Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Krautmaart: Oppositioun entscheet politescht Aarmdrécke fir sech
International Meenung Neiegkeeten

Krautmaart: Oppositioun entscheet politescht Aarmdrécke fir sech

D‘Affär ëm de Casier-bis an/oder soss geheim Fichiere bei Police

Coronavirus: Et gëtt keng „einfach“ Léisung
International Meenung Neiegkeeten

Coronavirus: Et gëtt keng „einfach“ Léisung

Et huet bei eis, wéi eigentlech an de meeschten europäesche

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an
International Meenung Neiegkeeten

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an

Wéi ee mat senger Vergaangenheet ëmgeet, seet vill iwwert een

Viktor Orban: “Chrëschtlecht” Mëtteleuropa muss sech géint den homofrëndleche Weste verbridderen (Kommentéiert)

Viktor Orban: “Chrëschtlecht” Mëtteleuropa muss sech géint den homofrëndleche Weste verbridderen (Kommentéiert)

Ausgerechent bei enger Gedenkfeier zum Éischte Weltkrich rifft den ungareschen Autokrat eemoleg Brudderstaaten vum Ostblock dozou op, zesumme géint de Westen ze stoen, well dësen Homosexualitéit, Awanderung an Atheismus fërdert.

Do huet wuel een de Knall net héiert a vergiess op den Datum ze kucken. Ass et net scho Schnéi vu geeschter? Wéi eng Persoun mir gären hunn? Ob mir u Gott gleewen? Asw… Am Kontext vun der Aweiung vun engem Budapester Denkmal, dat un den nom Éischte Weltkrich beschlossene Vertrag vun Trianon aus dem Joer 1920 erënnert, seet den Nationalist ungaresche Medien no:

“De Westen huet et opginn, un d’Stäerkt an d’Natioun an der Famill ze gleewen.”

Westlech Staaten géifen och net méi un ee chrëschtlechen Europa gleewen an experimentéieren amplaz mat engem gottlosem Kosmos, Reeboufamilljen, der Migratioun an enger oppene Gesellschaft.

Also, alles richteg gemaach!

De 57 järegen ultrakonservative Politiker huet déi mëtteleuropäesch Länner opgeruff, eng Koalitioun ze plangen an zur Neiuerdnung vun Europa bäizedroen. Ob datt eppes gëtt? Chancen huet hie mat senger utopescher Virstellung op jidder Fall. D’Warscheinlechkeet ass sécherlech méi grouss een Einhorn ze begéinen.

Dobäi schwätzt hien déi fréier Ostblockstaaten un, déi sech un der liberalen Demokratie reiwen. E gëtt därzäit ënner “politescher Féierung” eng eemoleg Chance, datt Staaten vun der Ostséi bis zum Balkan dëse Froen zesummen op de Gronn kéinte goen.Schonn am Februar huet den ideologesch faschistesch ausgeriichte Viktor Orban an engem Oppene Bréif u seng Kolleege vun der Europäesche Vollekspartei (EVP) gefuerdert:

“Mir hunn ee Familljemodell opginn, dat um Bestietnis vu Mann a Fra baséiert, a sinn an d’Äerm vun der Genderideologie gefall”

De Viktor Orbán baut Ungarn ëmmer méi zum LGBTI-feindleche Staat ëm! Ungarn hat an de leschte Wochen duerch d’Aféierung vun engem transfeindleche Gesetz fir Opreegung gesuergt. Doduerch verweigert de Staat trans- an intergeschlechtleche Mënschen déi rechtlech Unerkennung.

Och soss gëllt d’Orban-Regierung als ausgesprache LGBTI-feindlech.

Esou huet de Ministerpresident 2012 an 2013 Verfassungsännerungen duerchgeboxt, wouduerch Schwuler a Lesben kee Recht méi op Bestietnis hunn a Reeboufamilljen als Famill oferkannt ginn. 2017 huet den Orbán perséinlech den “Welt-Kongress vun de Famillen”, dat jäerlecht Treffe vun anti-homosexuellen an anti-homosexuell an anti-transsexuell Aktivisten aus aller Welt, a Budapast erëffent.

2018 huet en Studienfach “Gender Studies” verbueden, fir déi “chrëschtlech Famill” ze schützen. Deem géife bestëmmt vill Homosexueller hier Meenung blosen! Do kann e just de Kapp rëselen… Zudeem séchert sech dee säit 10 Joer onënnerbrache regéierende Viktor Orbán och ëmmer méi Muecht zou, andeems hien d’Muecht vun der Oppositioun, der Justiz an de Medie beschneit.

Also, alles schéi kleng halen – wat e Plang!

De Viktor Orban huet schonn 2014 gesot, datt e säi Land an eng sougenannte ‘liberalen Demokratie’ ëmwandele wëll – also an ee Land ouni Gewaltandeelung a mat ageschränkter politesche Fräiheete fir Regimmkritiker.

A wie weess, villäicht ass de Kleeschen esou vun dëser Iddi begeeschtert, datt se direkt a säi gëllent Buch geschriwwe gëtt – mam Vermierk: Den Houseker muss nach eng fett Rutt sichen! Ech hoffen, den Här mécht sech op vill Protester an Demonstratioune gefaasst, well d’Bierger(innen) wäerten sech dësen homofeindleche Blödsinn net gefale loossen.

Foto : Den ungaresche Premier Viktor Orban bei sengem Optrëtt Mëtt Juli zu Bréissel am Kader vum aussergewéinleche Sommet. Als Member vun der europäescher Vollekspartei (EPP) suergt hie reegelméisseg fir Opreegung © European Union

Ähnlech Sujeten Brudderstaaten, Chrëschten, Homophobie, LGBTQI, Ostblock, Reeboufamilljen, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel