Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen
Et gi gläich e puer Initiativen, déi der Plastiksfläsch wëllen
Et gi gläich e puer Initiativen, déi der Plastiksfläsch wëllen
D’Regierung verfollegt weiderhin seng Strategie, Transparenz ze weisen, andeems oppe
Dobäi ass et d’Conny Koob, zoustänneg fir Kommunikatioun an den dräi Naturparken, dat mat senger frëscher a sympathescher Aart e spezifescht Thema opgräift. De geologeschen, natierlechen a kulturellen Ierwen gëtt an dëser Form ënnerhalsam ervirgehuewen.
Wat kann een entdecken? Wéi eng Geschicht verstoppt sech hannert der Regioun a senge Mierkmoler? Bei der Videoserie „Kurioses am Natur- a Geopark“ léiert Dir sécher den een oder aneren wëssenswäerten an erstaunlechen Detail. Fir dass och e grousse Publikum abezu ka ginn, gëtt all Video a Lëtzebuergescher Sprooch presentéiert a mat engleschem Ënnertitel begleet.
Bis ewell si 5 Episoden verëffentlecht ginn. D’Videoen zu den Themen „Mooser a Faren“, „Geologie“, „Spuren am Sandsteen“, „Drénkwaasser“ a „Fielser Ringmauer“ stinn Iech op YouTube a Facebook zur Verfügung.
A wéi Dir vläicht schonn héieren hutt, ass den Natur- a Geopark Mëllerdall Kandidat fir Member vum internationalen Netzwierk vum UNESCO Global Geoparks ze ginn. Do gëllt et ëmsou méi op sech opmierksam ze maachen, ze informéieren an iwwert d’Grenzen hinaus ze begeeschteren.
Dem UNESCO Global Geopark Hateg a Rumäinien an dem kandidéierenden UNESCO Global Geopark Canions do Sul a Brasilien huet d’Initiative op alle Fall immens zougesot. A wéi gefält et Iech?
Opmaacherbild: © NGPM/SCOPE