Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den US-Ambassadeur an Däitschland mécht dem Trump all Éier
Kultur Neiegkeeten 100 free dating site ukraine

what am i looking for online dating

De neien US-Ambassadeur an Däitschland, gëtt aus Regierungskreesser beschëllegt, sech

Chamberwahlen: Lëtzebuerger Sprooch a Patriotismus beonrouegen d‘ASTI
Kultur Neiegkeeten 100 free dating site ukraine

Chamberwahlen: Lëtzebuerger Sprooch a Patriotismus beonrouegen d‘ASTI

Wann ee bedenkt, datt 2013 nach all eis politesch Parteien

ESC: Israel surft op der #MeToo Well a gewënnt de Concours
Kultur Neiegkeeten 100 free dating site ukraine

ESC: Israel surft op der #MeToo Well a gewënnt de Concours

Israel huet gëschter Owend bei der Final zu Lissabon, fir

Verwiesslungsgefor am Casino

Verwiesslungsgefor am Casino

Iwwer dräi Deeg war am Casino 2000 zu Munneref de Festival „Saveurs & Légendes“ wou eng ganz rëtsch Coverbands ageluede waren, engem gutt gemëschte Publikum hir Talenter ënner Beweis ze stellen. 17 Bands aus der Groussregioun sinn ugetruede fir ee vun de fënnef Präisser ze ergatteren. Eng Erausfuerderung där net all Band konnt gerecht ginn.

Ee Festival dee seng 13. Editioun gefeiert huet a fir dat drëtt konsekutiivt Joer och vum Festival „Tribute“ begleet ginn ass. Eenzegaarteg zu Lëtzebuerg a gutt placéiert op europäeschem Niveau, esouwuel wat de musikaleschen Deel betrëfft, wéi och am Secteur vum „life style“ oder der Restauratioun. Nieft dem Deel deen eis elo am besonneschen interesséiert huet, waren nach Ausstellunge vun alen Autoen, Gittaren, Fotoen an och ee puer Artiste waren agelueden hir Konscht engem interesséierte Public virzeféieren. Hei huet eis dann och de Jeremy Palluce alias SKOBE vu Schëffleng mat senge Graffitie beandrockt.

Et war also eng méi lass a mer erlaben eis kuerz virzegräifen an op zwee „Concerts Evenements“ hin ze weisen. Esou „Dire Straits Legacy“ wou och d’Museker vun der original Besetzung matgespillt hunn. Net ze vergiessen „Imagination“ déi keen anere wéi de Lee John fir een Owend an hire Programm opgeholl haten. Zwee Concerten also déi an d’Geschicht vum Casino 2000 missten agoen, op mannst sollten all déi wou derbäi waren dat net esou schnell vergiessen.

„Tribute“ eng Konscht fir sech

Dat wat sech vill Leit och haut nach ënnert enger „Cover Band“ also engem musikaleschen Ensembel, deen de Repertoire vun enger bekannter Gréisst aus dem „Bilboard“ nospillt, huet sech an de leschte Jore prächteg weider entwéckelt a genéisst mat guddem Recht d’Faveure vun engem ëmmer méi breedem Publikum. Esou kann et fir kommen, datt ee – bei dem enge méi, dem anere manner – eigentlech just nach muss d’Aen zou maache fir sech um original Concert erëm ze fannen. Fir déi Museker, deenen dat geléngt, bleift u sech just nach den Hutt ze zéien.

De musikalesche Spektrum war dann och gutt gestreet. Um Donneschdeg hunn „The Guardians“ mat de Lidder vun Alanis Morissette, „Scorpion“ mat, dir kënnt iech et denken, Lidder vun de Scorpions an och „Holy Addiction“ mam Repertoire vu Guns n’ Roses den Optakt gemaach. Wierklech iwwerzeegt hunn eis awer „Mama Kin“ déi sech Aerosmith verschriwwen hunn. Ganz interessant och „Voodoo Wild“ mam Songbook vum legendäre Jimi Hendrix oder „The Obscure“ mam Repertoire vun The Cure.

 

Olive Enscène (Lead voice) Cyril Vincent (Guitar) Remy Grünfelder (Drums) Julien Kuhn (Bass) op der Bühn am Casino 2000 zu Munneref beim Festival “Saveurs & Legendes” © Martine de Lagardère

Ee Freideg ass et da weider gaange mam „Ed Stevens“ engem frëndleche Gaascht aus Däitschland deen dem Cat Stevens seng Lidder original getrei a mat vill Passioun ugebueden hat. Den Ensembel „Clin d’oeil à Balavoine“ huet deen am Januar 1986 verstuerwene franséische Sänger a Songwriter wierdeg an Erënnerung geruff. D’Jonge vu Metz, déi ronderëm den „Olive Enscène“ sech dem Repertoire vum Sting verschriwwen hunn, wareschonns iert mer se héieren hunn ganz uewen op eiser Favorittelëscht an hunn op ganzer Linn iwwerzeegt. „Vogue“ mat de Lidder vum Madonna war eis eng Tounlag ze niddreg, mee de Public war begeeschtert. Se hunn deemno alles richteg gemaach. Nieft dem Olive, waren awer och nach d’Italiener vu „The Menlove“ een absoluten Highlight an et dierf ee soen, datt se de Repertoire vun de Beatles absolut authentesch eriwwerbruecht hunn.

Um Samschdeg da sinn zur Ouverture zwou grouss Damen aus der franséischer Musekswelt zu Éiere komm. „Hong Kong Stars“ haten sech dem France Gall an d’Cynthia Briganti dem ZAZ verschriwwe. Trotz enger gudder Performance an och der iwwerzeegender Stëmm hu béid Damen d’Jury net iwwerzeege kënnen. Mat „Waterfront“ an dem Repertoire vu Simple Minds ware mer dunn nees beim „englesch am Text“ ukomm. „Bohemian Dust“ hat sech mat de Lidder vu Queen op ee Sujet gwoot, dee leider vu ville „Cover Bands“ ugeholl gëtt. Och wann se de Public konnte maträisse fir eng Placéierung goung et net duer. „Supreme RW“ waren do am Songbook vum Robbie Williams fir eis eppes méi präsent. Als leschten Akt war dann nach „Goldrush“ mat de Lidder vu Coldplay op der Bühn. Déi haten och nawell gutt Gas ginn. An dat war et dann och fir déi kleng Seenen.

 

De Public beim Optrett vun Olive Enscène am Casino 2000 zu Munneref beim Festival “Saveurs & Legendes” © Martine de Lagardère

Op der grousser Bühn haten sech d’Emilie, eng Studentin op der MAI, de Pat Singer als Crooner an de Beräicher Jazz a Swing, „Musicbound“, déi diverse Reprisen aus Pop, Rock a Folk ugebueden hunn, oder nach „Bournaniz“ ervirgedoen. Brilléiert awer hunn zu gudder Lescht „Lords of Rock“ déi dem Public eng Rees duerch d’Anale vun AC/DC, Led Zeppelin, Deep Purple a villen anerer offréiert haten. Mat Recht hunn se dann och um Enn de „Prix des deux Ours“ gewonnen. Den Ensembel „ITALAO“ dee sech och ganz dem Rock verschriwwen huet, konnt de „prix Tremplin Saveurs & Légendes“ fir sech entscheeden. De Präis vun der Jury an en Optrëtt bei den Dolympiades 2017 ass méi wéi verdéngt un „The Guardians“ gaange fir hir exzellent Reprise vum Alanis Morissette senge Lidder.

Emol, zweemol, dräimol

Wouvunner mir näischt woussten, awer schnell iwwerzeegt waren, war d’Qualitéit vum Olive Enscène. Esou war et dann och deen Artist mat senge Museker, dee mir an eise Fokus gestallt haten an natierlech ee gesonde Risk agaange sinn, well mer eis ganz op hien ausgeriicht haten. Eise Choix sollt dann och zu gudder Lescht dee richtege gewiescht sinn, wëll hie sollt dach tatsächlech den Exploit packen, den Triplé anzekasséieren.

Mam besonnesch éierbare „Prix du Public“, dem Präis „Music Academy International“ an „Heroes Spa Tribute Festival“ huet dem Olive säin Ensembel eis bestätegt an ee wierklech verdéngte Succès virgeluecht. Hien huet esou och mat Sécherheet vill „Experten“ iwwerrascht a sollt elo och zu Lëtzebuerg dat verdéngte Geheier fannen dat him zousteet.

Den Interview

Den Interview hate mer schonn ee Freideg gefouert, ouni ons wierklech sécher ze sinn dat eise Choix dee richtege sollt sinn. D’Gespréich ass aus dem franséischen iwwersat an textuell iwerholl ginn.

Olive Enscène © Martine de Lagardère

moien: Olive, mir hunn dech ee puer mol a Restaurante spillen héieren, dech kennegeléiert a sinn natierlech hei fir méi gewuer ze ginn. Wéi huet dat ganzt ugefaangen a wat huet dech zum Sting gefouert?

Olive Enscène: Richteg ugefaange mat der Musek hunn ech eigentlech eréischt virun dräi Joer an duerch eng Begéinung mat der Direktioun vum Casino huet mech d’Iddi vum „Tribute“ net méi lass gelooss. Vum Sting sinn ech schonn eng gefillten Éiwegkeet ee Fan an d’Sensibilitéit vu senger Texter war dann och d’Motivatioun dëse Projet unzegoen.

Wéi war et dann am Ufank, du hues jo däin Ensembel eréischt fir dëse Festival zesummegestallt?

Nujee, all Ufank ass schwéier. Ech sinn an Restauranten eleng opgetrueden. Dat engersäits fir emol eng Visibilitéit ze kréien an Erfahrung ze sammelen. Et war deen haarde Wee, mee sécherlech och deen éierlechen, wëll do kriss de vum Publikum direkt de Feedback oder de Patron freet dech net nach eng Kéier fir nees opzetrieden. Ech sinn deene Leit dann och dankbar, wëll ouni Si wiere mer haut net hei am Casino zu Munneref fir dee grousse Challenge opzegräifen.

Vun engem Solo-Projet zu engem Ensembel, do muss de jo awer vun der iwwerzeegt gewiescht sinn?

Also wéi de Projet „Sting“ sech präziséiert huet, war mer bewosst, datt ech deen net eleng kéint duerchzéien. Ech hunn dëse Projet dann ee puer Museker virgeschloen an och déi richteg fonnt. Eigentlech sinn mer och elo éischter gutt Frënn déi freet wëllen hunn. Mam Cyril Vincent op der Gitar, dem Julien Kuhn um Bass an dem Remy Grünfelder fir d’Percussioun si mer eng richteg „Band“ a gutt opgestallt fir de Festival.

Wéi stinn är Chancë bei dësem Festival ee Präis mat op Metz ze huelen?

Wat d’Chancë betrëfft esou ass dat ëmmer relativ. Prinzipiell si mer hei fir Spaass ze hunn an de Public ze begeeschteren. Dee soll zu gudder Lescht entscheeden op eis Performance den Ufuerderunge vun engem Live-Event gerecht gëtt oder net. Egal wéi et elo hei fir eis aus geet, fir eis ass schonn eng Éier beim Festival dierfe matzemaachen.

De Fall gesat, der hätt hei den Erfolleg dee mir iech wënschen, wéi soll et weider goen?

Also de Projet „Sting“ wëlle mer jiddefalls weider ausbauen an och verbesseren. Ëmmerhi sti mer hei um Ufank an et ass nach laang net alles perfekt. Et géif awer freeë wann dëse Festival ee Sprangbriet kéint sinn, dat eis d’Méiglechkeet gëtt fir och op aner Evenementer agelueden ze ginn. Vill Leit héieren dem Sting seng Musek gären a wann een eis léisst, si mir déi éischt déi de Leit hire Wonsch mat Freed wëllen erfëllen.

Mer da bleift eis nach Merci ze soen, dat mir trotz dem Stress deen esou ee Festival jo mat sech bréngt nach konnte virum Optrëtt mat der Schwätzen an hoffen dat bescht.

De Pleséier war ganz op menger Säit. A jo opgereegt ass een schonn, wéi s de jo gesäis ass eng helle Wull u Leit schonn do. Mier wäerten eist bescht ginn a wien weess, vläicht geléngt et eis de Public ze iwwerzeegen, kucke mer emol.

Wéi gesot, den Interview hu mer eng hallef Stonn virum Optrëtt gefouert. Mer hu matgeféiwert wéi se dunn endlech op der Bühn waren an eis gefreet dee „Gig“ net verpasst ze hunn. Quitt dat mir net ganz Objektiv waren, zu gudder Lescht hu mer Recht behalen an eise „coup de coeur“ konnt sech beim Publikum wéi erwaart duerchsetzen. Mee wéi seet de Franzous: „qui ne risque rien, n’a rien“ also nees alles richteg gemaach, oder?

 

Ähnlech Sujeten Kutlur, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel