D’EU bereet sech op zukünfteg Coronavirus-Variante vir
Fir d’Europäesch Unioun beschtméiglech op d’Bedreeung vu Coronavirus-Variante virbereeden, huet
Fir d’Europäesch Unioun beschtméiglech op d’Bedreeung vu Coronavirus-Variante virbereeden, huet
Et ass, datt dierft kengem entgaange sinn, waarm dobaussen. Et
No der Ukënnegung duerch d‘USA, den Import vu Stol an
D’Natur huet eis Villercher esou konzipéiert, datt sech tëscht hire Plommen Loftschichte befannen, déi als Isolatioun déngen. Donieft sinn et hir kleng a liicht Daunen, déi direkt um Kierper sëtzen a Loft späicheren. Virstelle kann ee sech dat Ganzt wéi e wiermende Schlofsak. A sollt och dat net duergoen, fir déi äiseg Temperature vum Wanter auszehalen, hunn d’Vullen nach d’Méiglechkeet, sech opzeplusteren, wouduerch hirem Plommekleed nach méi Loft zougesat gëtt.
Déi beschte Plommen notzen awer och dem klengste Villchen näischt, wa si Honger leiden. Genuch Iessen zur Verfügung ze hunn, heescht fir d’Déiercher Energie ze tanken, mat där si nees d’Kierperwiermt hale kënnen. Fidderen am Wanter ass also immens wichteg, a mir kënnen an engems d’Vullen am eegene Gaart beobachten a kenneléieren.
Allerdéngs sollt een heibäi wëssen, datt all Villchen seng eege Bedierfnesser huet. Aus dësem Grond huet natur&ëmwelt en Infoblat zum Thema „Vulle fidderen“ erausbruecht, an deem déi eenzel Aarten, d’Fudderzorten a -systemer erkläert sinn.
Wëllt Dir aktiv ginn, da bitt de Shop nature beim Haus vun der Natur op der Kockelscheier vu Vullenhaisercher bis zum gepréifte Fudder dat richtegt Material un. Duerch déi sanitär Situatioun muss am viraus per Mail oder Telefon bestallt ginn. Är Bestellung gëtt dann virbereet a virun Ärer Arrivée virun d’Dier gestallt. Bezuelt gëtt per Digicash oder Kreditkaart.
Wärend dëst Material just op der Plaz kann ewech geholl ginn, schéckt natur&ëmwelt Iech informativ a spannend Bicher per Post Heem. Unzebidden ass ënnert anerem dat neit Buch E Bléck an eis Natur vun A-Z. D’Iwwerweisung gëtt op de Konto vun natur&ëmwelt (CCPL LU50 1111 0511 3112 0000, Numm a Liwweradress mat uginn, Porto 3€ respektiv 5 €) gemaach.
De Repertoire u Bicher, Produiten a Material mat Präis fannt Dir HEI.
Bei weidere Froen kënnt Dir Iech per E-Mail (shop.nature@naturemwelt.lu) oder Telefon (29 04 04 315 oder 29 04 04 1) mellen.
Opmaacherfoto: Poufank © Mario Cordella