Search

You may also like

D’Plattform MyGuichet iwwerzeegt am internationale Concours!
International Neiegkeeten

D’Plattform MyGuichet iwwerzeegt am internationale Concours!

D’Plattform MyGuichet ass um vergaangenen Dënschdeg zu Bukarest a Rumänien

BENU Village – ee Beitrag zur Kreeslafwirtschaft
International Neiegkeeten

BENU Village – ee Beitrag zur Kreeslafwirtschaft

Am spéide Mëtteg hat den Direkter vum BENU Village, de

Actioun Lëtzebuergesch: Avis vun der Venedeg-Kommissioun
International Neiegkeeten

Actioun Lëtzebuergesch: Avis vun der Venedeg-Kommissioun

No dem Avis vun der Venedeg-Kommissioun (Europarot) vum 18. Mäerz

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid

Zu Madrid fënnt ee Méindeg d‘COP25, d‘UN-Weltklimakonferenz, statt. Grond genuch nach emol d‘Weltjugend – an all déi deenen hir Zukunft um Häerz läit – ze mobiliséieren a fir de Klimaschutz ze demonstréieren. An 158 Länner gouf den Appell gehéiert. Zu Melbourne war den Optakt an och zu Berlin goufen eng 60.000 Leit bei der Demo gezielt.

Madrid

An honnerte Stied op der Welt sinn d‘Leit a besonnesch d‘Jugend nees fir méi Klimaschutz op d‘Strooss gaangen. Fir dëse véierte globalen Aktiounsdag haten sech d‘Organisateure vill virgeholl, Kundgebungen huet an iwwer 150 Länner ginn. Gefuerdert gëtt en „Neistart“ an der Klimapolitik. Wat derzäit u Moossname virgeluecht ginn, géif net am Usaz duer goen d‘Ziler ze erreechen.

MadridEt wier 5 op 12 an et kéint net méi esou viru goen. D‘Jugend geet op d‘Barrikade well si och eng Zukunft wëll. Gefuerdert gëtt d‘Politik, där déi Jonk Ontätegkeet virwërft. An esou ass et keen Zoufall, datt d‘Demonstratioun um leschte Freideg virun de Klimakonferenz organiséiert gouf. Grouss Ënnerstëtzung huet d‘Jugend bei de Wëssenschaftler, déi mëttlerweil mat demonstréieren.

mat indymedia

Foto: Eleng an Däitschland hu 630.000 Mënsche fir de Klima gestreikt. © Grüne Jugend (via Twitter)

Related topics COP25, Fridays for Future, Klimanoutstand, UN-Weltklimakonferenz, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post