Search

You may also like

Brauch de Krautmaart eng Reform?
Meenung Neiegkeeten

Brauch de Krautmaart eng Reform?

Am Kéisécker-Info vum Februar, der Revue vum Mouvement Ecologique (Meco),

Covid-19: Ënnerstëtzung fir Entreprisen, déi sech emorientéieren
Meenung Neiegkeeten

Covid-19: Ënnerstëtzung fir Entreprisen, déi sech emorientéieren

Am Kontext vun der Covid-19-Pandemie besteet eng immens grouss Nofro

EU-Parlamentarier verwerfen d’Reform vun den Autorerechter
Meenung Neiegkeeten

EU-Parlamentarier verwerfen d’Reform vun den Autorerechter

Bréissel wollt sech eng „Copyright-Direktiv“ ginn, mee um Donneschdeg huet

Geféierlecht politescht Onwëssen

D'Pirate maachen op d'Gefore vun engem Verschlësselungsverbuet op Messenger-Déngschter opmierksam - Een Appell, dee gëschter Mëtten an der Chamber net ukomm ass

Geféierlecht politescht Onwëssen

Den 19.November gouf an der Chamber, op Initiativ vun de Piraten, iwwert ee Recht op Verschlësselung bei Messenger-Déngschter diskutéiert.

An enger Aktualitéitsstonn hu mi-Ministerrot de 6. November een Entworf fir eng Resolutioun virgeluecht huet, déi Plattformbedreiwer, wéi Whatsapp oder Signal, zwénge soll Generalschlësselen unzeleeën an et esou de Geheimdéngschter ze erlaben eng Enn-zu-Enn verschlësselt Kommunikatiounen tëscht Privatpersounen zu all Moment entschlësselen ze kënnen.

D’Pirate warne vehement virun esou engem Generalschlëssel, well dëse géing séier vu Kriminellen ofgefaange ginn a vun de Plattformbedreiwer fir hier eegen Zwecker mëssbraucht ginn. Och géingen d’Verbriecher d’Plattforme wei Whatsapp einfach verloossen an op néie Weeër matenee kommunizéieren. Dëse Projet géing also net zou méi Sécherheet féieren, mee wier ee weidere Schrëtt a Richtung vun engem gliesene Bierger a géif am Endeffekt eis national Sécherheet ënnergruewen!

Wa mir doriwwer schwätzen, Hannerdieren a verschlësselt Chats anzebauen, da schwätze mir vun engem Verstouss géint eis fundamental Rechter op Privatsphär an Dateschutz.

Da schwätze mir dovunner Geheimdéngschter, Regierungen a groussen Entreprisen, wéi Facebook, ee Schlëssel ze ginn, mat deem si d’Totalitéit vun eiser Kommunikatioun am Internet matliese kënnen an Hannerdieren opzemaachen, déi eis Sécherheet am Internet liichtfäerteg op d’Spill setzen.

Déi Leit, déi d’Autoritéite mat deem ganze Projet viséieren – Terroristen a Schwéierverbriecher – wäerten sech der Saach entzéie kënnen. Ma, wat bleift, si Millioune vu Leit, déi sech näischt zur Scholde komme gelooss hunn an einfach mat hire Frënn an hirer Famill a Kontakt bleiwe wëllen.

Dës Mesure wäert eis Bierger net virun terroristeschen Attacke schützen. D’Attentat zu Wien konnt net verhënnert ginn, well d’Police-Unitéiten net richteg zesumme geschafft hunn an déi néideg Informatiounen net bei den zoustännege Léit ukomm sinn. Dorunner hätt ee Generalschlëssel zu sengem Whatsapp Account näischt geännert.

Et hëlleft net, datt wann een d’Nol am Heekoup sicht an net fënnt, nach méi Hee op de Koup ze schëppen.

D’Diskussiounen op EU-Niveau lafe virun a schonn nächste Mount kéint et zur Ofstëmmung vun dësem fuerlässege Projet kommen. D’Regierungsparteie vun der DP, der LSAP an de Gréngen hunn eis Virschléi haut an der Chamber ofgeleet an déi zoustänneg Ministere Kox a Bettel hunn ugedeit, dass sinn dëse Projet géingen ënnerstëtzen. Si hunn och refuséiert der Chamber Accès zur aktueller Versioun vum Dokument ze ginn oder d’Dokumenter mat den Interventioune vun den zoustännege Ministeren am EU-Ministerrot souwéi de Recommandatioune vum COSI virzeleeën.

D’Piraten hunn dofir elo bei der Chamber eng Kommissiounssëtzung mat den zoustännege Ministeren ugefrot, fir nach virun der endgülteger Decisioun nach eemol op d’Gefore vun dësem Projet kënnen opmierksam ze maachen. Mir hunn an deem Kontext och nach eemol Accès zu den Dokumenter vum EU Ministerrot gefrot.

D’Piraten zu Lëtzebuerg souwéi a ganz Europa wäerten alles maachen, fir d’Majoritéitsparteien iwwert d’Gefore vun dësem EU Projet opmierksam ze maachen an eist Recht op Privatsphär am Internet ze verdeedegen!

Matgedeelt vun der Piratepartei – d‘Meenunge vun de Parteie sinn hir eegen

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Digitaliséierung, Grondrechter, Piraten, Piratepartei, Verschlësselung, Verschlësselungsverbuet
Next post Previous post