Search

You may also like

surprise
Hëlleft den Tram eiser CO2 Bilanz?
Neiegkeeten

Hëlleft den Tram eiser CO2 Bilanz?

Den Tram bleift am Gespréich: Am Dezember gëtt den éischten

dislike
US-President beschëllegt Peking Pëtrol u Pyongyang ze liwweren
Neiegkeeten

US-President beschëllegt Peking Pëtrol u Pyongyang ze liwweren

E Freideg hat China dem Donald Trump seng Beschëllegungen zréckgewisen,

Ee Kaddo fir de Vëlo 2019 – Et rullt!
Neiegkeeten

Ee Kaddo fir de Vëlo 2019 – Et rullt!

Wien de Moien an der Haaptstad mam Vëlo ënnerwee war, deem

Verweigert sech de Cactus engem Kollektivvertrag?

Verweigert sech de Cactus engem Kollektivvertrag?

Nodeems et bei der Luxtram S.A. endlech zu engem Kollektivvertrag komm ass, wou sech d‘Direktioun iwwer dräi Joer mat Hänn e Féiss dergéint gestäipt huet, ass et elo d‘Direktioun vum Cactus, déi hirem Salariat e Kollektivvertrag verweigert. Dobäi ass et just e Spill op Zäit…

An engem gemeinsame Communiqué loossen d‘Gewerkschaften OGBL a LCGB wëssen, dat no iwwer engem Joer d‘Verhandlunge fir de Kollektivvertrag vum Cactus-Personal an der Sakgaass ukomm sinn. En duerchaus bedauerlechen Zoustand ugesiichts den exzellente Resultater déi de Grupp Opweises huet. Der Direktioun schéngt dann och net bewosst ze sinn, wien dat méiglech gemaach huet. Falls si allerdéngs géifen d‘Leeschtung unerkennen, wier hir Haltung beleidegend.

Datt de Respekt deem „anere“ géinteniwwer generell schéngt ze verschwannen, ass wuel keng Eegenaart vun der Direktioun – vun engem bis heihinner héich respektéierte Familljekonzern – woubäi et eigentlech bis heihinner ëmmer e konstruktiven Dialog tëscht Cactus a Gewerkschafte ginn huet. Mee zanter Januar hält d‘Cactus-Direktioun un enger inakzeptabeler Propose fest.

Si – déi jee no Posten dat villfacht vum déi fir de Gewënn zoustännege Personal verdéngen – bidden en Almosen un, ouni och nëmmen den Anstand ze hunn déi exzellent wirtschaftlech Situatioun vun der Entreprise ze berécksiichtegen. An et waren déi vill Hänn, déi Dag fir Dag d‘Clientèle beroden an zerwéieren, d‘Regaler araumen an d‘Lager am Grëff hunn, déi 2018 dem Cactus e „Rekordjoer“ besuergt hunn. Mee wat këmmert déi, déi niddreg Chargen?

Gitt iech keng sichen

Datt sech elo d‘Direktioun vum Cactus un déi rezent Beispiller vun aneren Entreprisen hält an op Zäit spillt, dat kéint een ënnert gewëssen Ëmstänn duerchaus verstoen. Datt et hinnen och léiwer wier et géif keng Gewerkschaften, déi duerch hir Verhandlunge mat der Direktioun och zum soziale Fridden an der Entreprise bäidroen, bezitt sech awer op ganz perséinlech Interessen.

Elo sinn sech d‘Gewerkschaften OGBL a LCGB awer eens an och der Meenung, datt d‘Salariat ee groussen – wann net den essentielle – Beitrag geleescht hunn, déi dem Cactus zu esou exzellente Resultater verhollef huet. Si sollte fir hiren Asaz, belount an net bestrooft ginn. Et sinn d‘Leit déi de Kontakt zum Client hunn, déi derzou bäidroen datt de Cactus bei de Lëtzebuerger beléift ass, wou et jo awer aner Acteure gëtt, déi duerchaus eng um Präis orientéiert alternativ zum Cactus duerstellen.

D‘Fuerderung vun de Gewerkschaften, de Salariéeën eng méi séier Progressioun beim Loun zouzegestoen – vun elo dräi Joer op zwee Joer – ass net verwerflech a géif d‘Motivatioun beim Personal déi gutt Performance oprecht ze erhale stimuléieren. Zudeem sollt et, ugesiichts der Wirtschaftsleeschtung méiglech sinn, enger linearer Erhéijung fir all d‘Salariéeën zouzestëmmen.

Elo wou et dann ufänkt „ongemitterlech“ ze ginn, a well ee jo iergendwéi awer muss virukommen, verweisen d‘Gewerkschaften op déi hinnen zur Verfügung stoende Mëttel fir déi legitim Fuerderung vum Salariat duerchzesetzen. Et geet ëm e Kollektivvertrag vu ronn 3.200 Mataarbechter, wat och fir eng Cactus-Direktioun als „kritesch Mass“ sollt erkennbar sinn. Esou sief drop higewisen, datt och nëmmen e klenge Streik, sech op déi gutt wirtschaftlech Situatioun géif auswierken…

Related topics Cactus, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL
Next post Previous post