Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
SLEG: Wann et muss sinn da gëtt ebe Gestreikt
Fail Kultur Stories

SLEG: Wann et muss sinn da gëtt ebe Gestreikt

Am Lënster Lycée, hat d‘Gewerkschaft vun de graduéierten Educateuren (SLEG)

Dramatesche Réckgang vu Vullen: Déi Rout Lëscht erweidert sech
Fail Kultur Stories

Dramatesche Réckgang vu Vullen: Déi Rout Lëscht erweidert sech

Gëschter Moien huet natur&ëmwelt op seng Presentatioun zur neier Rouder

Jemen vu gréisster jee provozéierter Hongersnout bedreet
Fail Kultur Stories

Jemen vu gréisster jee provozéierter Hongersnout bedreet

„Am Jemen ass d‘Gefor vun enger Hongersnout, an engem Ausmooss

dislike

Verspillte Massen

D‘Gamescom wiisst all Joer, mee wat mécht et speziell?

Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Harald Fleissner
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Thomas Klerx
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Harald Fleissner
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Thomas Klerx
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Thomas Klerx
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Andreas Hagedorn
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Andreas Hagedorn
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Thomas Klerx
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Andreas Hagedorn
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Thomas Klerx
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Harald Fleissner
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Harald Fleissner
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Harald Fleissner
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Oliver Wachenfeld
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Oliver Wachenfeld
Verspillte Massen
Foto: Kölnmesse GmbH, Thomas Klerx

Gamescom ass dat gréissten Event fir Videospiller vun Europa. Och dëst Joer huet Gamescom erëm honnertdausende Gamer op Köln invitéiert fir déi neisten Trends vun der Videospillwelt ze weisen. Dëst Joer huet Gamescom en Rekord u Besicherzuelen erzielt, duerch eng Erweiderung vun der Fläsch op 201.000 Quadratmeter koumen 350.000 Visiteuren aus 106 Länner. Dovunner waren och eng 30.700 Fachvisiteuren do.

Am ganze waren 919 Aussteller präsent. Vill dovunner waren dem normale Besicher awer net zougänglech, well wie all Joer gëtt et och en grousse Presse- bzw. Fachvisiteursbereich.

Méi wéi nëmme Videospiller

Gamescom ass awer net nëmme Videospiller, mee bitt och en grousse Programm mat Cosplays, also Verkleeden fir enger Figur aus Spill, Film oder (Comic)Buch ähnlech ze sinn, verschidden Bühnen wou zb. Youtube-Stare optrieden awer och dem Gamescom City Festival an der Staat selwer. Fir Fachvisiteuren huet och nach d’Entwecklerevent Devcom, de Gamescom Kongress, ab den den Esports Kongress stattfonnt.

Zu de groussen Aussteller vun dësem Joer gehéieren zum Beispill Ubisoft mam neien Assassins Creed, South Park a Far Cry 5. Square Enix huet mat sengem Final Fantasy IV online d’Hallschent vun enger Hal gefëllt. En aneren wichtegen Aussteller ass Electronic Arts (EA) déi mat groussen Titelen wie Need for Speed, Fifa18 souwéi Star-Wars déi meescht Leit ugezunn hunn. Och Blizzard Entertaiment konnt d‘Masse begeeschteren. Doduerch, datt d‘Stänn gutt Besicht ware, hunn sech déi betraffen Halen relativ séier gefëllt. Anerer waren dogéint relativ Eidel. Dëst loung och dorunner, dass ze vill grouss Aussteller beieneen an enger Hal waren, amplaz méi Verdeelt ze sinn.

Manner Geld fir Marketing

Et mierkt een awer mëttlerweil, dass Aussteller manner fir Gamescom investéieren, sou koum et zum Beispill bei diversen Uspillstatiounen zu technesche Problemer mat feelerhaften Displays, Manetten oder och engem Serverausfall. Wann een déi lescht Joren nach mat physesche Werbeartikelen iwwerschott ginn ass, sou gouf et dëst Joer méi Rabattaktionen oder virtuell Spillgéigestänn.

Positiv opgefall ass, datt bei de Visiteure keng Angscht virun Terror ze mierken war. Dëst wahrscheinlech och duerch vill Security, wéi zum Beispill d‘Rucksak-Kontrollen direkt beim Betrieden vun der Messe. Bei de Rucksak-Kontrolle fréi Moies ass ee mat gudder Laun an och enger Portioun Humor begréisst ginn, wat awer net heescht, datt déi Leit net grëndlech geschafft hunn. Leider huet des Security och hier negativ Säiten, sou hunn d’Agenten reegelméisseg Weeër, déi ee wollt huele fir bei den Ausgang bzw. vun enger Hal an déi aner ëmmer erëm anescht ëmgeleet, sou datt ee sech ëfters verluer huet well offiziell Beschëlderung vun der Messe net mat der momentaner iwwertenee gestemmt huet.

Op der Gamescom ass fir jiddereen eppes dobäi a wéi ëmmer gouf et eng super Stëmmung. Et dierf een awer als Visiteur keng Angscht viru Mënschemassen hunn an et sollt een seng Visite schonn am Viraus bësse plangen.

Ähnlech Sujeten Däitschland, Gamescom, Kultur, Videospiller
Nächsten Artikel Virrechten Artikel