Search

You may also like

Benelux – déi staark Stëmm vun der EU!
Neiegkeeten

Benelux – déi staark Stëmm vun der EU!

„De Benelux, eng staark Stëmm matzen an der Europäescher Unioun“,

Chantier Pont Buchler: A weider geet et!
Neiegkeeten

Chantier Pont Buchler: A weider geet et!

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt duerch de Reamenagement

#BlackLivesMatter: Demonstratioun virun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

#BlackLivesMatter: Demonstratioun virun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg

Mam Dout vum George Floyd ass d’Roserei iwwer Diskriminéierung a

Spillt d‘Regierung mam Vertraue vun de Bierger?

Datt d‘Koalitiounsregierung sech am grousse Ganze bis ewell ganz virbildlech verhalen huet, dat dierf ee bei aller noutwenneger Kritik net aus den Ae verléieren.

Spillt d‘Regierung mam Vertraue vun de Bierger?

Mee déi gutt Gestioun vun dëser sanitärer Kris fänkt un ënnert de neier Kommunikatiounsstrategie zolidd ze leiden. D‘Press muss sech ëmmer méi op d‘Froe vun der Oppositioun beruffen, well sech d‘Relatioun tëscht de Medien an der Regierung däitlech ofgekillt huet. Besonnesch am Bezuch op déi annoncéiert Testreien – ab dem 19. Mee soll déi ganz Populatioun getest ginn – huet et Froen.

Dofir ass et da gutt, datt d‘CSV als gréissten Oppositiounspartei hiert Gewiicht an d‘Woschuel leet, an hire Froe muss d‘Gesondheetsministesch – esou wëll et d‘Gesetz – an engem raisonnabelen Delai äntweren. Vu datt eng Rei vun de Froen, déi d‘CSV-Fraktioun un d‘Paulette Lenert riicht scho vun enger Rei Journalisten – wuel an engem anere Wuertlaut – gestallt goufen, gi mir hei drop an.

Ganz Interessant: „Gett an Alters- a Fleegeheemer och op fräiwëlleger Basis getest, oder gëtt hei systematesch jidderee getest?“ – „Wéi vill Tester huet zanter Ufank vun der Testphas an den Alters- a Fleegeheemer ginn, a wéi vill vun dësen Tester ware positiv?“ – „Ginn dës Tester no enger gewësser Zäit widderholl?“.

Fräiwëllegkeet an Alters- a Fleegeheemer ass en zimmlech brisante Sujet. Gutt et ass net bekannt datt d‘Leit an dësen Institutioune géifen drangsaléiert ginn, mee et ass och net dovunner auszegoen, datt een hinnen an dësem presente Fall de Choix léisst. No Récksprooch mat Leit aus dësen Heemer steet jiddefalls fest: „Et ass einfach gemaach ginn an et huet kee sech deem verweigert“.

Dat geet aus de villen Aussoe vu Salariéeën aus Haiser am Süden, dem Zentrum an dem Oste vum Land ervir. Och d‘Personal – dat sech aus verständleche Grënn och fir dës Tester ausschwätzt – huet sech d‘Fro vun der Fräiwëllegkeet net gestallt, och wann et hei gewëssen Zweiwel gëtt, ob dës Tester, ouni datt ee Symptomer hätt, tatsächlech Sënn maachen. Et wier scho widderspréchlech…

Déi Deputéiert Paul Galles an Marc Spautz, wëllen dann och nach wëssen: „Ginn an dësem Zesummenhang och déi Persounen, déi doheem gefleegt gi getest?“ – „Wie féiert dës Tester duerch?“ – „Wie gëtt iwwert d‘Resultat vum test informéiert?“ – „Am Fall vu Persoune mat Demenz oder anere psychesche Pathologien, ginn d‘Famillje vun dëse Leit informéiert?“.

Weder „Hëllef doheem“ nach „Help“ wollt eis op Nofro dozou eng Äntwert ginn, a verweist op de Gesondheetsministère. Si missten awer, zumindest wat hir „Clienten“ ubelaangt Bescheed wëssen, wat d‘Vermuddung zouléisst, datt si ugewise goufen, sech net géintiwwer de Medien dozou ze äusseren. Mee och dozou heescht et: „Kee Kommentar“. Dat si esou d‘Spekulatioun undreiwen…

Och d‘Schüler solle jo getest ginn, firwat sech hei eigentlech déiselwecht Froen am Bezuch op déi fräi Entscheedung stellen. Wann een elo dovunner dierf ausgoen, datt si zur Majoritéit ganz vernënfteg mat der Necessitéit vun den Tester ausginn, esou muss awer gewosst sinn, datt esou eng Moossnam bei mannerjäregen, am Prinzip net ouni den Accord vun en Erzéiungsberechtegte geet.

Enn Mee soll jo awer och d‘Reprise vum Schoulunterrecht an de Grondschoulen agelaut ginn. Net all d‘Eltere wäerten hir Kanner an d‘Schoul schécken, a bis ewell sinn och keng Eltere gefrot ginn, op si esou engem Test zoustëmmen. Dat schléisst faktesch de Volet „Fräiwëllegkeet“ aus. Woubäi et hei net drëms geet den Sënn vun dësen Tester per se a Fro ze stellen. Mee et géif ee gär gefrot ginn.

Zudeem muss en dovunner ausgoen, datt wann d‘Regierung d‘Vollek systematesch well engem Test ënnerzéien, d‘Fräiwëllegkeet net wierklech eng gutt Viraussetzung ass, wat een dann awer och sollt deementspriechend kommunizéieren. Dat ass net geschitt, an dëse Beholl gëtt zu Laaschte vum dréngend noutwennege Vertrauen. Vun do aus un der Tracing-App ze zweiwelen ass et net wäit.

Illustratioun: © Matthew Schwartz / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, CSV, Fräiwëlleg, parlamentaresch Fro, Tester
Next post Previous post