Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wou ass de Goss?
https://moien.lu/online-dating-lame/

Wou ass de Goss?

Enn Januar huet déi national Gesondheetskeess (CNS) misse feststellen, datt

best alternative dating sites
https://moien.lu/online-dating-lame/

pass dating

Déi Lëtzebuerger Antidopping-Agentur (ALAD) huet um Méindeg d‘Virwërf géint den

USA: Bundesstaat Alabama verbitt de Schwangerschaftsofbroch
https://moien.lu/online-dating-lame/

USA: Bundesstaat Alabama verbitt de Schwangerschaftsofbroch

De Senat vum US-Bundesstaat Alabama huet gëschter dat schäerfsten Ofdreiwungsgesetz

Viru 40 Joer: wat et aus der Rock-Geschicht ze ziele gëtt

Viru 40 Joer: wat et aus der Rock-Geschicht ze ziele gëtt

1978 war en zimlecht gutt Joer, zumindest fir all déi wou e Plackespiller besiess hunn. Den „Handy“ war wäit dervun aktuell ze sinn, a vu „Streaming“ war nach net emol am Usaz rieds.

No engem klengen Tour duerch d‘Regal am Keller, hunn ech dann och déi schwaarz Scheiwe fonnt, déi deemools „incontournabel“ waren. Se waren op all JIV-Party (Escher Jugendinteresseveräin) mat derbäi, an eng „Disco“ an der Maison du Peuple zu Esch wier ouni dës Meeschterwierker ondenkbar gewiescht.

Dës Musek ass allerdéngs och am „Blow Up“ um Lampertsbierg gelaf, a grad esou gären am „Marabout“ zu Feelen. Jee, am ganze Land wou sech déi jonk tëscht 15 an 21 getraff hunn, déi ganz Nuecht duerchdanzt gouf an d‘Parka och emol als Schlofsak benotzt ginn ass, waren se mat vun der Partie.

Sweet: Level Headed

Wien erënnert sech net (ausser deene Jonken) un „Love is like Oxygen“ vu Sweet? Et war den Top Hit op hirem sechsten an leschten Album an der klassescher Formatioun, mam Sänger Brian Connolly. Erschéngen am Januar 1978, a verschidde Versioune fir: Europa, USA/Kanada a Japan. Plus eng limitéiert Versioun mat véier extra Lidder. Datt een Sweet deemools als Neo-Progressive Rock bezeechent huet, dat hunn ech dann och emol missen noliesen.

Joer

Van Halen: VH

Wéi verréckt muss de sinn, wann‘s de op dengem Debutalbum beschléiss datt dat zweet Lidd en eenzege Gittar-Solo ass? Mee esou verréckt wéi et sech unhéiert war dann awer net, well wéi d‘Bridder Van Halen den 10. Januar hir Plack op de Maart bruecht hunn, haten och si sech net erwaart, datt dësen Album sech 10 Millioune mol géif verkafen. Et ass iwwregen haut nach eng vu menge Liiblingsplacken…

Joer

Patti Smith Group: Easter

„Easter“ war den drëtten Album vum Grupp an ass den 3. Mäerz 1978 op de Maart komm. Et ass mat Ofstand „deen“ Album mat deem de Grupp säi gréisste kommerziellen Erfolleg erzielt huet. Dat hat eng richteg gutt Ursaach. Op dësem Album war de Megahit „Because the Night“ enthalen, deen et spéider och al s Single-Auskoppelung ginn huet. E Lidd dat d‘Patti Smith zesumme mam – a mat kengem anere wéi – dem Bruce Springsteen geschriwwen hat.

Joer

Genesis: …And Then There Were Three…

De néngten Album vu Genesis ass de 7. Abrëll an de Plackebuttek komm a huet sech rapid ënnert de Leit verbreet. Den Titel vum Album, bezitt sech allerdéngs manner op den Inhalt, wéi op de Fait, datt bei dësem Album, nom Depart vum Gittarist Steve Hacket, Genesis nach just aus dräi Membere bestanen huet: Phil Collins, Tony Banks a Mike Rutherford. Et war dann awer och den éischten Album, dee sech der neier musikalescher Ausriichtung ugeholl hat.

Joer

AC/DC: Powerage

„Powerage“ war de véierten Album vun der australescher Hard-Rock Band. Déi éischt déi sech den Album konnte kafen, waren d‘Briten. A Groussbritannien ass Powerage de 5. Mee op de Maart komm. (An Australien erstaunlecherweis eréischt de 19. Juni). An et waren nach jonk Kadetten, den Angus Young hat grad emol 23 Joer an fir de Bassist Cliff Williams war et eng Première. Powerage ass dann och net nëmme fir d‘Membere vun der Band de „Liiblingsalbum“, mee och fir e sëlleche Fans uechtert d‘Welt.

Joer

Boston: Don‘t Look Back

Der amerikanescher Rock-Band Boston hiren zweeten Album sollt eigentlech „Arrival“ heeschen, mee Abba hat schonn en Album mat dësem Titel verëffentlecht an wann et dem Songwriter Tom Scholz no gaange wier, hätt ee sech nach eppes Zäit gelooss iert en op de Maart komm ass. Epic (dat ass de Label) huet et anescht gesinn, an de „Release“ war den 2. August. Et sollt deen erfollegräichste vun der Band ginn: bannent engem Mount si 4 Milliounen Albe verkaf ginn, a well et esou schéin ass, huet deen Album och nach 7 mol Platin.

Joer

Dire Straits: „Dire Straits“

Wéi de 7. Oktober 1978 den Debutalbum vun Dire Straits d‘Liicht vun dëser Welt erbléckt huet, huet eng nei Ära ugefaangen. Wien dësen Album doheem hat, huet en och oft gelauschtert. En Album deen den Afloss vum J.J.Cale an dem Bob Dylan net ka verheemlechen a ganz verdéngt en Erfolleg war. Eleganz a Finesse zeechnen dësen Album a voller längt aus. D‘Single vum Album „Sultans of Swing“ ass iwwregens haut och nach ëmmer „aktuell“ an d‘Band an der „Rock‘n Roll Hall of Fame“.

Joer

The Police: Outlandos d‘Amour

An och dat ass en Debutalbum: erauskomm den 2. November, mat Musek vir 38 Minutten, enthält dës Scheif onvergiessen Hits wéi „Roxanne“, „Can‘t stand losing you“ oder „So lonely“. De Clou ass awer d‘Mëschung vun de Genren. Vu Punk-Rock, Reggae-Dub bis zu Jazz-Pop, et ass villes ze entdecke ginn. Déi spezialiséiert Press vun „deemools“ ass net zaart mam Album ëmgaangen, an sollt op der ganzer Linn versoen, zum Gléck, wéi een haut weess.

Joer

Ähnlech Sujeten AC DC, Boston, Dire Straits, Genesis, Patti Smith, Sweet, The Police, Van Halen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel