Search

You may also like

e-Lake festival 2019: 3 Deeg, 2 Bühnen, 1 Séi!
International Neiegkeeten

e-Lake festival 2019: 3 Deeg, 2 Bühnen, 1 Séi!

Un dësem Weekend komme Musek-Fans aus alle Beräicher nees op

Muss dat sinn?
International Neiegkeeten

Muss dat sinn?

Et ass déi Froh, déi ech mer all Joer fir

Éisträich: Dräi antisemittesch Iwwergrëff bannent enger Woch
International Neiegkeeten

Éisträich: Dräi antisemittesch Iwwergrëff bannent enger Woch

Mat engem Baseballschléier ass ee Samschdeg den Elie Rosen, Virsëtzende

Virbildlech Noperen

Diddenuewen iwwerhëlt Lëtzebuerger Modell a verdeelt Masken u seng Awunner

Virbildlech Noperen

Et ass wuel nëmmen een eemolege Gest, fir deen sech d‘Ekipp ronderëm de Buergermeeschter vun Diddenuewen, Dr. Pierre Cuny, entschloss huet, mee en huet Virbildfunktioun an och aner Stied a Gemengen a Frankräich wëllen dëse Wee matgoen. Et geet drëms, de Bierger wéinstens ee Saz un Gesiichtsmasken zougänglech ze maachen, bis dës allgemeng verfügbar sinn.

De „Kit“ deen den Diddenuewener Awunner bereetgestallt gëtt, besteet enger chirurgescher Mask an enger aus Stoff, déi méi oft ka benotzt ginn, woubäi een déi entspriechend Instruktiounen dann awer och muss anhalen. Bis zum 5. Mee huet d‘Stad Diddenuewen eng 6.000 dëser Sätz un seng Awunner iwwer 70 Joer verdeelt. Eng Prioritéit déi vun allen als sënnvoll begréisst ginn ass.

Elo soll et dann e Freideg un enger grousser Aktioun fir de Rescht vun den Awunner kommen. Den Ufank gëtt den 8. Mee an de sougenannten Duerf-Quartiere gemaach. D‘Distributioun gëtt hei wéi follegt organiséiert:

  • fir d‘Awunner vu Veymerange an Elange: d‘Multifunktiounshal vu Veymerange, 14 route de Buchel;
  • fir d‘Awunner vun Oeutrange: Fyoer Communal, 13 Place Saint-Luc;
  • fir d‘Awunner vu Garche a Koeking: Foyer Nicholas Schmitt, 131 rue de Melbourg;
  • fir d‘Awunner vu Volkrange, Metzange a Beuvange: Centre St. Michel, Domaine de Volkrange, boucle de la Ferme.

Den 9. Mee (Europadag) ass et dann un den Awunner vun Diddenuewen-Zentrum a Peripherie:

  • kommunal Sportshal Jean Burger (rue de Général Walker);
  • Sportshal „Basses-Terres“ (4 Avenue de Douai);
  • Multisport-Komplex „de la Milliaire“ (71 rue Paul Albert);
  • Maison de Quartier“ vum Pont-des-Loges (81a rue du Pont-des-Loges);
  • Multifunktiounshal vum Val Marie (16 chemin du Kem);
  • Maison des Quartiers“ (Allée Bel-Air)

All déi genannte Standuerter si jeeweils vun 9 bis 16 Auer ouni Ënnerbriechung op. Fir dat et net zum Chaos kënnt a well nach ëmmer gréisste Virsiicht gebueden ass, bieden de Buergermeeschter an de Schäfferot d‘Leit verstänneg ze sinn, a géifen et begréissen, wann ëmmer nëmmen eng Persoun pro Haushalt sech op de genannte Plaze géif ustellen. Fir dann de Kit entgéint ze huelen, muss dës Persoun eng rei Pabeiere virweisen:

  1. en Auswäis;
  2. e Justificatif fir d‘Domiciliatioun;
  3. e Justificatif fir d‘Kompositioun vum Menage (dat geet mam Familljebuch, oder och soss engen Dokument mat deem sech d‘Zesummestellung vum Menage noweise léist)

Wien sech aus gudde Grënn (Gesondheet, Aarbecht) net op engem vun dësen Deeg bei sengem Zenter ka virstelleg ginn, sinn zwou weider Dispositiounen ergraff ginn: 1) eng Distributioun an der Sportshal Jean Burger, vum 11. bis de 15. Mee jeeweils vun 10 bis 12 Auer. Fir eeler, vulnerabel oder krank Mënschen, heescht et sech iwwert den Telefon 0 800 830 825 (gratis) umellen. Déi kréien dann hire Kit heem geliwwert.

Matgedeelt vun der Stad Diddenuewen

Illustratioun: Déi beschte Mesure ass ëmmer nëmmen esou gutt wéi d‘Kommunikatioun déi dëser unhänglech ass. Datt déi Diddenuewener vu béidem profitéieren, gëtt allgemeng begréisst. © Engin Akyurt / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Diddenuewen, Distributioun, Maskeflicht
Next post Previous post