Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Irma bréngt apokalyptesch Zerstéierung
Neiegkeeten

Irma bréngt apokalyptesch Zerstéierung

Tëscht „Albdram“ an „Apokalyps“, de Monsterorkan Irma, dee weider duerch

D‘Landwirtschaft net de falschen Hänn iwwerloossen
Neiegkeeten

D‘Landwirtschaft net de falschen Hänn iwwerloossen

D‘Plattform „meng Landwirtschaft“ huet um Dënschdeg seng Fuerderunge fir d‘Chamberwahle

MSF: Ëmmer méi Cholera-Kranker am Jemen
Neiegkeeten

MSF: Ëmmer méi Cholera-Kranker am Jemen

An de jemenitesche Provënzen Amran, Hadscha, Ibb an Tais erkranken

Grouss Ouverture vum VIP Room – High Class Nightlife zu Lëtzebuerg

Grouss Ouverture vum VIP Room – High Class Nightlife zu Lëtzebuerg

Haut den Owend ass et esou wäit: de VIP Room Luxembourg mëscht seng Dieren op a versicht mat engem edele Konzept d’Lëtzebuerger Partyzeen ze beräicheren.

Wien hei era wëll muss sech dem schicke Staater Dresscode upassen, soss brauch een et emol net ze probéieren, laanscht d’Sécherheetsleit ze kommen. Taleckeschong, een apaart Kleed an Owend-Make-Up fir d’Fraen, Kostüm a gelackte Schong fir d’Männer ass ee Muss. De Publikum soll jo schliisslech zu der Ambiance vum Banneraum passen.

De VIP Room verbënnt duerch al a modern Stilelementer eng gewëssen Noblesse mat engem exklusive Goût. D’Maueren, mat hirer faarweger Tapéit, déi un de Barock erënnert stinn am ideale Kontrast zur moderner Bar, hannert der een e risege Bildschierm huet. Zesumme mat der Lasershow an den düsteren honnerte Luuchten, déi vum Plafong hänken entsteet hei genau dat stilvollt Bild, wat den kultivéierte Lëtzebuerger mam décke Portmonni wuel virfanne well.

VIP Room

© Shari Pleimelding/moien.lu

Insgesamt fannen am Etablissement 200 Leit Plaz fir sech ze setzen, sollten si emol eng Paus vum feiere brauchen. Mee net nëmmen d’Bannenariichtung huet design-technesch eppes ze bidden. De Jean-Roch, Singer-Songwriter, DJ a Grënner vum VIP Room, huet et sech net entgoe gelooss Männermodeller anzestellen, déi entweder am Smoking oder am schwaarze seidege Schotterack mat décker Eiseketten ëm de Kapp dat weiblecht Aen unzéie sollen.

An der Location vum VIP Room kritt een awer net nëmmen haard DJ Musek, eng hypnotiséirend Laser-Show an deiere Schampes ugebueden. Op der éischter Etage preparéiert de Restaurant La Gioia am exklusive Flair héichwäerteg Entréeën, Pizza, Pasta, Fësch- a Fleeschgerichter, déi een mat Bléck erof op den Dancefloor genéisse kann.

VIP Room

© Shari Pleimelding/moien.lu

Natierlech muss een hei net virun d’Dier goe fir ze fëmmen. Déi Responsabel vum VIP Room hunn fir hir Clientèle extra ee Beräich op der drëtter Etage ageriicht, wou si ongestéiert eng Zigarett ufänke kënnen.

Generell muss ee soen, datt dëse Club duerch seng Exklusivitéit näischt fir jiddwereen ass. D’Lëtzebuerger Partyzeen dreift an eng Richtung, wou de klasseschen Otto Normal-Bierger näischt méi verluer huet. Et ass ee flott Erliefnis dobanne gewiescht an een eedelen Owend hei verbruecht ze hunn. Et sollt een awer drun denken sech deementspriechend unzedoen a genuch Sue mat ze huelen.

De VIP Room feiert haut den Owend säi groussen Opening. De Club fënnt een ënnert 17B, Rue des Bains, L-1212 Lëtzebuerg. Wien een Dësch reservéiere wëll sollt dat ënnert der Telefonsnummer (+352) 27 85 81 88 maachen.

Mir wënsche weiderhin vill Succès an ee flotte Partyowend!

Ähnlech Sujeten Club, Jean-Roch, La Gioia, Nightlife, Party, VIP Room
Nächsten Artikel Virrechten Artikel