Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SERVIOR: Neit Fleegeheem zu Déifferdeng fir 2022
International Neiegkeeten

SERVIOR: Neit Fleegeheem zu Déifferdeng fir 2022

Zanter leschtem Mëttwoch ass de Chantier fir déi nei Betreiungsariichtung

Europadag: Zesumme fir oppe Grenzen (Billergalerie)
International Neiegkeeten

Europadag: Zesumme fir oppe Grenzen (Billergalerie)

Am Kader vum Europadag um vergaangene Samschdeg ass op de

Wann d’Lompe bei der Lëtzebuerger Arméi sténken
International Neiegkeeten

Wann d’Lompe bei der Lëtzebuerger Arméi sténken

Aus anonymmen interne Kreesser krute mir Informatiounen zur dramatescher Situatioun

Belsch: Patronatsvertriedung verlaangt verzicht op Congé

Belsch: Patronatsvertriedung verlaangt verzicht op Congé

Dat dierft bei de Leit fit eppes Gejéimers suergen: d‘VOKA, dat flammännescht Netzwierk fir Entrepreneuren huet ganz offiziell d‘Iddi an de Raum gestallt, datt d‘Salariéeën dëse Summer d‘Vakanz sollten ausfale loossen an hire Congé verleeë sollten.

De Problem: och bei eisen Nopere gëtt et esou eppes wéi de Kollektivcongé, an der Belsch gëtt dat an all Entreprise iwwert d‘Kollektivverträg gereegelt. Fir de President vun der VOKA, Wouter de Geest, eng Aart Nicolas Buck (UEL) vum flammännesche Patronat, muss et méiglech sinn, dëst Joer déi „grouss Vakanz“ ze verleeën. Nom Stëllstand, misst een dat vun de Leit erwaarden dierfen.

Wann de Virus ofschwächt an d‘Wirtschaft nees eppes Loft kritt, wäerte mir jo wuel net massiv an d‘Vakanz goen an nees alles zum Stëllstand bréngen“, esou de Wouter de Geest géintiwwer de Kolleege vun „Het Laatste Niews“. D‘Salariéë missten elo eppes Flexibilitéit un den Dag leeën, an hëllefen déi wirtschaftlech Konsequenze vun der Coronavirus-Kris am Patronat ze iwwerwannen.

Dat gesinn se a Wallounien ähnlech, woubäi den Administrateur vun der „Union Wallonne des Entreprises“ (UWE), Olivier de Wasseige, net wëlles huet ee Sozialkonflikt auszeléisen. Hie wëll kengem opzwéngen, appelléiert awer un d‘Vernonft: „Et dierf kee Sacrifice fir d‘Aarbechter sinn, och wann et wierklech noutwenneg ass, datt d‘Congéë musse kënnen zäitlech verluecht ginn“.

Hie fuerdert, sollt een sech op dës Léisung verstännege kënnen, datt et dozou muss ee Mechanissem ginn, dës Congésdeeg kënne mat an d‘Joer 2021 eriwwerzehuelen. Et soll also keen op säi Congé verzichten, just zäitlech esou verréckelen, datt de Retard, deen a ville Secteuren duerch de Covid19 entstanen ass, nees kann opgeholl ginn. Dat besonnesch an de Secteuren déi Wiederofhängeg sinn.

D‘Kris zesummen iwwerwannen

Primär geet et hei ëm de Bausecteur, wou d‘Chantiere wärend der sanitärer Kris ganz ugehale gi waren. Mee och de Mëttelstand geséich et gären, wann d‘Salariat, ugesiichts den Ongewëssheeten déi dëse Summer och mat sech brénge wäert, hire Bäitrag zur Iwwerwannung vun der Kris géif leeschten. De Mathieu Dewèvre vun der „Union des Classes Moyennes“ (UCM) huet dann och positiv Argumenter virgedroen, déi duerchaus valabel sinn.

Hie stellt dat esou duer: „Wann en Aarbechter gezwonge gëtt säi Congé ze huelen, et awer näischt oder nëmme wéineg gëtt, wat hien an dëser Vakanz ënnerhuele kann, well grouss Reese schwiereg an d‘Restriktioune villeruerts wéineg Entspanung verspriechen, kann och dat immens frustréierend sinn. E Patron deen de Congé zouloosse muss, grad wou d‘Reprise kënnt, kritt zu alle bestoende Problemer nach een derbäi, deen och ekonomesch kontraproduktiv ass“.

An esou kléngt et scho vernënfteg, datt sech d‘Salariéeën aus de mëttelstännege Betriber sollten op eppes „Flexibilitéit“ aloossen. „Et ass interessant fir béid Säiten – Salarié & Patron – an et sollt een och iwwer méiglech Weeër am Ëmgang mam Report, eventuell esouguer de Verzicht diskutéieren. Esou kéint een als Salarié en Deel vum Congé op déi nächst Jore verdeelen, oder sech dësen, mat entspriechend fiskale Virdeeler, ausbezuele loossen“, esou d‘Iddi.

Remark:

Wärend bei eis zu Lëtzebuerg, d‘Gewerkschaften am Allgemengen net fir en Aussetze vum Kollektivcongé sinn, denken an der Belsch d‘Gewerkschaften driwwer no, wéi ee ka sécherstellen, datt bei esou engem Accord, d‘Salariat net eleng d‘Laascht opgeluede kritt an de Report, respektiv d‘Ausbezuele vum Congé, net zu Nodeeler oder Verloschter féiert. Si wiere bereet ze diskutéieren.

Mee och bei eis am Land, wäert een sech esou engem Debat stelle mussen. Zu Lëtzebuerg awer läit de Problem schonn emol grondsätzlech am Sozialdialog. Ee Sozialdialog dee besonnesch an deene Secteuren, wou et bestëmmt sënnvoll wier op d‘Argumentatioun vum Mathieu Dewèvre anzegoen, leider ëmmer nees vum Patronat ad absurdum gefouert gëtt, fir net ze soen, datt et deen net gëtt.

Dat stännegt verschleefe vu Kollektivvertragsverhandlungen, den däitleche Wonsch op ëmmer an éiweg de Kollektivcongé ganz ofzeschafen – an d‘Tripartite am léifsten direkt mat – a villes méi, hunn d‘Bezéiungen tëscht Patronat a Gewerkschaften an de leschte Jore schwéier belaascht. Jo esouguer elo, wou eng Tripartite batter néideg wier, brilléieren d‘Patronatsverbänn méi duerch Arroganz an Iwwerhieflechkeet, wéi dann duerch d‘Bereetschaft am Dialog no Léisungen ze sichen.

mat indymedia/lgg

Illustratioun: Eng „normal“ Vakanz dierft esouguer am eegene Land – wéi hei zu Westende op der belscher Küst – net dat gewinnten Erliefnis verspriechen. © Filip Bunkens / unsplash

Ähnlech Sujeten Belsch, Congé, Covid19, Kollektivcongé, Patronat, Relance, Reprise, Salariat, UCM, UWE, VOKA, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel