Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Cloverfield kritt en neie Film spendéiert an du muss net laang drop waarden!
International japanese dating apps in english

kate de paz dating

Beim Superbowl ginn et ëmmer déi neisten Traileren ze bewonneren.

truly madly indian dating app
International japanese dating apps in english

Polen bereet 2 Milliarde fir eng US-Militärbasis ze bezuelen

Polen ass bereet wéinstens 2 Milliarden US-Dollar op den Dësch

Wéinst dem Hurrikan Dorian rifft Florida den Noutstand aus
International japanese dating apps in english

Wéinst dem Hurrikan Dorian rifft Florida den Noutstand aus

Et kënnt eppes op d‘Ostküst Florida duer: Den nationalen Hurrikanzenter

US Supreme Court: Grouss politesch Victoire fir den Donald Trump

Den ëmstriddene Riichter Brett Kavanaugh vum Senat nominéiert

US Supreme Court: Grouss politesch Victoire fir den Donald Trump

Den amerikanesche Riichter Brett Kavanaugh huet e Samschdeg virum ieweschte Geriichtshaff den Eed ofgeluecht. Dat nëmmen e puer Stonnen nodeems den US-Senat seng Nominéierung bestätegt hat. Fir den Donald Trump eng staark politesch Victoire, esou kuerz virun de „Midterm-Elections

„Dat ass e geschichtsträchtegen Owend“, huet sech den US-President beim politesche Meeting zu Topeka (Kansas) gefreet. „Ech stinn haut virun iech, no enger formidabeler Victoire fir eis Natioun, fir eist Vollek an eis esou beléifte Verfassung“, esou den Trump ënnert dem Applaus vum Public.

Mat enger denkbar kuerzer Majoritéit (50:48) huet den US-Senat der Nominéierung vum Riichter Brett Kavanaugh zougestëmmt. Si domatter och gläichzäiteg engem chaoteschen „hin an hir“ en Enn bereet, woubäi d‘Beschëllegungen, de Kavanaugh wier e Sexualtäter, net entschäerft goufen.

„Ech felicitéieren dem Senat fir d‘Bestätegung vun eisem formidabele Kandidat“, huet den Donald Trump nom Vott getweet. Mee d‘Beschëllegunge géint de Riichter, huet Amerika weider gespléckt. Dausende Leit hunn uechtert d‘USA géint d‘Nominatioun vum Brett Kavanaugh protestéiert.

Grouss Maniff virun der „Supreme Court“

Eppes iwwer Dausend Amerikaner hunn de Samschdeg virum ieweschte Geriichtshaff, nëmmen e Steeworf vum Kapitol ewech, verbruecht an drop gehofft, datt d‘Senateuren eng Nominéierung vum Brett Kavanaugh verhënneren. Eng Hoffnung déi sech net sollt erfëllen.

Nom Vott, hu verschidde Manifestanten hirem Ierger fräie Laf gelooss, a géint d‘Bronzendiere vun der „Supreme Court“ gehummert. D‘Police huet duerchgegraff. Am Plenarsall huet de Vott e puer mol missen ënnerbrach ginn, well de Public vun der Galerie aus, zolidd Kaméidi geschloen huet.

Den US-Senat, deen de Nominéierungen op Liewenszäit an dësem „Tempel vum amerikanesche Recht“ muss zoustëmmen, huet entspriechend der politescher „Verdeelung“ – d‘Republikaner waren dofir, d‘Demokraten (mat enger Ausnam) dergéint – ofgestëmmt.

Interessant hei: déi republikanesch Senatrice vun Alaska, Lisa Murkowski, déi ugekënnegt hat géint d‘Nominéierung ze stëmmen, huet sech um Enn enthalen. Dat huet dem US-President net gefall, an deen huet op seng him ganz perséinlech a charmant Aart a Weis reagéiert.

„Dovunner erhëlt si sech net. Ech denken net, datt d‘Mënschen an Alaska him jeemools verzéie wat et do gemaach huet“, esou den Donald Trump, deen elo decidéiert schéngt, der Senatrice déi sech 2022 nees fir e Mandat soll presentéieren, d‘Liewe richteg schwéier ze maachen.

Kee gudden Dag fir d‘Gerechtegkeet?

Mat 53 Joer gëtt dee Brett Kavanaugh elo Member vum exklusive Riichter-Club an der héchster Juridiktioun vun den USA. Enger Institutioun déi ze préiwen huet op d‘Gesetzer der Verfassung entspriechen, an déi sensibelst Konflikter vun der US-Gesellschaft léise muss. (esou beispillsweis: den Avortement, d‘Doudesstrof, d‘Recht eng Waff ze droen, Ëmweltschutz, avm…)

Den Donald Trump awer ka glänzen. Esou wéi hien et am Wahlkampf versprach huet, ass déi héich Institutioun elo an den Hänn vum konservative Lager. Hien huet, zanter datt hien d‘Mandat ugeholl huet, zwee Riichter ernannt. Déi „progressiv“ sinn elo an der Minoritéit: 4 vu 9.

Fir d‘Demokraten an d‘Verdeedeger vun de Biergerrechter, déi sech ab der Nominéierung am Juli mobiliséiert haten, fir de Brett Kavanaugh „ze verhënneren“, ass et e schwéiere Réckschlag. Hei muss ee bedenken, datt och wann dem Trump säi Kandidat gutt „Referenzen“ huet, et Flecke gëtt.

Donald Trump

D‘Jessica Campbell-Swanson huet de wäite Wee vun Denver op sech geholl, fir virun der „Supreme Court“ géint d‘Nominéierung vum Brett Kavanaugh ze protestéieren. D‘Engagement vun der jonker Fra, déi sech am Schouss vun der „Contemplation of Justice“ Statue eng gutt Plaz geséchert hat, ka kengem Entgaange sinn. Genotzt huet et leider näischt. © José Luis Magana/AFP

Esou ass d‘Kandidatur vum Brett Kavanaugh an d‘schleidere geroden, wéi Mëtt September eng Fra de Jurist beschëllegt huet, während engem „Studentenowend“ am Joer 1982 versicht ze hunn, si ze vergewaltegen. Ee Joer nom opkomme vun der Beweegung #meetoo, ee regelrechten „Eclat“.

Bei der Unhéierung am Senat, déi vun 20 Milliounen Amerikaner „live“ verfollegt ginn ass, huet d‘Christine Blasey Ford (51) eng kredibel Ausso zur presuméierter Dot gemaach. Dem Kavanaugh seng Strategie: „ech sinn onschëlleg, dat ganzt ass eng Campagne vun de lénks extremen“.

Dat hat bei enger ganzer Partie vu Senateuren Zweiwel ervirgeruff, an de Vott ass ëm eng Woch verluecht ginn. Eng Enquête vum FBI huet de Republikaner an d‘Kaarte gespillt, well näischt „Relevantes“ fonnt ginn ass. Woubäi weder d‘Klägerin nach de Beschëllegte gehéiert goufen.

D‘Demokraten hoffen op d‘Midterm-Wahlen

Elo hofft den Donald Trump natierlech, datt dës politesch Victoire, gekoppelt un eng „haart Linn“ géintiwwer der Awanderung an eng Wirtschaft déi e gudde Wuesstem noweise kann, d‘Bierger iwwerzeegt him bei de Midterm-Wahlen eng komfortabel Majoritéit am Kongress ze schenken.

Nach e Samschdeg huet den US-President de Journalisten, déi hien an de Kansas begleet hunn gesot „d‘Republikaner wäerten sech ganz gutt aus der Affär zéien. Mir genéissen eng Dynamik, déi ee zanter Joren net méi erlieft huet“. Hie kéint mat dëser Ausso duerchaus richteg leien.

Op där aner Säit d‘Demokraten. Déi hoffen datt dës nei Polemik zumindest déi weiblech Wieler mobiliséiert kritt. „Mir sinn enttäuscht. Mir si veriergert. Mee mir wäerten eis Roserei bei de Walen zum Ausdrock bréngen“, warnt op Twitter d‘Associatioun „Emily‘s List“.

„Un d‘Amerikaner, un all déi Millioune Mënschen, déi vun deem wat sech hei ofgespillt huet veriergert sinn, et gëtt nëmmen eng Äntwert: gitt Wielen“, fuerdert de Chef vun der demokratescher Minoritéit am Senat, Chuck Schumer.

mam Michael Mathes/AFP

Foto: Den Donald Trump beim Meeting zu Topeka (Kansas). Hien huet sech net nëmmen zefridde ginn, datt säin ëmstriddene Kandidat fir den ieweschte Geriichtshaff vum Senat ugeholl ginn ass, nee hie senger Misogynie fräie Laf gelooss, an enger republikanescher Senatrice déi sech beim Vott enthalen huet, vill „Misär“ fir d‘Zukunft versprach. © Scott Olson/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten #meetoo, Brett Kavanaugh, Donald Trump, Supreme Court, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel