Search

You may also like

Wann e bis rullt, rullt et?
Neiegkeeten

Wann e bis rullt, rullt et?

Et gouf scho vill – ganz vill! – iwwert den

50 Joer „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“
Neiegkeeten

50 Joer „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“

Et war am Joer 1968, wou d‘Straussfeier vun den éischten

Produktiv a erfreelech Visitten op d’New Yorker Bourse an d’UNO fir de Xavier Bettel
Neiegkeeten

Produktiv a erfreelech Visitten op d’New Yorker Bourse an d’UNO fir de Xavier Bettel

De Premierminister Xavier Bettel ass am Moment op Visite zu

Mask un: Wéi eng Verschwörungstheorie bei Anti-Corona-Demo gehollef huet

Mask un: Wéi eng Verschwörungstheorie bei Anti-Corona-Demo gehollef huet

D’Meenungen zur aktueller Covid-19-Situatioun ginn nach ëmmer wäit auserneen. An esou sti sech Maskendréier an Aluhutt-Verfechter stur géigeniwwer. De Supercedi, alias Cedric Schild, vun Izzy Projects weist op kreativ Aart a Weis, wéi een d’Pandemie-Leugner zum Droe vun der Mask beweegt. Dobäi gi si mat hiren eegene Mëttel geschloen.

De Coronavirus ass just e Moyen vum Bill Gates, fir d’Mënschheet ze impfen an Zwangsiwwerwaachung ausüben ze kënnen. Covid-19 ass eng Biowaff aus engem Labo aus Wuhan oder den USA, respektiv sinn déi nei 5G-Antennen fir d’Verbreedung vun der Longekrankheet verantwortlech. Sou – Aluhutt aus. Mee dës an ähnlech Verschwörungstheorien ginn ëm d’Welt a fannen zuelräich Supporter, déi mat Demonstratiounen „fir Fräiheet kämpfe wëllen“.

MaskScreenshot – YouTube Video “Wie du Maskengegner dazu bringst, eine Maske zu tragen” vu Izzy Projects

De schwäizer Social-Media-Journalist a Komedien Cedric Schild, huet sech als Zil gesat aktiv ze ginn. Wa scho Protest-Aktiounen organiséiert ginn, bei deene keng Distanz agehale gëtt, esou muss een d’Mënschen awer iergendwéi dozou kréien, sech eng Mask virun d’Gesiicht ze spéngelen, a wann et och just géint d’Staatsiwwerwaachung ass.

D’Ekipp vun Izzy huet esou eng eegen „immens plausibel“ Verschwörungstheorie opgestallt an dës op Informatiounsflyer verbildlecht. D’Police géif schliisslech d’Demonstrante filmen, se per Gesiichtserkennung identifizéieren an uschléissend haart bestrofen.

Dës Erklärung schéngt esou vill Androck ze hunn, datt sech d’Participanten direkt de Mask mat der Opschrëft „Dës Mask bréngt näischt ausser géint d’Staatsiwwerwaachung“ viru Mond an Nues dinn.

Ofschléissend beweist de Video awer och, wéi liicht verschidde Mënschen ze beaflosse sinn. An enger Zäit, wou vill Onsécherheeten zum Thema Covid-19 bestinn, wou Dag fir Dag Restriktiounen a sanitär Moossnamen ännere kënnen an déi richteg Léisung nach ëmmer net konnt fonnt ginn, weess kee vun eis wou d’Wourecht läit. Datt et de Virus awer tatsächlech gëtt, sollte mir sou lues verstanen hunn.

Related topics Aluhutt, Anti-Corona-Demo, Covid-19, Gesiichtserkennung, Izzy Projects, Mask, Pandemie, Police, Schwäiz, Staatsiwwerwaachung, Verschwörungstheorien
Next post Previous post