Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Kichelchen
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Kichelchen

Aiii dat ass nees ee kuriéise Feierdag fir all déi

MSF: Ëmmer méi Cholera-Kranker am Jemen
International Neiegkeeten Stories

MSF: Ëmmer méi Cholera-Kranker am Jemen

An de jemenitesche Provënzen Amran, Hadscha, Ibb an Tais erkranken

Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
International Neiegkeeten Stories

Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat

Wat wat dat nees e gäile Weekend an der Schongfabrick

Viren als Waff asetzen

Biologesch Waffe sinn u sech verbueden, mee Terroristen halen sech net u Reegelen – mengt emol den UN-Generalsekretär Antonio Guterres

Viren als Waff asetzen

Den UN-Sécherheetsrot huet sech eng geheim Sëtzung vergënnt, an dat ass oft kee gutt Zeechen. Et bleift awer seelen alles verbiergen, och wann de Sujet u sech richteg brisant ass, well et ass ëm net manner gaangen, wéi eng Äntwert op d‘Fro ze fannen: „Wéi héich ass de Risk, datt ee Virus wéi de Covid19 (SARS-Cov2) als biologesch Waff kéint agesat ginn?“.

Eng Welt, déi wéi am presente Fall quasi handlungsonfäeg ass, Milliarde Mënschen déi an Angscht liewen… dat ass net nëmmen de „fiichten Dram“ vun engem duerchgeknallten US-President, mee dierft och sougenannt „net-staatlech Organisatiounen“ staark interesséieren. Biologesch Waffe sinn, datt huet d‘Vëlkergemeinschaft viru laanger Zäit esou beschloss, strikt oder strengstens verbueden.

Dat hënnert awer d‘Natiounen net drun, stänneg a mat ganz vill finanziellem Asaz, weider och un esou „Kampfmëttel“ ze schaffen, ze fuerschen an ze testen. A well et ëmmer méi dëser „Acteuren“ huet déi net-staatlech Organisatiounen, déi jee no Standpunkt entweder Fräiheetskämpfer oder Terroriste sinn, ënnerstëtzen, klëmmt de Risk datt eben esou Gruppen och Zougang erhale kéinten.

An dësem Kontext, huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres an engem „huis-clos“, sengem Sécherheetsrot wësse gelooss: „Net-staatlech Gruppe kéinten Zougang zu aggressive Virestämm kréien, wat verheerend Auswierkungen op déi ganz Welt kann hunn“, an huet domadder eendeiteg op de Coronavirus Covid19 ugespillt. Dat halen d‘Amerikaner fir vëlleg iwwerzunn an dernieft…

Éischter realistesch wéi iwwerzunn

Fir d‘Doktesch Filippa Lentzos, eng ausgewise Spezialistin wat Bio-Waffen ugeet (Si schafft am Londoner King‘s College an ass och beim Stockholmer Friddensinstitut SIPRI aktiv) sinn dem Antonio Guterres seng Suerge weder iwwerdriwwen nach mat den Hoer erbäigezunn. Esou hunn d‘USA gewisen, datt een e Virus net selwer muss asetzen, mee et duerchaus duer geet, mëttels Sanktiounen oder dem Verbuet Hëllefsmëttel ze liwweren, een Natiounen ënner Drock setze kann.

Wann d‘Fuerscherin elo awer och der Usiicht ass, datt Terroriste wuel kaum an de Genoss kommen dierften, sech „sophistiquéiert biologesch Waffen“ bei de Groussmuechte beschafen ze kënnen, esou gëtt et „Länner“ déi do manner Skrupel hunn. Zudeem bréicht et dat och net, et gëtt genuch aner Viren, déi dem terroristesche Verwendungszweck duerchaus entgéint kommen. A si ass net eleng.

Den UN-Ambassadeur Félix Baumann, permanente Vertrieder bei der UN- Ofrëschtungskonferenz fir d‘Schwäiz, stellt fest, datt et vill Fachwësse viraussetzt, an engem Laboratoire Viren ze ziichten, mee schonn e Virus vun der Aart wéi de Covid19 duer geet, fir Angscht a Schrecken ze verbreeden. Hie stäipt dann och den Avis vum UN-Generalsekretär, datt et sech net méi ausschléisse léisst, datt d‘Source fir esou „Waffen“ och an héich dotéierte Staatslaboratoire ze fanne sinn. Dat ass krass.

Fir d‘Doktesch Filippa Lentzos kéint een awer mat grousser Sécherheet dovunner ausgoen, datt de Coronavirus Covid19 net vun esou engem „Staatslaboratoire“ geschafe ginn ass. Als Waff ass dëse Virus zimmlech ongëeegent. Zum enge riicht sech dëse géint jiddereen, also net géint en definéierte Feind, an et huet kaum Wierkung op eng kampftauglech Jugend. Et wier deemno net ziilféierend…

Et gëtt (geheim) Biowaffe-Fuerschung bedriwwen

Iwwer d‘Gefore vun engem Asaz vu biologesche Waffen ass ee spéitstens zanter dem „kale Krich“ beschtens informéiert, firwat et sengerzäit (1972) zu enger internationaler Konventioun komm ass, mat där d‘Entwécklung, d‘Hierstellung, d‘Lagerung an den Asaz weltwäit verbuede ginn ass. A bis op wéineg Ausnamen, hu sech all d‘Natiounen op dëser Welt, dëser Konventioun ugeschloss.

Offiziell (bezunn op déi ëffentlech zougänglech Informatiounen) bedreift kee Land ee Programm zur Hierstellung vu biologesche Kampfmëttel. Hei dierf een allerdéngs drop hiweisen, dat anescht wéi bei den Atomwaffen, et kenger Natioun an de Sënn géif kommen, sech ze bretzen esou eng biologesch Waff ze besëtzen. Fuerschen ass zudeem, ënnert dem Virwand vun der „Verdeedegung“ géint eng biologesch Attack, duerchaus legal an hei ginn och entspriechend Mëttel bereet gestallt.

Datt d‘Grenz tëscht „offensiven“ an „defensiven“ biologesche Waffeprogrammer wuertwiertlech fléissend ass, an et ersiichtlech dierft sinn, datt wien sech ze wiere weess, och weess wéi et an déi „aner Richtung“ goe kann. Zwar ass den Text deen d‘Natioune ratifizéiert hunn ganz däitlech an onmëssverständlech formuléiert, mee et gëtt bis haut kee Kontrollmechanissem deen dëse stëtzt.

Sech awer op „vertrauensbildend Moossnamen“ ze verloossen, muss een hei als grousse Feeler, jo scho bal als Verbrieche bewäerten. Zanter dem Antrëtt an dat 21. Joerhonnert, gëtt et wuel ëmmer nees Versich d‘Konventioun un déi „nei Realitéiten“ unzepassen, déi Natiounen déi ee permanente Sëtz am UN-Sécherheetsrot hunn, konnten dat awer bis ewell ganz gutt verhënneren. USA, China, Russland an och Groussbritannien, hunn dann och ni d‘Fuerschung an dësem Beräich agestallt.

mat indymedia/nyc/lon/gva

Illustratioun: © 7-Themes

Ähnlech Sujeten Antonio Guterres, biologesch Waff, Terrorismus, UN-Sécherheetsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel