Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!
Wéi all Joer gëtt nees den ëffentlechen Transport fir Silvester
Wéi all Joer gëtt nees den ëffentlechen Transport fir Silvester
En Donneschdeg huet déi mexikanesch Regierung d‘Chance, fir d‘Migranten aus
Bei der „alternativ demokratesch reformpartei“ (ADR) hunn se sech eppes
D’Iddi, fir Aktivitéiten am Beräich Naturschutz fir Kaner ze organiséieren, besteet scho säit längerem. Ab 1987 war eng Jugendgrupp vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzlige aktiv fir Kanner d’Natur, mat hirer gesamter Flora a Fauna méi no ze bréngen, vläicht souguer jonk Naturschützer auszebilden.
Um 28. Oktober 1997 koum et dunn zur Grënnung vum haut nach aktive Kannerclub mam Numm „Regulus Junior-Club“. Schonn deemools war de Vull Regulus regulus d’Wopendéier vun der LNVL. D’Wuert Regulus kënnt aus dem laténgeschen a steet fir de wëssenschaftlechen Numm vun der klengster europäescher Vullenaart. Iwwersat bedeit et esou vill, wéi „klenge Kinnek“.
An tatsächlech kann een d’Plommen um Kapp, déi beim Männchen orange, beim Weibchen giel liichten, mat e bëssi Fantasie als Kroun deiten.
Weibleche Regulus regulus © Francis C. Franklin / CC-BY-SA-3.0
Ma zënterhier gëtt ee villsäiteg Programm un Aktivitéiten zum Thema Déieren, Planzen, Liewensraim a villem méi gebueden, deen de Memberen dräi Mol am Joer zur Verfügung steet. De Regulus Junior-Club riicht sech u Kanner vu 6 bis 12 Joer, d’Memberschaft ass gratis. Just d’Aktivitéiten kaschten ee klenge Beitrag. Ma, och hei ass d’Aarbecht vu Benevollen entscheedend an eng immens Stäip fir den Erfolleg vun den Aktivitéiten.
D’Videoen fannt Dir op YouTube bei natur&ëmwelt.