Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EHF-Cup: Dem Handball Käerjeng geléngt den Exploit
Neiegkeeten

EHF-Cup: Dem Handball Käerjeng geléngt den Exploit

Um Sonndeg ass an der Hal zu Käerjeng de Retourmatch

Festnam vum Tilly Metz an der Belsch
Neiegkeeten

Festnam vum Tilly Metz an der Belsch

No enger Protestaktioun um belsche Militärstëtzpunkt „Kleine Brogel“ ass d’Europadeputéiert

Europa leeft de Schweess an der „Aarschfuer“ zesummen, eng Bestandsopnam
Neiegkeeten

Europa leeft de Schweess an der „Aarschfuer“ zesummen, eng Bestandsopnam

Mat der Hëtztwell déi Europa am Grëff huet, a firwat

Lidl stäipt sech géint Verschwendung vu Liewensmëttel

Lidl stäipt sech géint Verschwendung vu Liewensmëttel

Et ass gewosst – an och verständlech – datt d‘Entscheedung vun der Handelsketten „Lidl“ eppes géint d‘Verschwendung vu Liewensmëttel ze ënnerhuelen och mat der Kommunikatiounsstrategie vum Grupp ze dinn huet. An awer ass e wichtege Schratt an déi richteg Richtung.

Bewosst a verantwortlech konsuméiere läit am Trend, datt hunn se och bei „Lidl“ erkannt, an dofir kënnt een dem Client dann och e Stéck entgéint. D‘Aktioun „Gudden Appetit, null Verschwendung“ huet zum Zil den Undeel vu Liewensmëttel, déi bis ewell an der Dreckskëscht gelant sinn, bis 2020 ëm 25% a bis 2025 ëm ganzer 50% ze reduzéieren. An de Prinzip ass u sech och relativ einfach…

Esou gi elo déi Liewensmëttel, déi wuel esou net méi verkeeflech, mee awer nach onbedenklech ze konsuméiere sinn, ganz attraktive Konditiounen un de Mann, respektiv d‘Fra bruecht. Als Beispill kann een de Kuerf Äppel huelen, an deem et vir kënnt datt emol en Apel seng biologesch Liewensdauer iwwerschratt huet. Da gëtt de Kuerf opgemaach, an de Rescht verbëllegt verkaf ginn.

Déi esou auszortéiert Uebst- oder Geméiszorte ginn a Kartongen zu 3 Kilo opgedeelt, an de Client kann sech esou seng Vitaminne fir 1 Euro mathuelen. Am Fall vu Fleesch an/oder Fësch an och d‘Saachen aus der Bäckerei, gëtt et gläichfalls zolidd Remisen. Woubäi et hei scho bis zu 30% Rabatt gëtt, wann d‘Produkt dem Oflafdatum méi no kënnt. Hei heescht et d‘Ae gutt ophalen .

Jiddereen huet eppes dovunner

Bei de Mëllechproduiten an de „preparéierte Platen“, déi zum Oflafe kommen, konnt den Tarif dann och op 20 Cent fixéiert ginn. Do lount et sech dann och säin Akaf, oder villméi seng Gewunnechten eppes ze iwwerdenken. Et ass, wéi gesot eng Marketing a Kommunikatiounsoffensiv, déi dann awer der Nohaltegkeet an der Kafkraaft zolidd entgéint kënnt. Wann et kopéiert gëtt, ëmsou besser.

D‘Handelsketten „Lidl“ huet zu Lëtzebuerg eng Dose Geschäfter, an am Schnëtt „produzéieren“ déi pro Woch bis zu annerhallef Tonn Liewensmëtteloffäll. De Gros dovunner ass direkt an de Bac gewandert, aneres Energie ëmgewandelt ginn. An Ëmmer wann et méiglech ass, ginn dës Wueren un déi sougenannt „sozial Epicerie“ vum Roude Kräiz an/oder der Caritas weidergereecht.

Mam Changement deen elo agefouert kënnt, soll dësen awer elo net eng Ressource verluer goen. Et ass säitens „Lidl“ virgesinn, datt den Erléis deen duerch de Verkaf vun den „ausrangéierte Liewensmëttel“ erziilt gëtt, integral zougestane gëtt. Et sollt een et also begréissen, datt et do eng Entreprise gëtt, déi sozial verantwortlech agéiert, och wann et virun allem eng gutt Reklamm ass.

Ähnlech Sujeten Eenzelhandel, LIDL, Liewensmettel, Liewensmëttelsécherheet, verantwortlech Konsuméieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel