Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess
Kultur Neiegkeeten

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess

D‘USA, Groussbritannien a Frankräich, hunn an der Nuecht vum Freideg

Erliefnisbericht vum ING Marathon 2019
Kultur Neiegkeeten

Erliefnisbericht vum ING Marathon 2019

Leschte Samschdeg war nees den ING Marathon an der Stad.

Orkan Maria stëft Onrou an der Karibik
Kultur Neiegkeeten

Orkan Maria stëft Onrou an der Karibik

Déi amerikanesch Virgin Islands an eng ganz Rei weider Territoiren

Virtual Reality Pavillon – een neie Rekord mat méi wéi 3000 Visiteuren

Virtual Reality Pavillon – een neie Rekord mat méi wéi 3000 Visiteuren

Et kann een definitiv bestätegen: de Virtual Reality Pavillon huet seng Plaz am Programm vum Luxembourg City Film Festival fonnt. Méi wéi 3000 Visiteure konnten déi lescht 10 Deeg am Casino an der Stad gezielt ginn, wat eng immens Erhéijung vun 100% säit 2018 bedeit.

Vum 7. bis de 17. Mäerz 2019 huet de Casino – Forum d’art contemporain d’Visiteure vum Festival op eng Rees duerch déi bescht rezent Kreatiounen am Beräich vun der virtueller Realitéit invitéiert. Mat net manner wéi 10 Installatiounen, dovun 2 Lëtzebuerger Co-Produktioune ware mat vun der Partie. Do konnt de Grand-Duché nämlech iwwerzeege mat „Fan Club“ an „ Playmobil® The Movie – VR Adventures“.

VR

© Patrick Müller/VDL

D’Organisatioun vum Pavillon gouf erméiglecht duerch de Film Fund Luxembourg, zesumme mat Digital Luxembourg, a Kollaboratioun a mat Ënnerstëtzung vum Centre Phi vu Montreal. Mam neie Rekord u Visiteure gëtt d’Politik vum Filmfong ervirgehuewen, fir sech bei Wierker aus dem neien Digital-Zäitalter anzesetzen.

Dobäi war net nëmmen d’Ëffentlechkeet um Festival vertrueden, mee direkt de ganzen nationale Secteur, den sech un de Produktiounen orientéiert. Duerch dësen enorme Succès ass och d’Decisioun getraff gi kommend Joer bei der 10. Editioun vum Luxembourg City Film Festival een offizielle Concours mat Präisiwwerreechung ze organiséieren, woubäi eng international Jury déi glécklech Gewënner eraussiche wäert.

Et sollt een allerdéngs net vergiessen, datt de Filmfong iwwert dat ganzt Joer verdeelt eng Auswiel u Wierker ubitt mat originellen Inhalter a kreativen Iddien.

Opmaacherbild: © Patrick Müller/VDL

Ähnlech Sujeten Casino Lëtzebuerg, Film Fund Luxembourg, Filmfong, Luxembourg City Film Festival 2019, Virtual Reality
Nächsten Artikel Virrechten Artikel