En amerikanescht Duerf verdeedegt säi Waasser géint Nestlé
Nestlé, de Schwäizer Liewensmëttelkonzern deen der Meenung ass datt Waasser
Leschte Freideg huet den OGBL als eenzeg representéiert Gewerkschaft an
Den Dieselskandal, dee wéinst dem Gefuddels bei VW fir grouss
D‘Arméi vum westafrikanesche Staat Burkina Faso huet en Ugrëff vun Extremisten op d‘Stad Arbinda zréckgeschloen. Et sinn Dosenden Affer ze bekloen. De President Roch Marc Christian Kaboré zwee national Trauerdeeg ausgeruff.
Am Norde vum Burkina Faso si bei Attacke vun Terroristen, mindestens siwe Sécherheetsleit a 35 Ziviliste gestuerwen. D‘Zaldoten hätten hirersäits 80 Ugräifer „neutraliséiert“, eng 20 weider Mënschen si bei den Ausenanersetzunge blesséiert ginn. Dat huet de Kommunikatiounsminister Remis Fulgance Dandjinou, esou an der Nuecht am Staatsfernsee erkläert.
Säitens der Arméi heescht et, datt bewaffent Gruppe Militärpersonal an Zivilisten ugegraff hunn. De Schosswiessel soll sech iwwer Stonnen higezunn hunn. Mat der Hëllef vun der Loftwaff, Zaldoten an Polizisten hätt d‘Attack kënnen ofgewiert ginn.
Zum Gedenken un d‘Affer huet de President vum Burkina Faso zwee national Trauerdeeg ausgeruff an op den ëffentleche Gebaier sollen d‘Fändelen op Hallefmast gehaange ginn. An de Staate vun der Sahelzon – e Gebitt dat sech vum roude Mier bis un de südleche Wupp vun der Sahara erstreckt – sinn ënnerschiddlech bewaffent Gruppen aktiv.
Besonnesch „inzisiv“ sinn d‘Terrorgruppen „Islamesche Staat“ (IS) an „al-Quaida“, déi sech op vill Alliéiert beruffe kënnen. Besonnesch betraff vun dësem Terror sinn de Mali an déi ugrenzend Länner wéi de Burkina Faso oder Niger. Hei kënnt et regelméisseg zu Uschléi.
Foto: (Archiv)