen, wann eng Ufuerderung duerch d‘Justiz virläit.

D‘Spidoler hunn sech hirersäits derzou verflicht, d‘Aktivitéite vun der ALUPSE an hire Gebaier zouzeloossen, wann dat vum Personal gefrot gëtt. Si dierfen an dësem Kontext un de Reuniounen am Kader vun der Preventioun, dem Diagnostik an der Behandlung vun der Mësshandlung, op Ufro vun den Dokteren an dem Fleegepersonal vum concernéierte Spidol, deelhuelen.

„D‘Zesummenaarbecht tëscht de betraffene Servicer, dem LNS an der ALUPSE ass exzellent. Vill gudde Wëllen, an en exemplarescht Engagement, sinn déi noutwenneg Qualitéite fir sech dëser Problematik unzehuelen“, preziséiert d‘Lydia Mutsch.

An dësem Sënn kann sech d‘ALUPSE un den LNS wenne fir:

  • d‘Evaluatioun duerch de Geriichtsmedeziner vun de Verletzungen, oder verdächtege Spuren, déi d‘Resultat vun enger Vernoléissegung oder Mësshandlung bei engem Kand sinn;
  • d‘Determinatioun vun der Ursaach an den Ëmstänn, vun dëse Verletzungen oder Spure, mat engem raisonnabele Grad u Sécherheet;
  • déi vernetzten Zesummenaarbecht mat anere medezinesche a juristesche Strukturen, national an international, ze koordinéieren.

Esou kann een ofschléissend festhalen, datt dës Kollaboratioun e wichtege Schratt fir d‘Hëllef fir Kanner déi Affer vu Vernoléissegung oder Mësshandlung gi sinn.

Foto: Um Siège vun der ALUPSE haten sech d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch, de President vun der ALUPSE, Dr. Roland Seligmann, mat de Vertrieder vun de Spidoler an dem LNS, getraff, fir déi exzellent Zesummenaarbecht ze feieren. © sip/MSAN

Ähnlech Sujeten ALUPSE, CHdN, CHEM, CHL, Gesondheetsministère, HRS, LNS, Lydia Mutsch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel