Search

You may also like

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau
Money Neiegkeeten

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau

De ländlechen ëffentleche Verkéier (RGTR) gëtt bekanntlech net nëmme vum

De Mark Zuckerberg muss sech haut schwéiere Froe stellen
Money Neiegkeeten

De Mark Zuckerberg muss sech haut schwéiere Froe stellen

De Mark Zuckerberg, Chef vu Facebook, gëtt haut am europäesche

Gëtt et deemnächst ee Blutttest zur Alzheimer-Fréierkennung?
Money Neiegkeeten

Gëtt et deemnächst ee Blutttest zur Alzheimer-Fréierkennung?

D’Erkrankung vum Vergiesse gëtt vun alle gefaart. Bis ewell kann

money

Verreente Mantelsonndeg

Verreente Mantelsonndeg

Eigentlech wëll et d‘Traditioun, datt op dësem Dag richteg eng an de Geschäfter lass ass, mee bei deem Wieder an och nach mat Coronavirus-Alarm, hunn d‘Leit et virgezu vun de Couch aus hir Akeef ze erleedegen.

Wien sech op Mantelsonndeg an d‘Uewerstad deplacéiert huet, hat de Präbbeli bei Hand. An esou huet sech an der Groussgaass en éischter bedréckend Bild gebueden. Wéineg Passanten an nach manner Leit an de Geschäfter, dat huet dem Eenzelhandel net gutt gedoen. Déi mannst hunn hir Enttäuschung fir sech behalen, hat een dach gehofft, datt dëse viraussiichtlech leschte Weekend virun de neie Restriktiounen d‘Leit motivéiert hätt.

Mantelsonndeg

Unisono heescht et: „Am direkte Verglach zu 2019, hu mir en zolitte Minus gemaach“. Datt elo nees verstäerkt op den Télétravail soll zeréckgegraff ginn, ass eng weider Nouvelle, déi dem Eenzelhandel, mee och dem Horesca-Secteur op d‘Gemitt schléit. Wann elo kéint dem schlechte Wieder op Mantelsonndeg eng gewësse Schold zouschreiwen, esou gëllt dat Argument ënnert der Woch net. Do komme vill Leit an der Mëttegstonn…

Eng vun de grousse Suergen ass dann och, datt de Leit hir Akafslaun oder -Loscht an de virtuelle Raum verlagert, an déi sech dorunner gewinne kéinten. Dat géif heeschen, datt och no der Kris manner Clienten sech hir wënsch „analog“ also am Geschäft berode loossen an do och kafen. Eng seriéis Feststellung, déi sech unhand de Verkafszuelen op „lëtzshop.lu“ och partiell bestätegt, woubäi de Lëtzebuerger och op Amazon gutt ënnerwee ass.

Illustratioun: © Erik McLean / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Eenzelhandel, Mantelsonndeg, Verkafsoppene Sonndeg
Next post Previous post