Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Euro-Composites zu Iechternach: Eng Hal vun 2000 m² a Flamen
Meenung Neiegkeeten

Euro-Composites zu Iechternach: Eng Hal vun 2000 m² a Flamen

Gëschter Mëtteg um 12:30 Auer ass beim 112 een Appell

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2
Meenung Neiegkeeten

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2

No eiser éischter Ronn lescht Woch hu mer och dës

Simon „IPA“: ënner fënnef Happzorte leeft hei keng
Meenung Neiegkeeten

Simon „IPA“: ënner fënnef Happzorte leeft hei keng

Wann ee sech aleedend muss agestoen, datt en Indian Pale

Eng verpasste Chance fir eng nohaltegt Agrarwirtschaft

EU-Landwirtschaftsreform gëtt blockéiert

Eng verpasste Chance fir eng nohaltegt Agrarwirtschaft

Am Oktober 2020 sollt de méijärege finanzielle Kader an déi Gemeinsam Agrarpolitik (GAP) vun der EU ugeholl ginn. Wëll d’EU-Länner sech net eenege konnten, huet den Agrarausschoss vum europäesche Parlament um 28. Abrëll enger Verlängerung vun der bestoender Agrarfërderung fir déi nächst zwee Joren zougestëmmt, ausser de méijärege finanzielle Kader vun der EU an d’GAP ginn nach am Oktober 2020 ugeholl.

Sollt et bei dëser Iwwergangsveruerdnung bleiwen, da gëtt den aktuelle Fërdersystem vun der GAP mat sengen desastréise Folge fir Ëmwelt, Biodiversitéit a schliisslech och fir eng bäuerlech Landwirtschaft ouni substantiell Ännerungen ëm bis zu zwee Joer verlängert. D’Chance fir eng „gréng“ Wend, de Green Deal och an der Landwirtschaft ëmzesetzen, wier soumat verpasst.

Dës Ofstëmmung fir eng Verlängerung vun der bestoender Subventiounspolitik wäert déi bekannt a bedenklech Schwächten am Hibléck op Nohaltegkeet an Ëmweltschutz weider verschäerfen.

Besonnesch bedenklech ass, datt den Agrarausschoss decidéier huet, direkt a Verhandlunge mam Agrarrot ze trieden, ouni säi Rapport am Mee vum gesamte Plenum vum Parlament ofseenen ze loossen an et soumat ze „ëmgoen“. Och wann d’Coronakris déi parlamentaresch Aarbecht erschwéiert, sollt bei enger Decisioun iwwert jäerlech 60 Milliarden Euro u Steiergelder trotzdeem grouss Suergfalt walten an déi demokratesch Reegele respektéiert ginn.

Dës Iwwergangsveruerdnung vun zwee Joer ka soumat manner als eng reng technesch Verlängerung, mee vill méi als politesch Decisioun gesi ginn, fir och weiderhin eng destruktiv, net méi zäitgeméiss Agrarpolitik ze fërderen.

Elo huet den EU-Agrarausschoss d’EU-Parlament iwwert dësen Entschloss informéiert an huet dorobber spekuléiert, datt et ouni Debatt um 13. oder 14. Mee ugeholl gëtt, ausser 76 EU-Deputéiert leenen den Entschloss of. Déi Gréng hunn allerdéngs vun hirem Recht Gebrauch gemaach an hunn eng Demande fir eng Plenarofstëmmung am Plenum vum Europäesche Parlament gestallt, ier déi institutionell Gespréicher ufänke sollten.

D’Ofstëmmung gëtt fir dëse Freideg, de 15. Mee erwaart. Just am Fall vun engem Erfolleg géif et eng zweet Ofstëmmung ginn, déi Ännerungen vum GAP-Virschlag erméigleche géif.

Meng Landwirtschaft appelléiert un déi sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert Awand géint des net nohalteg Agrarpolitik a géint dësen net akzeptabelen an ondemokratesche Prozess vum Agrarausschloss ze erhiewen.

Entspriechend Reforme mussen elo endlech kommen, der Natur an der Biodiversitéit goufe besonnesch duerch déi gefërdert, destruktiv Praktiken scho vill Schuet zougefüügt. Wat d’Entscheedungsdréier déi noutwenneg Upassunge méi erauszéien, ëmsou méi staark wäert spéider den Upassungsdrock sinn. D’Decisioun, wéi d’Agrarpolitik bis zum Enn vum Joerzéngt ausgesi wäert, steet nach aus a mir wäerten am Virfeld vun der Plenarofstëmmung Enn dës Jores alles doru setzen a fir eng naturverdréiglech GAP kämpfen.

Matgedeelt vu Meng Landwirtschaft

Ähnlech Sujeten Agrarrot, Biodiversitéit, déi gréng, GAP, Gemeinsam Agrarpolitik, Meng Landwirtschaft, Nohaltegkeet, Plenarofstëmmung, Rapport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel