Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooldislike
Wéi gutt kenns du d’Nordstad?
Money Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Nordstad?

Och wann d‘Nordstad nach éischter eng Theorie wéi eng Tatsaach

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen
Money Neiegkeeten

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen

Matten an de Ruinen déi nach dämpen, Fässer déi verkuelt

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring
Money Neiegkeeten

Net ganz esou einfach fir den Dylan Pereira um Hungaroring

E Sonndeg huet um Hungaroring an Ungarn de sechste Laf

money

„Ze vill Faillitten“ behaapt Creditreform Luxembourg

„Ze vill Faillitten“ behaapt Creditreform Luxembourg

Lëtzebuerg steet eigentlech, am konjunkturelle Kontext, wirtschaftlech esou gutt do wéi seelen a senger Geschicht. D‘Konjunktur ass allerdéngs net de „Service à l‘Egalité des Chances“ fir alles wat sech an der Wirtschaft deet. Esou stellt déi Firma, där hir Existenz um Recouvrement vun de Scholde baséiert, dréche fest, datt et zu Lëtzebuerg ze vill Faillitte gëtt.

Am Pressecommuniqué vum Mëttwoch, fält direkt op, datt tëscht dem 1. Semester 2017 an 2018, 611 Betriber oder Entreprisen d‘Baach ofgaange sinn. Fir d‘Analyste vu Creditreform wier datt eng Progressioun vun 33,7%. Besonnesch bedréckend gesäit et bei de Firmen aus, déi eeler wéi fënnef Joer sinn. Déi maache fir den éischte Semester 2018, dräivéierel vun de Faillitten aus.

D‘Joer virdrun, huet dësen Taux nach béi Zweedrëttel geleeën. Bei den Entreprisë vu manner wéi fënnef Joer, ass et logescherweis besser ginn, hei geet den Undeel bei de Faillitte vu 35% op 23,4% zréck. Dat sinn dann allerdéngs, bei Berécksiichtegung vun allen Zuelen, schlecht Nouvellë fir e Land datt op Wuesstem gebaut ass. Et ginn dann och Secteuren déi méi wéi anerer betraff sinn.

Aus geographescher Siicht

Et ass dann och éischter Normal, datt den Arrondissement vu Lëtzebuerg, de gréissten Undeel vu Faillitten op sech bezitt. Dat huet engersäits domatter ze dinn, datt d‘Stad Lëtzebuerg besonnesch beméit ass Entreprisen unzezéien, anersäits hei d‘Onkäschte wiesentlech méi héich leien, wéi dat soss uechtert Land de Fall ass. Hei muss eng Hausse vun 43,4% verzeechent ginn.

Dofir huet sech d‘Geschäftswelt am Arrondissement Dikrech erholl. Sinn hei am éischte Semester 2017 nach 77 Faillitten enregistréiert ginn, esou sinn et der am selwechten Zäitraum 2018, nach 66. Unhand vun den Zuelen déi Creditreform presentéiert, ass et de Commerce, an deem déi meeschte Faillitten ausgeschwat ginn, dat mat enger Erhéijung vu 35,6%.

Vum Lëtzebuerger Handelsbond (CLC) ginn d‘Zuele wéi se vu Creditreform virgeluecht ginn net kontestéiert, mee et misst een déi awer an ee méi breede Kontext setzen. Richteg wier et, datt den traditionellen Handel sech aktuell net géintiwwer dem e-Commerce behaapte kann, an d‘Firmen sech den neien Akaafsgewunnechte vun de Konsumenten upasse mussen.

Et kann een et net aus dem Aarm rëselen

Kleng „Geschäfter“ an den Internet ze kréien ass wuel net einfach, mee d‘CLC weist drop hin, datt mat der Plattform www.letzshop.lu grad déi „kleng Betriber“ hir éischt Schrëtt am weltwäiten Netz ënnerhuele kënnen. Zudeem – an dat ass och fir de Konsument interessant – kann een hei all déi zu Lëtzebuerg aktiv Geschäfter fannen an sech informéieren.

Leider verkennt d‘CLC hei, datt d‘Präsenz am Internet eleng de Verkaf net ukuerbelt. Präsenz ass wuel wichteg, mee de Konsument bleift och am Netz op der sich nom beschtméigleche Präis/Notze Verhältnis. Zudeem ass hei villes verschlof ginn, a verlueren Zäit léisst sech net ophuelen. Et dierft also nach eng Zäit laang den (Eenzel)Handel sinn, dee bei de Faillitten d‘Nues vir huet.

Interessant, well onverständlech: am Bausecteur hu fir dëst Joer schonn 29 Entreprisen de Schlëssel ënnert d‘Dier hu misse leeën (2017 waren et der 28). Bedenkt een d‘Tatsaach datt et grad hei eng enorm Nofro gëtt, dierf ee sech Froe stellen. Entweder et sinn d‘Clienten déi hir Rechnungen net bezuelen, oder d‘Patronen déi et mat der Gestioun net op d‘Rei kréien, dat eventuell mat Absicht.

E geschloent Kand: den Déngschtleeschtungssecteur

Huet et am Déngschtleeschtungssecteur2017 nach 328 Faillitte ginn, esou läit d‘Unzuel vun de Betriber deenen de Goss ausgaangen ass, 2018 bei 439. Dat ass en traurege Rekord, deen dann awer nees a ville Fäll eng einfach Erklärung huet. Bei dësen Zuelen, ginn och d‘Autoentrepreneure matgezielt, déi engersäits ze präiswäert schaffen, anersäits ze laang op d‘Geld waarde mussen.

Gutt geet et dann de Betriber an Entreprisen, déi eppes Hierstellen. Hei sinn am éischte Semester „nëmmen“ sechs Standuerter zou gemaach ginn. Am leschte Joer hat guer keng Entreprise missen seng Dieren zou maachen. Wann déi Informatioun – reng statistesch – gutt ass, esou dierf dat net de falschen Androck hannerloossen, dat dëse Wirtschaftssecteur net bedreet wier.

Nach ëmmer mat Bezuch op de Communiqué vu Creditreform, géif eisen Noperen eppes besser ergoen. An der Belsch huet sech e gewëssent Gläichgewiicht opgebaut, a bei eise franséischen Noperen, gi säit laangem nees méi Entreprise gegrënnt wéi zougemaach. An Däitschland ass et nach besser, do sinn d‘Faillite réckleefeg: – 3,3%.

Ähnlech Sujeten Bausecteur, Creditreform Luxembourg, Déngschtleeschtungssecteur, Faillitte, Handel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel