Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Ëmmer méi Faillitten zu Lëtzebuerg
Kultur https://moien.lu/dating-sites-for-over-60s-free/

lauren swanson dating josiah duggar

E Méindeg huet déi däitsch Gesellschaft „Creditreform Luxembourg“ déi zanter

Schluss mat Plastik – d’EU-Parlament plangt een neit Gesetz géint Ee-Wee Plastik
Kultur https://moien.lu/dating-sites-for-over-60s-free/

Schluss mat Plastik – d’EU-Parlament plangt een neit Gesetz géint Ee-Wee Plastik

Gëschter huet d’EU-Parlament an enger éischter Liesung een neit Gesetz

Glyphosat: de Sträit ëm de sanitären Diagnostik, erkläert
Kultur https://moien.lu/dating-sites-for-over-60s-free/

Glyphosat: de Sträit ëm de sanitären Diagnostik, erkläert

Den Impakt vum Glyphosat op d‘Gesondheet, dee vun der WHO

Hei gëtt et vill méi wéi nëmme Biller!

Hei gëtt et vill méi wéi nëmme Biller!

Dëse Weekend fënnt an der Kierch zu Hesper eng ganz interessant a besonnesch opklärend Foto-Ausstellung statt. Organiséiert gëtt dëse kulturell héichwäertegen Evenement vun der Stëftung „Lëtzebuerg – El Salvador“ a Kooperatioun mam Fotograf Laurent Blum.

De Laurent Blum hat mat senger Kamera d‘Aktivitéiten an d‘Projete vun der Stëftung begleet. Wat hie mat der Kamera alles agefaangen huet a wat dozou alles ze erziele gëtt, dat wéi gesot kann een alles gewuer ginn, wann een e Samschdeg oder e Sonndeg tëscht 10 a 17 Auer an der ganz schéiner Kierch zu Hesper eppes Zäit verbréngt.

An hei eppes wat engem net op all Ausstellung ugebuede gëtt: de Fall gesat et entdeckt een e Bild an et verléiert ee säin Häerz dorunner, da dierf ee dat kafen a mat heem huelen. Net ze vergiessen, datt et och ee Bichelche gëtt, andeem déi vill Impressioune vun der Rees agefaange goufen, a dat, grad ewéi d‘Biller och, zugonschte vun der Fondatioun verkaf ginn.

vill

Dir wëllt méi iwwer „Fondation Luxembourg El Salvador“ wëssen. Ma alles wat wichteg ass fënnt sech op der Internetsäit www.elsalvador.lu a wiem dat net sollt duer goen, oder all deenen déi heizou Froen hätten, ma dofir gëtt den elektronesche Courrier luxelsa@pt.lu.

Profitéiert also vum net méi esou summerleche Wieder, kuckt zu Hesper laanscht a loosst iech vum Laurent Blum senge Biller an eng Welt entféieren, déi ee soss esou net gewise kritt. Zudeem ass et de Beweis, datt solidaresch mat anere sinn, net nëmme sënnvoll an/oder human ass. Et betount op en Neits, datt mir all Mënsche sinn, déi e gemeinsamt Zil verfollegen: friddlech zesummeliewen!

Opmaacherfoto: © Laurent Blum

Ähnlech Sujeten Abbé Gloden, Ausstellung, Fondation Luxembourg El Salvador, Laurent Blum, Padre Enrique
Nächsten Artikel Virrechten Artikel