Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Sexuelle Mëssbrauch op der Ohio State University
Neiegkeeten

USA: Sexuelle Mëssbrauch op der Ohio State University

Gëschter huet sech de President vun der Ohio State University

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!
Neiegkeeten

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat

Dammefussball: SC Beetebuerg um eegenen Terrain „Souverän“
Neiegkeeten

Dammefussball: SC Beetebuerg um eegenen Terrain „Souverän“

Fir d‘Damme vum AS Rupensia Lusitanos aus der Fiels gouf

Vill Sujete goufen um Krautmaart behandelt

Keng langweileg Sëtzung: Casier-bis, Migratioun a Flüchtlingen, 5G-Netz a villes méi

Vill Sujete goufen um Krautmaart behandelt

Hale mir nach aleedend fest, datt gëschter och déi Deputéiert vun déi gréng, Chantal Gary vereedegt gouf, an et um Mëttwochmuere schonn an de Kommissiounen zimlech gutt virgaangen ass. Mëttes haten d‘Deputéiert dann d‘Geleeënheet an der Plenière op déi divers Themen zréckzekommen.

An der Justizkommissioun ass sech gëschter op en Neits iwwert den zentrale Fichier vun der Police ënnerhale ginn an et gouf en „Agenda“ opgestallt. Op Ufro vun der CSV huet een en Zyklus vun Entrevue virgesinn, an deem och dem Ombudscomité, de Comité fir d‘Kannerrechter, e fréiere Professer a Vertrieder vun der Police hir Plaz sollten hunn. 2020 soll et dann och nach zu enger grousser Auditioun zu de Prinzipie vun der Gewaltentrennung kommen.

Bei de Froen un d‘Regierung wollt d‘Viviane Reding (CSV) vum Digitaliséierungsminister Xavier Bettel (DP) wou de 5G-Reseau bleift. Deen huet bestätegt datt Lëtzebuerg de 5G am zweeten Trimester 2020 soll kréien. De Retard géif domatter zesummenhänken, datt et méi Offere ginn huet wéi d‘Land Frequenze ka verginn. Wat déi rezent archeologesch „Entdeckungen“ zu Schieren betrëfft, esou huet d‘Ministesch Sam Tanson (déi gréng) bestätegt, datt zur Zäit iwwerpréift gëtt ob an a wéi enger Form dësem Site e Musée kéint zougewise ginn.

Gesetzprojeten huet et gëschter och ginn, esou deen zur Schafung vun engem „Nationale Büro fir den Accueil“ (ONA), an Kontext vun der Reorganisatioun vum OLAI. Den ONA soll dem Ausseministère ënnerstallt ginn an eng Rei Kompetenze vum OLAI iwwerhuelen. Esou den Accueil vun den Demandeure fir internationale Schutz (DPI), d‘Gestioun vun de Hebergementsstrukturen an déi punktuell finanziell Ënnerstëtzung. Ausser den ADR-Deputéierten hunn se an der Chamber fir dëst Gesetz gestëmmt.

Ähnlech Sujeten adr, Chamber, Krautmaart, Migratioun, Mobilfunknetz 5G, OLAI, ONA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel