Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Buergbrennen: Esou gëtt de Wanter verdriwwen!
International Neiegkeeten

Buergbrennen: Esou gëtt de Wanter verdriwwen!

E Sonndeg gëtt nees Feier geluecht. Mee keng Angscht, um

Eng Plainte géint zwee Agente vun der CNS wéinst Verontreiung
International Neiegkeeten

Eng Plainte géint zwee Agente vun der CNS wéinst Verontreiung

Déi national Gesondheetskeess (CNS) huet lescht Woch misse feststellen, datt

Spärung am Rondpoint Irgäertchen ab e Freideg
International Neiegkeeten

Spärung am Rondpoint Irgäertchen ab e Freideg

Am Kader vun den Erneierungsaarbechten am Rondpoint Irgäertche gëtt vu

Vill Affer bei Äerdbiewen an Indonesien

Vill Affer bei Äerdbiewen an Indonesien

Déi indonesesch Autoritéiten hunn e Méindeg matgedeelt, datt no engem Äerdbiewen op der Insel Lombok (Süden), 82 Mënscheliewen ze bekloe sinn. Honnert Persounen si blesséiert, an dausende Gebaier deels schwéier beschiedegt ginn. D‘Biewe war och op der Nopeschinsel Bali ze spieren.

En Tsunami-Alarm, dee séier nees opgehuewe ginn ass, hat Panik bei den Awunner ausgeléist, déi alles leien a stoe gelooss hunn fir sech a Sécherheet ze bréngen. De Spriecher vum Katastrophen-Déngscht, Sutopo Purwo Nugroho, erkläert, datt d‘Erënnerung un den Tsunami vun 2004, deen an Indonesien 160.000 Mënscheliewe gefuerdert hat, nach ganz lieweg ass.

Bei de meeschten Affer, handelt sech ëm Leit déi sech an de Bierger, am Norde vun der Insel, opgehalen hunn. D‘Géigend ass wäit ewech vun den touristeschen Hot-Spots am Süden an am Weste vun der Insel. Lombok ass bei den Touriste beléift, wat haaptsächlech de wonnerschéine Stränn an de villen Trëppeltier uechtert d‘Bierger geschëlt ass.

Dëst Äerdbiewen, datt laut der USGS an enger déift vun 10 Kilometer stattfonnt huet, ass bannent enger Woch schonn dat zweet. Déi lescht Woch waren, wéi de Buedem geziddert huet, 17 Mënsche verstuerwen an honnerte Gebaier sinn zerstéiert ginn.

Wat bericht gëtt…

Vun der USGS gëtt et Detailer zum Äerdbiewen: den Epizenter vum Biewen ass am Mier, ronn 18 Kilometer nordwestlech vun der Insel Lombok geleeën. Et huet zwee Nobiewe ginn, wouvunner eent mat enger stäerkt vun 5,4 op der no uewen oppener Richterskala. Bis zu 20 méi kléng Stéiss sinn och nach registréiert ginn.

De Spriecher vu indonesesche Katastrophendéngscht weist drop hin, datt vill vun de Gebaier zu Mataram, der Haaptstad vu Lombok, beschiedegt gi sinn. „Et handelt sech hei zum gréissten Deel ëm Gebaier déi mat wéineg resistente Materialie gebaut goufen“, esou den Sutopo Purwo Nugroho.

D‘Awunner vu Mataram hunn ee staarkt „zidderen“ beschriwwen, dat d‘Leit buchstäblech op d‘Stroosse gedriwwen, de Stroum ënnerbrach an zur Evakuatioun vum Spidol gefouert huet. „All Mënsch huet direkt d‘Haus verlooss, an et ass eng grouss Panik ausgebrach“, erzielt den Iman, en Awunner vu Mataram, deem d‘Angscht um Sonndegowend nach am Gesiicht ofzeliese war.

Den Inneminister vu Singapur, Kasiviswanathan Shanmugam, deen un enger Sécherheetskonferenz op Lombok un deelgeholl huet, huet op Facebook beschriwwe wéi hien d‘Äerdbiewen erlieft huet. „Ech war a mengem Zëmmer um 10. Stack, wéi dat ganzt Zëmmer ugefaangen huet sech ze bewegen. D‘Maueren hunn ugefaangen ze räissen an et war onméiglech stoen ze bleiwen“.

Wann et zum Gléck keen Tsunami ginn huet, esou huet den Dwikorita Karnawati vum Katastrophendéngscht awer bestätegt, datt zwee Dierfer vum Mier iwwerschwemmt goufen.

De pazifesche Feierrimm

E franséischen Tourist, Jean Sannier, deen op der Insel Gili Meno – géinteniwwer Lombok – an der Vakanz ass, erzielt der AFP: „D‘Biewen a véier Nobiewe waren däitlech ze spieren. En Deel vun eisem Hotel ass zerstéiert, esou wéi eng grouss Partie vun den Haiser op der Insel“. Laut dem Jean Sannier wiere vill franséisch Touristen op der Insel, an een hätt sech beim Biewen d‘Bee gebrach.

Och op der Nopeschinsel Bali, waren Awunner an Touristen a Panik, a waren op d‘Strooss gelaf. Den Terminal vum internationale Fluchhafen zu Bali ass duerch d‘Biewen och beschiedegt ginn, mee de Loftverkéier war zu kengem Ament beanträchtegt. D‘Installatioune vum Fluchhafen zu Lombok sinn net beschiedegt ginn, aus Sécherheetsgrënn ass dësen awer evakuéiert ginn.

Indonesien läit um faméise „Feierrimm“ vum Pazifik, wou sech déi tektonesch Placken treffen, wat zu ville Vulkanausbréch an Äerdbiewe féiert. Den Tsunami vun 2004, war duerch e Séibiewen ausgeléist ginn. Deen hat eng stäerkt vun 9,3 op der Richterskala, an hat säin Epizenter bei Sumatra (am Weste vun Indonesien).

mat AFP

Foto: D‘Spidol Moh. Ruslan zu Mataram huet missen evakuéiert ginn. Op der Insel war Panik ausgebrach, wéi et zum Tsunami-Alarm komm ass. Hei ass d‘Erënnerung un déi grouss Katastroph vun 2004 nach omnipresent. © Adek Berry/AFP

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, Indonesien, Lombok, Pazifesche Feierrimm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel