Irak: Protester géint d‘Regierung halen un
Ob et eleng d‘Wut iwwert eng korrupt Regierung ass oder
Ob et eleng d‘Wut iwwert eng korrupt Regierung ass oder
Déi europäesch Kommissioun huet de vergaangenen Dënschdeg e Virschlag virgeluecht,
De 19. Mäerz sinn ech aus Thailand erëm komm. Hat
Fir jiddereen deen och 2018 iwwert Schwäizer an éisträichesch Autobunn musse fueren, huet den Automobilclub Lëtzebuerg (ACL) déi nei Vignette parat. Wéi alles am Liewe sinn déi allerdéngs och eppes méi deier ginn.
Fir Éisträich muss een elo fir d‘Joresvignette 87,30 Euro berappen, déi fir zwee Méint kascht der ewell 26,20 an déi fir zéng Deeg nach 9 Euro. Fir d‘Motocyclisten (déi kréien anscheinend keng Joresvignette) kaschte 2 Méint 13,10 Euro an zéng Deeg 5,20 Euro.
An der Schwäiz profitéiert een aktuell, esou de Communiqué vum ACL, vum gudden Taux de Change. Dat heescht datt een d‘Vignette elo zum Präis vu 35,75 Euro kritt. An der Schwäiz gëtt dofir allerdéngs keen ënnerscheet tëscht dem Auto an engem Motorrad gemaach.
Den ACL weist dann och nach drop hin, datt d‘Vignetten a béide Länner, wann e se elo keeft, eng Lafzäit vu 14 Méint hunn. Dat heescht wien nach keng huet oder hat, sech awer elo eng zouleet, fir deen ass se vum 1. Dezember 2017 bis den 31. Januar 2019 gülteg. D‘Joresvignette vun 2017 sinn deemno nach gutt bis den 31. Januar 2018.
Fir méi Informatiounen zu de Peagen, ob Autobunn oder Stied an Europa, steet iech d‘Equipe vum Automobilclub Lëtzebuerg ëmmer erëm gären zur Verfügung. Einfach um 45 00 45 1 uruffen oder eng Mail op acl@acl.lu maachen, scho kritt dir gehollef.
Wien et léiwer huet engem Mënsch an d‘Gesiicht ze kucken, deem kann an de Büroe vum ACL op der Helfenterbréck (54, Lonkescher-Strooss, zu Bartreng) och gehollef ginn. Hei ass vu Méindes bis Freideg tëscht 8:00 an 18:00 Auer ëmmer ee vir iech do.
Et kann och sinn, datt et engem ze wäit ass, also de Wee bis op d‘Helfenterbréck, dofir sief drun erënnert, datt een déi Vignetten och am Norde vum Land direkt ka bezéien. D‘Verkafsplaze vum ACL sinn do: zu Dikrech de Musée vun den historesche Gefierer (CNVH) an zu Angelduerf de Garage J. Blom.