Search

You may also like

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen
Neiegkeeten

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen

An der Schwäiz haten d‘Gewerkschaften d‘Fraen opgeruff um Punkt 15.24

Meng DNA benotzen? Jo, mee …
Neiegkeeten

Meng DNA benotzen? Jo, mee …

Eist Wëssen iwwer DNA gëtt all Dag méi grouss. Jidderee

D’Santé réit zur Grippe-Impfung
Neiegkeeten

D’Santé réit zur Grippe-Impfung

Mam Wanter huet och d’Saison vun der Gripp nees ugefaangen.

(Nach) keng gréisser Verwerfungen um Aarbechtsmaart

Bezunn op eleng d‘Lag am Kontext vun der sanitärer Kris, bleiwen d‘Chômagezuele stabil

(Nach) keng gréisser Verwerfungen um Aarbechtsmaart

Et gëtt masseg Sozialpläng: d‘SES, ArcelorMittal, Luxair, BCD Travel, Guardian an Eurofoil setzen zesummen honnerte Leit op d‘Strooss. Och kleng Entreprisen, deenen hir Aktivitéiten duerch de Coronavirus a Matleedschaft gerode sinn, kënnen net all hir Mataarbechter behalen. An awer bleift d‘Zuel vun den op der ADEM ageschriwwene stabil.

Dat huet engersäits vill mam Regierungsprogramm ze dinn, déi jo engersäits massiv Kuerzaarbecht ënnerstëtzt an och soss wierklech beméit ass méiglechst vill Leit an Aarbecht ze behalen; an anersäits mam Widderstand vun de Gewerkschaften déi bei den Tripartitten eng Rei Fuerderungen duerchgesat kruten. An esou ass trotz der Kris, d‘Situatioun um Aarbechtsmaart iwwersiichtlech.

Mat 17.971 ageschriwwenen Demandeure läit den Zouwuess géintiwwer dem September bei 0,5%, wat de berengegte Chômagetaux bei 6,3% un d‘hale bréngt. Dat ass am europäesche Verglach en Taux deen dierft fir Näid suergen, mee et muss ee berécksiichtegen, datt dës Zuelen eenzeg d‘Lag am Kontext vun der Covid19-Pandemie opweisen. Vergläicht ee se mat deene vun 2019 gesäit et anescht aus. Géintiwwer dem gläichen Zäitraum 2019, huet de Chômage ëm 19,5% zougeholl.

Säitens der ADEM gëtt e grousse Wäert drop geluecht ze preziséieren, datt sech dës Zuelen, bezunn op déi lescht siwe Méint einfach erkläre loossen. Esou géif net wesentlech méi Aschreiwungen, mee ganz kloer manner Plazen déi mat Demandeure kéinte besat ginn. Esou hunn d‘Aschreiwungen ëm 4% géintiwwer 2019 ofgeholl, mee d‘Zuel vun de Placementer ass ëm 17% zeréckgaangen.

Illustratioun: © Magnet mee / unsplash

Related topics Aarbechtsmaart, ADEM, Chômage, Coronaviruskris, Covid19-Pandemie, Kuerzaarbecht
Next post Previous post