Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mam Bléck op en „haarden“ Brexit, ginn a Groussbritannien Medikamenter stockéiert
Auto International cancer man dating a scorpio woman leighton meester dating

free us dating sites

Déi britesch Pharmaindustrie huet e Freideg bekannt gemaach, datt si

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: den aachten Dag
Auto International cancer man dating a scorpio woman leighton meester dating

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: den aachten Dag

Et ass de perfekten Ofschloss fir „Team Lëtzebuerg“ bei den

Däitschland stellt sech wéinst IG-Metall op ongemittlech Zäiten an
Auto International cancer man dating a scorpio woman leighton meester dating

Däitschland stellt sech wéinst IG-Metall op ongemittlech Zäiten an

Déi mächteg IG-Metall, déi gréissten däitsch Gewerkschaft, huet haut de

Den Dylan verpasst de Podium nëmme knapp

Lëtzebuerger Pilot kann sech am Porsche Mobil 1 Supercup Rennen zu Mexiko behaapten

Den Dylan verpasst de Podium nëmme knapp

Nodeems den Dylan Pereira e Samschdeg zu Mexiko regelrecht „ofgeschoss“ gouf an säin Team och zolidd Aarbecht um Porsche GT3 Cup hat, huet de Lëtzebuerger sech bei der zweeter Manche vum Sonndeg nees behaapte kënnen. Hie kann esou d‘Saison erfollegräich ofschléissen an huet zugläich der internationaler Konkurrenz gewisen, datt hien ee vun de séiersten op der Pist ass.

Et war e Sonndeg dann och déi 10. an domatter lescht Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup vun dëser Saison. Dem Dylan Pereira säi Gefier, dat wéi scho bericht, zimlech béis lädéiert gouf, konnt awer vu sengem Team nees kompetitiv gemaach ginn, woumatter net all d‘Erwaardunge vum jonke Lëtzebuerger zerstéiert goufen. An de Pilot vum Momo Megatron Lechner Racing Team sollt dann och ënner beweis stellen, datt wann een hie fuere léist, och d‘Ronnenzäite richteg gutt sinn.

Podium

Vu Startplaz 7 op eng véiert Plaz virgefuer… den Dylan Pereira ass ee vun de séierste Piloten am Porsche Mobil 1 Supercup Zirkus. © Porsche Mobil 1 Supercup, Mexiko 2019

Um Sonndeg awer ass, entspriechend der Qualifikatioun, de Lëtzebuerger vun der 7. Startplaz an d‘Course gaangen. Op engem esou uspriechende Circuit wéi dee vum Autodrom Hermanos Rodriguez bedeit dat, datt een e ganz gudden Depart muss erwëschen, wann ee mat der Spëtzt wëll bäihalen. Iwwerhuelen ass net einfach an d‘Altitude vun der Streck impaktéiert d‘Performance.

Ouni Schrecksekonn geet et dann awer net

Dat mam „Start“ ass fir eise Lëtzebuerger net de Problem an hie konnt dann och direkt nom Depart zwou Plaze gutt maachen. Eng gutt Prestatioun vum Dylan Pereira, déi awer duerch eng „Touche“ ëm en Hoer versaut gi wier. Nom „Kontakt“ war den Dylan nees op seng 7. Plaz zréckgefall an hien huet sech zolidd missen ustrengen, fir déi aner net dervu kommen ze loossen. Hien huet alles gi wat de Porsche GT3 Cup u Kraaft bereet war zur Verfügung ze stellen an et sollt sech opgoen.

Podium

De Jaxon Evans aus Neiséiland huet sech géintiwwer dem Dylan Pereira an der leschter Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup duerchgesat kritt. © Porsche Mobil 1 Supercup, Mexiko 2019

An der véierter Ronn hat sech den Dylan Pereira dann och schonn nees op déi 5. Plaz virgekämpft, an der 7. Ronn dunn hat hien déi véiert Plaz sécher. De Podium war gräifbar, well de Lëtzebuerger eigentlech eppes méi séier ënnerwee war wei deen op der 3. Plaz geleeëne Jaxon Evans. Deen awer wollt aus verständleche Grënn och op de Podium an huet sech entspriechend zur Wier gesat.

Keng vun den Attacken déi de Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing ugesat huet, konnt de Géigner aus der Rou bréngen, an deen huet seng Rennmaschinn „breet“ op der Pist opgestallt. Et ass also net opgaangen, woubäi déi 4. Plaz um Sonndeg, gemooss un allen onglécklechen Ëmstänn déi de Weekend gepräägt hunn, déi gutt Leeschtung vum Lëtzebuerger an der Saison ënnersträicht. Net ze vergiessen, datt technesch Problemer, eng besser Plaz am Championnat verhënnert hunn.

Podium

© Porsche Mobil 1 Supercup, Mexiko 2019

Alles an allem awer ass och dës Saison an der „grousser Klass“ fir den Dylan Pereira nees eng „onvergiesslech“. Dat geet op de Kont vu senge Victoiren: déi um Hockenheimring (wou leider d‘Punkten net gezielt goufen, wat sech op d‘Generalklassement auswierkt) an déi grandios Reussite zu Spa-Francorchamps. Elo heescht et awer emol alles genéissen an op sech awierke loossen.

Resultater vun der leschter Manche zu Mexico City

  • 1. Julien Andlauer (F/martinet by ALMERAS)
  • 4. Dylan Pereira (L/Momo Megatron Lechner Racing)

Generalklassement

  • 1. Michael Ammermüller (D/BWT Lechner Racing), 153 points
  • 2. Nick Yelloly (GB/Fach Auto Tech), 146 points
  • 3. Thomas Preining (A/BWT Lechner Racing), 135 points
  • 9. Dylan Pereira (L/Momo Megatron Lechner Racing)

Méi vum an iwwert den Dylan:

Foto: © Porsche Mobil 1 Supercup, Mexiko 2019

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Mexiko, Momo Megatron Lechner Racing, Porsche Carrera Gt3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel