Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bréissel: Aarbechterpartei PTB fuerdert Neiwahlen
International Neiegkeeten

Bréissel: Aarbechterpartei PTB fuerdert Neiwahlen

Bei eise belschen Noperen ass d‘Opstelle vun enger federaler Regierung

LCGB: Fusioun Telindus-Tango
International Neiegkeeten

LCGB: Fusioun Telindus-Tango

Nodeems de Grupp Proximus ugekënnegt huet zolidd Personal a senge

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!
International Neiegkeeten

LSAP: gréng Luucht zur Kandidatelëscht fir d’Europawahlen!

Mir sti kuerz virun den Europawahlen an esou huet elo

Videoplattform TikTok soll an den USA verbuede ginn

Videoplattform TikTok soll an den USA verbuede ginn

Dat chinesescht Netzwierk gëtt an den USA scho länger „observéiert“ a den Donald Trump huet ugekënnegt, datt hie d‘Videoplattform TikTok net méi wäert toleréieren. U Bord vun „Air Force One“ huet hie Journalisten erkläert, datt hien TikTok aus den USA verbanne wëll.

Grond fir dës Entscheedung: d‘US-Autoritéite soen, datt déi a China usässeg Entreprise ByteDance d‘Date vun den User un d‘Regierung weidergëtt. Iwwerwaacht gëtt TikTok an den USA vum Comité fir auslännesch Investitiounen (CFIUS). ByteDance bestreit déi hir gemaachte Virwërf a stellt kloer, datt d‘Date vun den User am Respekt vun de gültege Gesetzer behandelt géifen.

Den Donald Trump, hat scho länger ugekënnegt, datt hien sech d‘Videoplattform wäert méi genee ukucken a méiglecherweis Moossnamen ergräife kéint. Wéi eng sot hien deemools net, et géif awer eng ganz Rei Optiounen. Elo wëll hien en Dekret opsetze loossen, mat deem TikTok an den USA géif verbuede ginn. Woubäi, et stécht oft méi derhannert, wéi op den éischte Bléck ersiichtlech.

TikTok ass bei den Teenager super beléift a kann op ronn eng Milliard User verweisen. D‘Plattform ass 2017 entstanen. Et war en Zesummeschloss mat der Applikatioun musical.ly, déi hirersäits mat enger Lëpsesynchroniséierungfunktioun fir selwer gemaachte Video-Clippen en grousse Succès fir sech verbuche konnt. Et geet also net nëmmen ëm Politik, mee och ëm masseg Geld.

Fir engem Verbuet per Dekret ze entgoen, géif TikTok net wierklech vill aneres iwwreg bleiwen, wéi sech vu ByteDance ze trennen, an un Interessenten d‘Videoplattform ze iwwerhuele feelt et natierlech och net. Besonnesch US-Entreprise wei Microsoft, mee och den Amazon-Boss Jeff Bezos – deen an der Covid19-Kris säi Verméige vervillfacht huet – géifen TikTok gären iwwerhuelen.

Fir eng oppe Stellungnam war keng vun den Entreprisen zur Stonn bereet. Et heescht, et misst een den Ament ofwaarden, wat den US-President wëll ënnerhuelen. Säitens ByteDance heescht et, datt een net op den US-Maart ugewisen ass, an TikTok kee Bëllegproduit ass, dat ee sech aus dem ënneschte Regal fir klengt Geld mathuele kann. Trotzdeem hätt e Verbuet Konsequenze fir TikTok.

mat indymedia/sfo

Illustratioun: © Kron Karampelas / unsplash

Ähnlech Sujeten ByteDance, China, Donald Trump, TikTok, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel