Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL: Den Dialog mam neie portugiseschen Ambassadeur
Stories

OGBL: Den Dialog mam neie portugiseschen Ambassadeur

D’Delegatioun vum OGBL, bestoend aus dem President André Roeltgen, dem

Mësshandlung vun Handicapéierten – De Bam dierf de Bësch net verstoppen
Stories

Mësshandlung vun Handicapéierten – De Bam dierf de Bësch net verstoppen

Wéi den OGBL matdeelt, bemängele Famille vu Residenten vum Blannenheem

E Kollektivvertrag fir d‘Luxtram S.A. (kommentéiert)
Stories

E Kollektivvertrag fir d‘Luxtram S.A. (kommentéiert)

No 3 Joer hunn sech déi Damen an Hären déi

Viru 50 Joer: De Krich vu sechs Deeg

Viru 50 Joer: De Krich vu sechs Deeg

No engem Joerzéngt vu relativem Fridden am Noen-Osten huet et am Fréijoer verstäerkt Ugrëff op Israel ginn. Dës si vun de Grenze mat Jordanien an Egypten ausgaangen an et si geziilt Bommen op d’Dierfer am Norde vu Galilea geworf ginn. Och militäresch hunn sech d’Nopere virbereet.

Wéi dunn am Mee 1967 Egypte massiv Truppen an d’Sinaï-Wüst verluecht huet an och verlaangt huet, datt sech d’UN-Truppen, déi hei säit 1957 fir Rou gesuergt hunn, sollten zréckzéien, hunn d’Lompen ugefaange mat sténken. Mat der uschléissender Blockade vun Tiran an dem militäreschen Ofkomme mat Jordanien, stoung Israel mam Réck zur Wand géintiwwer arabeschen Truppen op alle Fronten.

Nodeems Egypten all d’Accorde vun 1956 gebrach hat, huet Israel vu sengem Recht op Verteidegung gebrauch gemaach. Esou huet et eng preventiv  Attack géint d’egyptesch Arméi am Süden, gefollegt vun engem Ugrëff op déi jordanesch Aggressioun am Osten an de Rausschmëss aus de Golanhéichte vun de syreschen Truppen am Norden, ginn.

De Krich am Iwwerbléck

De 5. Juni huet déi israelesch Aviatioun mat der Gonscht vun der Iwwerraschung an e puer Stonnen eng ronn 300 egyptesch, 50 syresch an 20 jordanesch Fliger, zum gréissten Deel nach um Buedem, zerstéiert. Direkt duerno ass d’Invasioun vun der Hallefinsel Sinaï, dem Gazasträifen, Cisjordanien (haut als Westbank bekannt) an de Golanhéichten ugelaf. Ouni de Schutz vun hirer Aviatioun sinn déi arabesch Truppen op alle Fronte gestoppt ginn.

Um 7.45 Auer ass et lass gaangen an e puer Minutte méi spéit waren 197 egyptesch Fliger an eelef Fluchhäfen zerstéiert. Weider sechs Fluchhäfen an aacht Radarstatioune sollten um Réckwee d’Affer vun der israelescher Aviatioun ginn. Um 9.30 Auer huet eng zweet Well nach emol 107 Fliger um Buedem zerbombt. Nach de selwechten Dag, um 8.15 Auer hunn déi gepanzert Divisiounen sech op de Wee Richtung Osten an d’Direktioun vum Sinaï gemaach. Si betriede Rafah (am Süde vun der Gazasträif) an fuere weider op El-Arish duer (Norde vun der Hallefinsel Sinaï).

Israel steet op senger Ostfront 60.000 jordanesch Zaldoten an 300 Panzer, déi vun der irakescher Arméi ënnerstëtzt ginn, géint sech stoen. Um 9.45 Auer schéisst déi jordanesch Artillerie op den Oste vu Jerusalem an trëfft hei d’Wunngebidder. Och déi israelesch Dierfer laanscht d’Grenz sinn d’Zil vun de Bommen. Am spéiden Nomëtteg erueweren déi jordanesch Truppen Amon Hanatziv, dat vun der UNO als Basis genotzt ginn ass. Den expeditionnäre Corps vun der irakescher Arméi hate vu Jordanien d’Erlaabnes kritt sech a Cisjordanien laanscht der Grenz zu Israel opzestellen.

 

Zaldote vun Tsahal, kuerz virum anhuele vun der Mauer zu Jerusalem (© Madel Baum)

Kommunikatiounsproblemer

Eng Stonn méi spéit huet den israelesche Premierminister Levi Eshkol dem Kinnek vu Jordanien, iwwert de Kommandant vun der UNTSO (Trupp vun der UNO déi als Observateur a Cisjordanien stationéiert war) eng Noriicht zougestallt. Domadder huet Israel Jordanien d’Méiglechkeet ginn sech aus dem Konflikt zeréckzezéien. De Kinnek Hussein, dee vun den Egypter falsch informéiert war, wëll déi hir Perten net zougëtt a sech bretzt, d’israelesch Arméi ze schloen, schléit d’Offer of.

Nodeems Jordanien sech also entscheet huet weider ze maachen a seng Artillerie ermontert, seng Ugrëff ze verstäerken, gëtt et kee Wee méi zréck. Déi jiddesch Quartiere vu Jerusalem, mee och Tel-Aviv a Viruerter vun Netanya a Kfar Saba, gi massiv vun de jordaneschen an irakesche Bomme getraff. Um 12.45 Auer gräift Israel Jordanien un. Déi jordanesch, syresch an irakesch Fluchhäfe gi bombardéiert. Dobäi ginn alles an allem 90 Fliger nach um Buedem zerstéiert.

De 6. Juni ganz fréi moies, no intensive Schluechte kann d’Brigade vun de Parachutisten den Hiwwel mat der Munitioun vun de Jordanier anhuelen. Domadder ass D’Schluecht ëm Jerusalem esou gutt wéi entscheet. Am laf vum Dag erueweren déi israelesch Truppen d’Ëmgéigend vun der aler Stad. Heibäi verzichten se op den Asaz vu Panzer a kommen nëmme lues virun. Trotz allem besetzen se schnell d’Dierfer vu Latroun, Nevei Samul a Beit Ichsah a belageren Ost-Jerusalem. No 24 Stonnen hält de jordanesche Bombardement op an d’Awunner vu Jerusalem kommen nees aus de Schutzbunker eraus.

 

Israelesch Panzer dréngen déif an de Sinaï an (© IDF/archives)

„Erfollegräich Resistenz“

Am Süde betrëtt d’Arméi Gaza. A Cisjordanien gëtt Qalqiliya ouni ee Schoss ageholl. Den israeleschen Ausseminister Abba Edan wennt sech un den UN-Sécherheetsrot: „Ech si grad vu Jerusalem komm fir iech matzedeelen, datt Israel duerch säin Effort an Asazbereetschaft vun enger geféierlecher Lag an eng erfollegräich Resistenz iwwergetrueden ass.“

Am laf vum Moien de 7. Juni ass Tsahal en Duerchbroch an der Alstad vu Jerusalem gelongen. D’Parachutisten erreechen d’Ost-Mauer (Kotel) där hien Zougang de Judden 19 Joer verspaart war. Ee Moment dee vill Emotioune fräi gesat huet an de Chef-Rabbiner vun der Arméi, den Schlomo Goran, zelebréiert nach dee selwechten Owend d’Owesgebiet mat den Zaldoten. Si gi schnell vum Premierminister Levi Eshkol, dem Arméiminister Moshe Dayan an dem Chef vum Etat-Major Yitzak Rabin ageholl. D’Birgade Nachal an d’Sängerin Noemi Shemer féieren dës éicht Vitcoire mam Gesang vu „Gëlle Jerusalem“.

De selwechten Dag um 14.00 Auer gräift déi israelesch Aviatioun déi jordanesch Truppe westlech vu Nablus un. Duerno iwwerhëlt Tsahal d’Kontroll vu Ramallah, Jericho a Betlehem. Déi jordanesch Zaldote sinn demoraliséiert. An der Nuecht iwwerleet sech de Libanon an de Konflikt anzegräifen. De Chef vun der Arméi, Rashid Karami, kann am leschte Moment säi Premierminister iwwerzeegen d’Fangeren dervun ze loossen, vu dat se just iwwert 12.000 Mann stäerkt verfügen.

 

De Moshe Dayan, säi Meedche Yael, den Ariel Sharon an d’Generäl um Suezkanal während dem Krich (© Gilles Caron/Fondatioun Gilles Caron)

De Wee bei de Waffestëllstand

De Suez-Kanal gëtt den 8. Juni erreecht an all Weeër, déi am Sinaï Richtung Israel ginn, sinn an de Hänn vun Tsahal. Iwwert dem Fortlafe setzen déi egyptesch Zaldoten nach d’Pëtrolsquelle vu Ras Sudar a Brand. Um 21.30 Auer akzeptéieren d’Egypter ee Waffestëllstand am Sinaï. Hei huet Tsahal an zwee Deeg 600 Panzer zerstéiert an der 100 gekapert. 10.000 egyptesch Zaldote sinn doud an 3.000 Prisonéier. Bei den Israelie sinn 270 Zaldoten ëm d’Liewe komm, ronn 800 goufe blesséiert an eng 80 Panzer si beschiedegt ginn. De Norde vun der Gazasträif ass och eruewert ginn.

Op der syrescher Front hunn sech eng 50.000 Zaldote verschanzt. Den Arméiminister Moshe Dayan war géint eng Attack, wëll hien och eng Amëschung vun de Russe gefaart huet. De 9. Juni awer, déi israelesch Aviatioun war zréck vun aner Asätz, hu se déi syresch Positiounen op de Golanhéichten ugegraff. Israel schéckt och seng Infanterie mee Syrien äntwert mat schwéierer Artillerie. Tsahal bréngt Verstäerkung an huet trotz Verloschter schnell d’Iwwerhand. Déi israelesch Zaldote kontrolléieren d’Positioune laanscht d’Mier vu Galilea (de Sei vun Tiberiade) bis zur Bréck vum „Jakob sénge Meedercher“ grad ewéi d’Golanhéichten.

Den 10. Juni, no sechs Deeg bewaffenter Ausenanersetzung ersetzen nei Waffestëllstand-Linnen déi al. Judea, Samarien, d’Hallefinsel vu Sinaï, d’Gazasträif an d’Golanhéichte sinn ënner israelescher Kontroll. D’Dierfer am Norde sinn befreit vun 19 Joer Bedreeung duerch Syrien. De Waffestëllstand gëtt offiziell um 18.30 Auer erkläert.

mat Indymedia Israel

Fotoen: Indymedia

Update 12.15 Auer: Divers Feeler korrigéiert /SW

Ähnlech Sujeten Israel, Krich vu sechs Deeg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel